Diskussioun:Stuedtheater

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Stued Theater)

Stuedtheater vs. Stued Theater[Quelltext änneren]

D'Getrennt- an Zesummeschreiwung gëtt an der Publikatioun "D'Lëtzebuerger Orthografie" vum ZLS, 2. Oplo vun 2019, ab der Säit 69 erkläert: "Zwee oder méi Substantive ginn zesummegeschriwwen ...".

Ech hunn néirens eng Ausnam fonnt, déi et géing erlaben, fir "Stued Theater" an zwee Wierder ze schreiwen.

Et schreift een jo Kapuzinertheater, Kasemattentheater, an net Kapuziner Theater, Kasematten Theater.

Am Kapiteltitel vum Artikel gëtt engem scho richteg iwwel: "Stued Theater Produktiounen" mécht guer kee Sënn, et misst "Stuedtheaterproduktiounen" oder "Stuedtheater-Produktiounen" heeschen. Dës Manie, fir Zesummegesate Wierder auserneen ze schreiwen oder fir keng Bindestrécher ze benotzen, kënnt warscheinlech aus dem Däitschen, wou een dat ëmmer nees gesäit.

Well ech dat schonns eng Kéier an dësem Artikel Korrigéiert hat a keen Hin-an-hier-Geréckels wëll verursaachen, ënnerbreeden ech dëse Problem op der Diskussiounssäit vum Stued, wéi de Stuedtheater och nach gekierzt genannt gëtt.

Christian Ries (Diskussioun) 08:22, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,
Si selwer nenne sech Stued Theater. Ob dat lo richteg oder falsch ass eng berechtegt Fro, mä et ass den Numm dee si sech selwer ginn. Mer missten dann éischter diskutéieren ob mir sou Nimm op eng aner Schreifweis ännere sollen oder ob mer de Leit hire Wonsch no där Schreifweis respektéiere sollen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:46, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
Dat géing da bedeiten, datt mer missten all déi Begrëffer, déi Leit falsch schreiwen, an der Wikipedia tel quel iwwerhuelen, well si dat offiziell benotzen.
E Beispill: den Naturmusée, dee vun de Responsabele vum MNHNL "natur musée" geschriwwe gëtt, deemno mat 3 orthografesch Feeleren: 1+2: Groussschreiwung, an 3. "Zwee oder méi Substantive ginn zesummegeschriwwen" cf. uewen. Ech sinn der Meenung, datt ee Begrëffer soll korrekt schreiwen, an zwar no de Reegele vun der Orthografie.
Där Beispiller kéint ech eng Jett hei opféieren, virun Allem wat franséischsproocheg Nimm vu Verwaltungen oder Organisatioune betrëfft, déi zu Lëtzebuerg meeschtens falsch geschriwwe ginn, wat d'Groussschreiwung ubelaangt. MbG, Christian Ries (Diskussioun) 12:33, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg,
mMn sollte mer den Numm orthographesch richteg schreiwen („Stuedtheater“) an op hir eege Schreifweis hiweisen (sou wéi z. B. och am Artikel Lëtzebuerger Stadbrauerei. GilPe (Diskussioun) 14:00, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]
ass eng gutt Approche. --Les Meloures (Diskussioun) 15:07, 19. Mäe. 2024 (UTC)[äntweren]