Florida

Vu Wikipedia
Florida
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Sunshine State, Everglade State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Tallahassee
Gréisst Stad: Jacksonville
Gouverneur: Ron DeSantis
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 22. Plaz
170.312 km²
31.424  %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 3. Plaz
21,538,187 (2020)
155/km²
Opgeholl als Memberstaat: 3. Mäerz 1845 (27ten)
Zäitzon: UTC-5

Florida ass e Bundesstaat am Südoste vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Säi Kennzeechen ass FL.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ronn Zweedrëttel vum Staat leien op enger Hallefinsel tëscht dem Golf vu Mexiko am Westen an dem Atlantik am Osten. E grenzt am Nordwesten un Alabama an am Norden un Georgia. Am Südosten vu Florida läit d'Inselgrupp vun de Bahamas an am Süden d'Floridastrooss an d'Insel Kuba.

Mat iwwer 170.000 Quadratmeter ass Florida den 22-gréisste Bundesstaat.

Florida huet mat méi wéi 2.170 Kilometer eng vun der längste Küsten an den USA, an och 4.510 Inselen, déi mindestens véier Hektar grouss sinn.

An den USA huet just Alaska nach méi Insele vun där Gréisst. E groussen Deel vum Staat läit op oder bal op der Héicht vum Mieresspigel an op Sedimentbuedem. De Staat ass relativ flaach an den héchste Punkt läit op enger Héicht vun nëmmen 105 Meter.

De gréisste Séisswaasserséi an de kontinentalen USA, de Lake Okeechobee, läit a Florida.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

D'Klima a Florida variéiert tëscht engem subtropeschen Klima am Norden an engem tropesche Klima am Süden. Florida ass nieft Hawaii den eenzege Bundesstaat mat engem tropesche Klima an engem Koralleriff, dem Florida Reef, dem drëttgréisste Koralleriff op der Welt. De Staat huet och e puer eenzegaarteg Ekosystemer opweises, vun deenen d'Everglades dat bekanntst ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Castillo de San Marcos, eng Festung an der eelster Stad St. Augustine

Eng Rei lokal Indianerstämm hu mindestens 14.000 Joer laang am Gebitt, dat haut Florida ass, gelieft. 1513 war de Spuenier Juan Ponce de León deen éischten Europäer, de Fouss an d'Regioun gesat huet. Hien huet se Florida genannt, wéinst der grénger Natur, an den Ouschterzäit, déi op Spuenesch och nach Pascua Florida genannt gëtt. Duerno gouf Florida déi éischt Géigend an den USA, déi permanent vun europäesche Siidler bewunnt gouf. 1565 hunn d'Spuenier do d'Kolonie St. Augustine gegrënnt, déi haut déi Stad an den USA ass, déi am längsten ouni Ënnerbriechung bewunnt ass.

Spuenien an d'Vereenegt Kinnekräich hu sech laang ëm den Herrschaftsusproch op Florida gestridden, éier den Territoire 1819 un d'USA ofgetrueden gouf. Den 3. Mäerz 1845 gouf Florida als 27. Bundesstaat opgeholl. Florida war d'Haaptplaz vun de Seminolekricher (1816-1858), dem längsten vun allen Indianerkricher an der US-amerikanescher Geschicht.

Den 10. Januar 1861 ass Florida aus der Unioun ausgetrueden an domat zu engem vun den urspréngleche siwe Konfederéierte Staate vun Amerika ginn, obwuel Florida nom Amerikanesche Biergerkrich de 25. Juni 1868 nees zeréck an d'Unioun getrueden ass.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

En Deel vum Kennedy Space Center

Zënter der Mëtt vum 20. Joerhonnert huet Florida e séieren demografeschen an ekonomesche Wandel matgemaach. Dem Bundesstaat seng Wirtschaft, mat engem Bruttoinlandsprodukt vu ronn enger Billioun US-Dollar, ass dee véierthéchsten am Land an de 16-héchsten op der Welt. D'Haaptsecteure sinn den Tourismus an d'Hotellerie, d'Landwirtschaft, den Immobiliësecteur an den Transportsecteur.

Florida ass weltbekannt fir seng Plagen, Fräizäitparken, säi waarmt a sonnegt Wieder a Waassersport. Attraktioune wéi Walt Disney World, de Kennedy Space Center a Miami Beach zéien all Joer Millioune vu Mënschen un. Florida ass eng beléift Destinatioun fir Pensionnairen a fir Leit aus dem Norde vum Land, déi de Wanter a Florida verbréngen. Florida zitt och vill Migranten aus den USA an aus dem Ausland un. Dem Staat seng Proximitéit mat dem Mier beaflosst seng Kultur, Identitéit an d'alldeeglecht Liewen, wärend d'Kolonialgeschicht a successiv Migratiounswelle sech an afrikaneschen, europäeschen, indianeschen, latäinamerikaneschen an asiateschen Aflëss erëmspigelt.

An der Literatur huet Florida Schrëftsteller wéi d'Marjorie Kinnan Rawlings, den Ernest Hemingway an den Tennessee Williams inspiréiert oder ugezunn. Florida zitt och weiderhi Prominenter an Athleeten un, besonnesch am Golf, Tennis, Autoscoursen a Waassersport.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerungsdicht vu Florida (2020)
Vue op d'Skyline vun der Stad Miami

Mat enger Bevëlkerung vun iwwer 21 Milliounen Awunner war Florida am Joer 2020 den drëttbevëlkerungsräichsten Staat an den USA. D'Haaptstad ass Tallahassee an d'Stad mat de meeschten Awunner Jacksonville. Dogéint ass d'Metropolregioun vu Miami mat sengen iwwer sechs Milliounen Awunner déi meeschtbevëlkert Regioun a Florida an déi néngt meeschtbevëlkert an de Vereenegte Staaten. Aner grouss Metrolpolregioune sinn niewent Miami an Jacksonville och nach Tampa Bay an Orlando.

Wéinst dem Kuba-Konflikt gëtt et ganz vill Kubaner, déi a Florida am Exil liewen. Och aner Latino-Gruppen, wéi zum Beispill Mexikaner, liewen do. 2020 war iwwer ee Véierel vun der Bevëlkerung Latinoen, wat an de nächste Joren nach méi an d'Luucht goe soll. Ausserdeem liewe vill Afro-Amerikaner a Florida (15 %). Mat e bësse méi wéi d'Hallschent sinn déi Wäiss am meeschte vertrueden.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Grondstruktur, d'Flichten a Funktioune vun der Regierung vu Florida sinn am Staat senger eegener Verfassung etabléiert. D'Parlament besteet aus dem Senat, mat 40 Deputéierten, an dem Representantenhaus, mat 120 Deputéierten. D'Parlament stëmmt iwwer Gesetzer of, déi a Kraaft triede, wann de Gouverneur se ënnerschreift.

Florida ass och bekannt dofir, bei den amerikanesche Presidentschaftswalen en ëmkämpfte Staat ze sinn, besonnesch bei de Walen 2000, 2016 an 2020.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Florida – Biller, Videoen oder Audiodateien