Camp Butner
Ausgesinn
De Camp Butner ass haut en Trainingszenter vun der Nationalgarde vun North Carolina (North Carolina Army National Guard).
Am Zweete Weltkrich war et e Camp vun der Amerikanescher Arméi, dat zum Deel als Krichsgefaangelager fir däitsch an italieenesch Zaldote benotzt gouf. Am Camp Butner waren awer och lëtzebuergesch Zwangsrekrutéiert internéiert, déi a Gefaangenschaft geroden oder aus der Wehrmacht desertéiert waren, ënnert hinnen och de Charles Waringo[1].
De Camp dréit den Numm vum U.S. Army Generol Henry W. Butner (1875-1937).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Camp Butner – Biller, Videoen oder Audiodateien |