Wikipedia:De Staminee
|
De Staminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwert de Projet ze renseignéieren. Regelen
Fir datt de Staminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:
Kuckt och [änneren]
Moien, Leider geet et bei mir net fir den 23 Februar mat Iessen ze goen. -- Johnny Chicago (Diskussioun) 00:44, 31. Jan. 2013 (UTC) |
WIKIPEDIA-Meeting vum 23. Februar 2013 um Juegdschlass [änneren]
Wat diskutéiert a wat zréckbehale gouf [änneren]
1. GROUSS THEMEN
- a. Eenzel grouss Projeten un deenen e puer oder méi Usere kënnen/sollen zesummeschaffen.
Resultat: Eng Lëscht vu Sujete soll/kann um Staminee proposéiert ginn, vu wou aus et da weider geet.
- b. Wichteg Sujete mat Lacunen
Uertschaften, Häff a Lieu-diten: hunn nach net alleguer eng Säit, anerer hunn eréischt ganz wéineg Infoen.
Resultat: Jiddereen ass ugesprach beim Kompleetéieren ze hëllefen.
- c. Hëllefsäite méi iwwersiichtlech maachen a matenee verbannen.
Resultat:: Konkret Virschléi/Hiweiser um Staminee maachen. De Robby ass bereet sech da weider drëm ze këmmeren.
2. SCHREIFKONVENTIOUNEN
- a. Soll d'Kadasterlëscht um Spaweck d'Referenz fir Nimm vun den Uertschaften, Häff a Lieu-diten op der WP sinn ?
Resultat: d'Kadasterlëscht ass d’Referenz fir d'Lëscht vun Uertschaften asw op der WP, d'Schreifweis gëtt net vun do iwwerholl.
- b. Iwwerschrëfte vun de Linken, entweder
- ==Linken== ===Kuckt och=== ===Um Spaweck===
- ODER
- ==Kuckt och== ==Um Spaweck==
Resultat: D'Iwwerschrëft ==Linken== ass net néideg. Déi zweet Alternativ gouf zréckbehalen. De Les Meloures an de Robby këmmeren sech drëm fir mat Hëllef vum Programm AWB d'Ännerunge systematesch ze maachen.
3. SCHREIFKONVENTIOUNEN: Allgemenges
- a. Nei lëtzebuergesch Wierder: z.B. Waasserung, Weltraumbegriefnes
Resultat: Et ass am Prinzip net un der WP fir nei Wierder z’erfannen.
4. BILLER
- a. Billerlizenzen: Reegel an Ausnamen
Resultat: Am Prinzip ginn op der lb-WP wéi op allen anere WikiMedia-Projeten nëmme Biller mat ennger sougenannter fräier Lizenz ackzeptéiert. Biller mat net fräie Lizenze gi geläscht.
Sougenannte fräi Lizenze sinn: PD (Public Domain), CC by SA (Creative Commons by Share Alike), GFDL (net méi erwënscht).
CC by NC (Non Commercial) an ND (Non Derivative) ginn net ackzeptéiert.
Ausnam: Fair Use op der Lb-WP fir Biller a klenger Opléisung déi just derzou déngen ee bestëmmteb Artikel z’illustréieren a fir déi et kee fräit Bild gëtt, z.B. Logoen, Affiche vu Filmer, asw.
- b. Biller direkt op Commons eroplueden als Standard?
Resultat: Et gëtt recommandéiert d'Biller direkt op Commons eropzelueden. Et bleift awer weider méiglech s'op d'lb-WP eropzelueden. E Bot luet se duerno op Commons.
- c. A watfier enge Länner gëtt et Panoramafräiheet (FOP, Freedom of Panorama)?
Resultat: Cf d'Lännerlëscht op Commons:FOP. Zu Lëtzebuerg gëtt et kee FOP.
5. WIKI LOVES MONUMENTS 2013
- a. Kontakter mat ëffentlechen Instanzen, z.B. dem Service des sites et monuments nationaux.
Resultat: Eng Kontaktopnam mat der Direktioun vum SSMN ass geplangt.
- b. Partenariat Medien.
Decisioun: d'Organisatioun vun enger Pressekonferenz ass envisagéiert.
6. 2014 : 10 JOER LB-WIKIPEDIA
- a. Opruff un de Public: Billerkëschten opmaachen a Biller eroplueden.
Resultat: Dës Propos gëtt net zréckbehalen, wéinst Problemer mat de Lizenzen, ë.a.
- b. Partenariat mam Centre national de l‘audiovisuel.
Resultat: Eng Kontaktopnam ass geplangt.
7. WIKIMEDIA-CHAPTER BELSCH-LËTZEBUERG: Matmaachen oder net? Resultat: Eng Participatioun ass net geplangt.
8. REFERENZEN AN DEN ARTIKELEN Resultat: :a. D'Noutwendegkeete vun de Referenze gëtt (nees eng Kéier) ënnerstrach.
- b. Wou sollen d'Referenze stoen: direkt ënner dem Text oder ganz ënnen (ënner 'Kuckt och' an 'Um Spaweck'?
Resultat: D'Majoritéit schwäetzt sech fir 'ganz ënnen' op der Säit aus.
9. PROJET WIKIDATA VU WIKIMEDIA Resultat: Ofwaarde wéi de Projet sech entwéckelt. Abannen op der lb-WP esou bal et sënnvoll ass.
10. D'Diskussioun iwwer zwéin aner Punkte gouf op eng spéider Réunioun verluegt:
- Relevanzcritèren; Ëmgang mat der 'Category: Luxembourg' op Commons.
Cleanup in images [änneren]
Hi everyone!
I and other users have for some time been cleaning up in images on lbwiki. The plan is that all images should be checked. All free files should be copied to Commons and deleted localy and all non-free files should be checked to see if they follow Wikipedia:EDP. According to Spezial:Statistik lbwiki have 3,155 uploaded files so it is not a task that can be done in a few hours.
One thing that makes the task hard is that many files are edited versions of files uploaded by other users either here or on other wiki projects and in many cases without a link to the original location.
Some time ago I copied about 500 images to Commons to speed up the process. I hoped that users on Commons would help find the original file. At the moment there are 435 files in Commons:Category:Files moved from lb.wikipedia to Commons requiring review.
If anyone have a few minutes it would be a big help if you could pick a few images and look for the original (try google image search for example) and add a link on the file page. --MGA73 (Diskussioun) 18:52, 19. Abr. 2013 (UTC)
- I've added the original file Cornischon used for File:Grousse_Bamleefer_mam_Kapp_no_vir.jpg on the page commons:File:Grousse_Bamleefer_mam_Kapp_no_vir.jpg. But now I would like to know whether this is the way you expect the information to be put on Commons?
- on the other hand I've suggested Commons:File:Grousse Bamleefer.jpg for delettion due to the fact that according to my findings it is a simnple copy of commons:File:Sitta europaea wildlife 2 1.jpg indeed it could be that Cornischong made some optimisation on the picture but from my point of view investigating this is to time-consuming I limit myself on comparing the pixelsize of the picture and if they are the same I suggest the copy from Cornischon for deletion on coommons. --Robby (Diskussioun) 16:30, 20. Abr. 2013 (UTC)
-
- First question: Yes that looks good. Only suggestion is to mention the original author in the "Author field".
- Second "question": If there are no visible improvements to a picture then I think we can delete (once the file is orphaned). --MGA73 (Diskussioun) 08:36, 22. Abr. 2013 (UTC)
-
-
- Hi, thanks to MGA73 for his help! I also had a look at this with the idea in mind to get most sorted out in "a few minutes". As Robby, I discovered that the big majority are pictures which are cropped/retouched from other ones, with, at best, indications such as "from Swedish Wikipedia". This means one would have to a) search for the original picture via Google images, copy-paste b) Name, c) source, d) URL, e) licence (sometimes an 'odd one'), f) add template(s) for retouched and/or template for cropped version(s), g) search for category, etc. for each and every one of them. As the Commons community is substantively bigger than the lb-Wiki one, I tend to currently concentrate my cleansing efforts (with (very) moderate enthusiasm anyway) to lb-Wiki first, where there also are still hundreds of pics to check... --Zinneke (Diskussioun) 08:57, 22. Abr. 2013 (UTC)
-
-
-
-
- The most important is to find the original and add a link. Once that is done then other users can help improve the layout and add the relevant templates etc.
- If it is not possible to find the original image then we may have to delete both the version on Commons and the one on lb-wiki.
- Any help is welcome. Either on lb-wiki or on Commons. We also have categories like Kategorie:Articles with unfree files that needs to be replaced for those who like to take photos. And there are probably other good places to help. --MGA73 (Diskussioun) 15:53, 22. Abr. 2013 (UTC)
-
-
- Yay! Today the number have dropped to 350 files so almost 100 files are fixed. Lets celebrate with a cookie :-) --MGA73 (Diskussioun) 13:57, 24. Abr. 2013 (UTC)
- And today we dropped below 300 :-) --MGA73 (Diskussioun) 21:11, 9. Mee 2013 (UTC)
Ofstëmmen iwwer d'Aschalte vun der 'Buch Fonctioun' (Extension:Collection) op der lb-Wikipedia [änneren]
Bonjour alleguer,
Schonn zënter e puer Joer ass ëmmer nees d'Fro gestallt ginn ob et net méiglech wier d'Erweiderung fir Bicher op der lb-Wikipedia zesummenzestellen anzeschalten. Leider ass et eis bis elo net gelong eraus ze fannen wéi a wou esou Ufroen gemaach musse ginn. No villem Sichen hunn ech dann eraus fonnt datt dat iwwer d'Opmaache vun engem Bug um Bugzilla vu MediaWiki méiglech ass. Ech hunn dann och ënnert dem Titel Enable Collection on lbwiki dat gemaach a krut dorophinn déi genee Prozedur fir Fonctiounen op der lb-Wikipedia z'aktivéiere mat gedeelt. Fir méi Detailer dozou kuckt direkt op meta:Requesting wiki configuration changes.
Sou wéi et aus der Prozedur ervirgeet muss elo hei op der lb-Wikipedi ofgestëmmt ginn ob d'Benotzer domat d'accord sinn. Ech schloen also vir datt all lb-Wikipedia Mataarbechter mat engem Benotzerkont an d'Lëscht hei drënner androen ob si dofir
Pro oder dogéint
Contra si fir dës Fonctioun op der lb-Wikipedia aschalten ze loossen.
Dës Ofstëmmung loosse mir eng Woch laang lafen, dat misst dann de meeschte regelméissege Mataarbechter d'Geleeënheet ginn hir Meenung dozou auszedrécken. Robby (Diskussioun) 21:15, 22. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Merci Robby, fir deng Beméiungen. Eng fei Saach datdo, wann et klappt! --Zinneke (Diskussioun) 21:20, 22. Abr. 2013 (UTC)
Pro - och ech sinn dofir Robby (Diskussioun) 21:22, 22. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Awer sécher.
- Vläit kann een iwwer esou e "bug" Mediawiki och dozou bréngen datt Annotatiounen op Biller, déi op Commons gemaacht goufen och bei eis gewise ginn. --Jwh (Diskussioun) 21:37, 22. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Nodeems ech déi Fonctioun op der däitscher WP emol ausprobéiert hunn, fannen ech et och eng flott Saach. --MMFE (Diskussioun) 12:20, 23. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Kann ni schueden. --Les Meloures (Diskussioun) 13:44, 23. Abr. 2013 (UTC)
Neutral/Partiell derfir - Wann ech richteg verstanen hunn, da kann ee sech domat strukturéiert Linklëschte vun intressanten Artikelen zouleeën, an déi Artikele kann ee sech als PDF eroflueden oder als Buch erausdrécken an zouschécke loossen (cf. Beispill op Youtube). Ech weess elo net wierklech wat dat praktesch brénge soll, mee wann och nëmmen een hei et notze wëll, da sinn ech sécher net dergéint. --Otets ♣ 13:10, 23. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Da kréie mer vläicht och méi Lëtzebuergesch Bicher, bzw. kann een sech e längeren Artikel als pdf mol mathuelen oder verdeelen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 15:28, 23. Abr. 2013 (UTC)
Pro Kann net schueden. --Cayambe (Diskussioun) 17:18, 23. Abr. 2013 (UTC)
Pro - Ech sinn och dofir a soen dem Robby Merci fir seng Beméiungen. --Christian Ries (Diskussioun) 06:25, 24. Abr. 2013 (UTC)
Resultat [änneren]
8 mol
Pro an 1 mol
neutral a keen
Contra domat steet jo da fest dat d'Communautéit vun der lb-Wikipedia dofir ass fir déi Fonctioun bei eis unzefroen.
- Ech droen dat dann och esou an deen entspriechende Bug an. --Robby (Diskussioun) 14:05, 1. Mee 2013 (UTC)
Et geet! [änneren]
Ech hu grad gesinn, datt d'Fonktioun bäigesat ass, an et geet och, sech e Buch als PDF-Datei ze maachen (Eng gebonne Versioun hunn ech nach net probéiert). --Zinneke (Diskussioun) 19:02, 14. Mee 2013 (UTC)
Request for comment on inactive administrators [änneren]
- Bitte um Stellungnahme zu inaktiven Administratoren
(Bitte übersetze diese Nachricht für Deine Mit-Wikimedianer. Bitte übersetze auch diesen Entwurf.)
Read this message in English / Lleer esti mensaxe n'asturianu / বাংলায় এই বার্তাটি পড়ুন / Llegiu aquest missatge en català / Læs denne besked på dansk / Lies diese Nachricht auf Deutsch / Leś cal mesag' chè in Emiliàn / Leer este mensaje en español / Lue tämä viesti suomeksi / Lire ce message en français / Ler esta mensaxe en galego / हिन्दी / Pročitajte ovu poruku na hrvatskom / Baca pesan ini dalam Bahasa Indonesia / Leggi questo messaggio in italiano / ಈ ಸಂದೇಶವನ್ನು ಕನ್ನಡದಲ್ಲಿ ಓದಿ / Aqra dan il-messaġġ bil-Malti / norsk (bokmål) / Lees dit bericht in het Nederlands / Przeczytaj tę wiadomość po polsku / Citiți acest mesaj în română / Прочитать это сообщение на русском / Farriintaan ku aqri Af-Soomaali / Pročitaj ovu poruku na srpskom (Прочитај ову поруку на српском) / อ่านข้อความนี้ในภาษาไทย / Прочитати це повідомлення українською мовою / Đọc thông báo bằng tiếng Việt / 使用中文阅读本信息。
Hallo!
Es gibt eine neue Bitte um Stellungsnahme auf Meta-Wiki zur Entziehung administrativer Rechte von zu lange inaktiven Wikimedianern. Üblicherweise würde dieser von den Stewards stammende Entwurf in den Wikis gültig werden, ohne dass Administratoren es bestätigen müssten.
Wir stellen auf der Diskussionsseite der Bitte um Stellungsnahme eine Liste der Projekte mit Prozessen für den Rechteentzug für Accounts inaktiver Administratoren zusammen. Bitte füge Deine Projekte der Liste hinzu, wenn es dort eine Richtlinie zu inaktiven Administratoren gibt.
Jegliche Kommentare sind erwünscht. Diese Diskussion wird wahrscheinlich am 21.05.2013 geschlossen werden, aber kann bei Bedarf auch verlängert werden.
Vielen Dank Billinghurst (thanks to all the translators!) 04:58, 24. Abr. 2013 (UTC) Verschickt durch Global message delivery (Falsche Seite? Hier beheben.)
- Esou wéi ech d'Saach verstinn, wëllen d'Stewarden an Zukunft deenen Adminen (a Bürokraten, etc.) hir Rechter ewechhuelen, déi ganzer 2 Joer ouni een eenzegen Edit bliwwe sinn, an déi dowéinst wuel effektiv als inaktiv gezielt kënne ginn. Ier d'Rechter awer hopps sinn, schéckt de Steward dem betraffenen Admin nach als éischt e Message, op d'mannst op senger Diskussiounssäit, eventuell och per Email (doriwwer diskutéiere se momentan nach). Wann da keng Reaktioun kënnt, da proposéiert de Steward um Staminee fir d'Rechter ewechzehuelen, an d'Communautéit kann (wa se dat da mengt) dem Steward säi Veto matdeelen. Et kéint een awer och eng eege Prozedur op d'Been setze wa mer en Arbitteschcomité asetzen, mee ech mengen dat lount sech net, dat wat si do virschloe schéngt mer eng net all ze vill strikt Prozedur ze sinn. Wat mengen déi aner? --Otets ♣ 09:25, 26. Abr. 2013 (UTC)
-
Pro Eng verstänneg Initiativ; ka vu mär aus gären ëmgesat ginn. --Zinneke (Diskussioun) 09:12, 13. Mee 2013 (UTC)
-
Pro Dat mécht Sënn. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 12:30, 13. Mee 2013 (UTC)
Pro och derfir. --Cayambe (Diskussioun) 12:37, 13. Mee 2013 (UTC)
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 14:15, 13. Mee 2013 (UTC)
Pro Ech setze mäi gringe Krop da logescherweis och. --Otets ♣ 12:07, 15. Mee 2013 (UTC)
Kategorie:Stroossen an der Stad Lëtzebuerg [änneren]
Gudden Owend,
Fir d'éischt emol weess ech net, ob meng Fro heihinner gehéiert oder net...
Ech wollt an der genannter Kategorie verschidde Stroossen mat typesche Lëtzebuerger Nimm derbäi setzen. Ass et elo ubruecht fir all Kéier "(Stad Lëtzebuerg)" hannendrunn ze schreiwen, z.B. "Breedewee (Stad Lëtzebuerg)" oder nëmmen "Breedewee"?
Am Fall wou Stroossen mat hirem offiziellen (franséischen) Numm derbäi kommen, ginn déi all bei "Rue" klasséiert oder bei de Buschtaf vum Numm? (Rue Aldringen" oder "Aldringen, rue")?
Merci fir Äre Feedback an entschëllegt mech, wann dës net déi richteg Plaz fir meng Froen ass.
--GilPe (Diskussioun) 19:20, 2. Mee 2013 (UTC)
-
- Moien am Fall wou et méi Breedeweeër gëtt muss scho (Stad Lëtzebuerg) oder déi aner Uertschaft derbäigesat ginn, fir onnëtz Arbecht mat Réckelen ze spueren. Eventuell eng Homonymie uleeën an där déi aner opgezielt ginn wéi bei Rue des Glacis z. B.
- Klasséiert gëtt nom Numm mat Rue virdrun fir datt déi mam franséischen Numm all beieneestoe kommen. Deemno Rue Fossé oder Rue Glacis. Keen de oder des oder du mat dran, dat gehäit den Tri op d'Kopp --Les Meloures (Diskussioun) 19:31, 2. Mee 2013 (UTC)
- Moien, hei bass de scho richteg fir all méiglech Froen ;-)
- "(Stad Lëtzebuerg)" muss een derbäisetzen, wann den Numm net eendeiteg ass, d.h. et méi wéi eng Strooss gëtt, déi sou heescht ("Breedeweeër" gëtt et z.B. och zu Esch, a vläit och nach soss enzwousch). Idem mat der "Ënneschtgaass", wouvunner et der nach soss am Land gëtt. "Knuedler" z.B. gëtt et do dergéint menges Wëssens soss néierens, dofir muss deen net extra spezifiéiert ginn.
- Rue Aldringen" ass méi logesch ënner "A" wéi ënner "R" ze Kategoriséieren, dofir sollt se och an der Kategorie esou ugi ginn: [[Kategorie:Stroossen zu Lëtzebuerg|Aldringen]]
- --Zinneke (Diskussioun) 19:35, 2. Mee 2013 (UTC)
-
- Ech sinn net där Meenung well mer schonn Duerchernee mat deenen zwou Sproochen an der Kategorie hunn, sollten Rue an d'Avenue als solch als Haaptzortéierschlëssel gesënnert ginn --Les Meloures (Diskussioun) 19:43, 2. Mee 2013 (UTC)
-
-
- Ech halen et éischter mam Zinneke, wat mer och déi Kategoriséirung ze si schéngt déi momentan benotzt gëtt. Also Aldringen (oder éischter Aldrenger) ënner A. Firwat sollte mer och kënschtlesch trennen tëscht Stroossen déi keen apaarte lëtzebuergeschen Numm hunn an deenen aneren, sou datt déi franséisch vun A-Z all ënner R oniwwersiichtlech an een Dëppe gehäit giffe ginn? Bis ewell ongeklärt war nach d'Fro, op bei Stroossen di no Leit benannt goufen de Virnumm oder Familljennumm geholl gëtt, also op no Emile-Reuter oder Jules-Wilhelm gesënnert gëtt, mee de Cayambe schéngt jo kloer fir déi éischtgennannte Variant plädéiert ze hunn (am Themenabschnëtt direkt hei drënner). --Otets ♣ 12:28, 15. Mee 2013 (UTC)
-
Ech hat zum Thema eng Kéier eng Recherche gemaach (déi awer keen Usproch erhieft komplett ze sinn). Sou wäit ech mech entsënnen hat ech mech deemools haaptsächlech op d'Publikatiounen Ons Stad baséiert. Vu datt dat elo zur Sprooch koum kann ech meng Lëscht jo einfach emol verëffentlechen, vläit encouragéiert dat jo deen een oder deen aneren en Artikel unzefänken, oder op d'mannst ass et eng kleng Aktioun géint de Vergiess.
- avenue de la Faïencerie - Laange Roudewee
- avenue de la Gare - al Avenue
- avenue de la liberté - nei Avenue
- Côte d'Eich - Casinosgaass / Eecherbierg
- grand-rue - Groussgaass
- Marché-aux-poissons - Fëschmaart
- Mühlenweg - Millewee
- place d'Armes - Plëss d'Arem
- place de Clairefontaine - Clairefontaine-Plaz
- place Dargent - Eecher Plaz
- place de l'Étoile - Stäreplaz
- place Guillaume II - Knuedler
- place de Paris - Paräisser Plaz
- place du Théâtre - Bäckerei
- plateau du Saint-Esprit - Helleg Geescht Plateau
- rue Aldringen - Aldrenger Strooss
- rue des Aubépines - Laangkeck
- rue des Bains - Biederstrooss
- rue de Bonnevoie - Bouneweger Strooss
- rue de la Boucherie - Fleeschierstrooss
- rue Chimay - Dräikinneksgaass
- rue du Curé - Paschtoueschgaass
- rue du Dernier Sol - um leschte Steiwer
- rue de l'Eau - Niklosgaass / Waassergaass
- rue de l'Égalité - Steekaul
- rue de l'Église - Kierchegässel
- rue du Fort Neipperg - Vullegaass
- rue du Fort Wallis - Wallis Strooss
- rue du Fossé - Gruef
- rue Genistre - Lantergässel
- rue Large - Breedewee
- rue du Marché-aux-Herbes - Krautmaart
- rue des Merciers - Kréimergaass
- rue de Neudorf - Neidierfchen
- rue du Nord - Nordstrooss
- rue Notre-Dame - Ënneschtgaass
- rue Philippe II - Hellepull
- rue de la Porte Neuve - Neipuertsgaass
- rue du Rost - um Rouscht
- rue Saint-Mathieu - Descherwee
- rue Saint-Ulric - Tilleschgaass
- rue Sosthène Weis - Neie Wee
- rue de Trèves - Tréiererstrooss
Stroossen- a Plazennimm: Korrekt franséisch Schreifweis, Bindestréch oder net [änneren]
Cf Diskussioun:Arsenalstrooss. Ech fueren hei mat der Diskussioun weider, well se heihi gehéiert.
Ech plädéieren derfir déi 'richteg' franséisch Schreifweis fir déi franséisch Nimm vun de Stroossen a Plazen ze benotzen. Cf Académie française, Grevisse: le bon usage, Le Robert encyclopédique des noms propres.
Fir d'Nimm vun de Schoulen, asw, hate mir dat jo schonn emol decidéiert, z.B. Lycée Robert-Schuman, Lycée Michel-Rodange, kuckt Secondaireschoulen zu Lëtzebuerg.
Fir d'Stroosse gëtt dat:
Rue Alfred-de-Musset, rue Émile-Reuter, avenue Gaston-Diderich, passage Roger-Manderscheid, rue Philippe-II, rue Saint-Ulric, rue du Marché-aux-Herbes (steet schonn esou hei) asw.
Et stëmmt datt d'Lëtzebuerger sech ganz schwéier domat doen, dat bis an eis Ministèren eran (awer et bessert sech an der Lescht :-). An dat gëlt och fir vill Fransousen.
Awer kuckt emol an der fr-WP: an de Lemmae gebrauchen si esou gutt ewéi ëmmer déi korrekt Schreifweis, mat Bindestréch.
Kuckt w.e.g. besonnesch och op Commons, z.B. an den Ennerkategorie vu Category:Streets in Paris by arrondissement. Beispill: Commons:Category:Rue Félix-Voisin (Paris). Bei villen anere fr. Stied ass et allerdéngs 'nach net verbessert'.
Dann och nach: De Bindestréch mécht, datt d'Strooss/Plaz alphabetesch ënner dem Ufanksbuschtaf vum éischte Wuert klasséiert gëtt (ganz praktesch, kuckt besonnesch déi éischt Strooss hei derhannert): rue Charles-Quint ënner C, rue Gaston-Diderich ënner G, asw. Kuckt och heifir w.e.g. d'Kategorie Streets in Paris op Commons.
Ech proposéieren also datt mer wéi bei de Schoulen an aneren Institutiounen (z.B. Institut grand-ducal) déi fr. Schreifregel ackzeptéieren (dat och fir net an den Arbitraire ze verfalen, z.B. eng Kéier sou an eng Kéier anescht). Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 17:45, 5. Mee 2013 (UTC)
- Moien, double-check: rue Gaston-Diederich soll an der Cat. dann ënner G plazéiert ginn - richteg? --Jwh (Diskussioun) 20:40, 5. Mee 2013 (UTC)
- Wann et e Bindestréch gëtt, ganz kloer jo. Beschte Gréiss, --Cayambe (Diskussioun) 20:53, 5. Mee 2013 (UTC)
Projet Lokalgeschicht op der Uni vun 2012: Evaluatioun [änneren]
D'Conny Reichling, déi de Projet "Lokalgeschicht" op der Uni Lëtzebuerg zejoert matorganiséiert hat (kuckt: Wikipedia:Lokalgeschicht, huet virun e puer Wochen eng Evaluatioun dovunner gemaach, déi hei nozeliesen ass.
D'Fazit ass (wat mer hei och festegestallt haten), datt leider wéineg Leit d'Aarbechstweis an de Fonctionnement vu Wikipedia engersäits an hirem Publikatiounsintressi anerersäits an Aklang brénge konnten, an deemno der wéineg vun de Participanten duerch dat Seminar hei "hänke" bliwwe sinn.
--Zinneke (Diskussioun) 09:55, 14. Mee 2013 (UTC)