Wikipedia:Wikimedia Foundation

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Impressum)
Logo vun der Wikimedia Foundation, Inc.

D'Wikimedia Foundation, Inc. ass eng net-staatlech Organisatioun ouni Gewënnzweck, déi ënner de Gesetzer vum US-Bundesstaat Florida besteet, agedroen ënner der Nummer N03000005323. Si huet deemno keng Memberen, just Statuten an e Stëftungsrot.

Si huet sech der Fërderung vu fräiem Wësse verschriwwen a setzt zu deem Zweck Wikien an. Dat sinn nieft der Wikipedia och nach Wiktionnaire, Wikiquote, Wikibooks, Wikimedia Commons, Wikisource, Wikispecies, Wikinews a Wikiversity.

Un dësen online Projete schafft eng Hällewull Fräiwëlleg aus der ganzer Welt. Ännerungen, déi dës (dacks anonym) Fräiwëlleg un deene Projete virhuelen, ginn net virdru vun der Wikimedia Foundation nogekuckt, mä sinn direkt online ze gesinn.

D'Fondatioun[Quelltext änneren]

D'Fondatioun gouf den 20. Juni 2003 vum Jimmy Wales gegrënnt, deen hir zesumme mat Bomis all Rechter un Nimm an Domainen, souwéi déi bis dohin ugeschaafte Serveren am Zesummenhank mat der Wikipedia oder hire Schwësterprojeten iwwerdroen huet.

Finanzplang 2007-2008

Den héchste Gremium vun der Foundatioun ass de Stëftungsrot (Board of Trustees). E besteet aus Leit, déi zum Deel vun den agedroene Benotzer vun de Projete gewielt, zum Deel vu Bomis agesat oder kooptéiert goufen. De Virsëtz vum Stëftungsrot haten:

  • Juni 2003 bis Oktober 2006: Jimmy Wales (USA)
  • Oktober 2006 bis Juli 2008: Florence Nibart-Devouard (Frankräich)
  • Juli 2008 bis Juli 2010: Michael Snow (USA)
  • zanter Juli 2010: Ting Chen (China/Däitschland)

Donieft gëtt et nach weider Gremiume wéi e Bäirot an Aarbechtsgruppen.

Éierepresident (Chairman Emeritus) ass den Jimmy Wales a Gerante (Executive Director) d'Sue Gardner. Am Sënn vum Digital Millennium Copyright Act ass si momentan (Stand August 2010) zesumme mam Mike Godwin verantwortlech Uspriechpersoun (Designated Agent).

Uganks hat d'Fondatioun e Büro zu Saint Petersburg a Florida, mä 2007 ass se op San Francisco geplënnert[1]. Momentan beschäftegt se eng 50 bezuelte Mataarbechter[2] (Stand Juli 2010), bis Mëtt 2011 soll dës Zuel op 91 klammen, dovun der 38 am Beräich Technik[3].

D'Fondatioun huet net wéi an Europa üblech e Kapital, vun deem sengen Zënsen se hir Ausgabe bezuele géif. Fir d'Mataarbechter, d'Serveren, etc. ze bezuelen, ass se dowéinst op reegelméisseg Donen ugewisen.

National Organisatiounen[Quelltext änneren]

Déi eenzel Sektiounen

Et gëtt och nach verschidden national Wikimedia-Organisatiounen, sougenannte "Sektiounen" (chapters), déi meeschtens d'Form vun engem Veräin ugeholl hunn. Si ënnerstëtzen déi eenzel Wikimedia-Projeten, mee si bedreiwe se net an hunn och keen Afloss op hire Contenu. Sou huet z. B. d'Wikimedia Deutschland just d'Domain http://wikipedia.de/, iwwer déi se e landesspezifescht Portal bedreift. Zu Lëtzebuerg gëtt et keng national Sektioun. D'Domain http://wikipedia.lu/ gehéiert der Beetebuerger Firma EducDesign S.A., déi den Trafic gratis op de Wikipedia-Projet a Lëtzebuergescher Sprooch weiderleet.

Responsabilitéit[Quelltext änneren]

D'Fondatioun weist drop hin, datt all Contenu deen zu deenen eenzelene Projete bäigesteiert gëtt, no beschtem Wëssen erstallt soll ginn. Wéinst der oppener Struktur an den heefegen Ännerunge vum Contenu ass et awer méiglech, datt een och op onvollstänneg, vereelst oder falsch Informatioune stousse kann. E gesond Mësstrauen an d'Consultatioun vun anere Sourcen ass dowéinst recommandéiert. Responsabilitéit fir Schied, déi entstane sinn duerch blannt Vertrauen an de Contenu vun de Wikimedia-Projete kann dowéinst net iwwerholl ginn. Material, bei deem den Inhaber vun den Auteursrechter noweise kann datt seng Rechter violéiert goufen, ginn am Prinzip ouni Diskussioun op einfach Ufro lokal geläscht. A Fäll déi méi onkloer sinn huet d'Fondatioun awer och scho Geritsprozesser duerchgezunn[4][5][6].

Déi als Administrateuren oder "Sysop" bezeechent Benotzer, genee wéi Benotzer mat soss spezielle Rechter, si keng offiziell Vertrieder vun der Fondatioun. Si hu just erweidert technesch Méiglechkeeten. Déi Persounen hëllefen awer an der Reegel gäre bei eventuelle Froen, ouni datt se perséinlech fir déi eenzel Projeten oder hire Contenu verantwortlech wieren.

Den Affekot Matt Zimmerman gëtt zitéiert mat der Ausso, datt et ouni staarke Responsabilitéitsschutz schwiereg fir d'Wikipedia wier, fir weider eng Plattform fir benotzergeneréierte Contenu bereetzestellen ("Without strong liability protection, it would be difficult for Wikipedia to continue to provide a platform for user-created encyclopedia content")[7].

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Matdeelung un d'Press
  2. Aktuell Säit
  3. [1]
  4. PBS.org
  5. PR-Inside.com
  6. ArsTechnica.com
  7. AltNews.com