Michigan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Michigan
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Great Lakes State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Lansing
Gréisst Stad: Detroit
Gouverneur: Gretchen Whitmer
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 11. Plaz
250.494 km²
41,27 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 10. Plaz
10.077.331 (2020)
39,4/km²
Opgeholl als Memberstaat: 26. Januar 1837 (26ten)
Zäitzon: UTC-5 bis -4

De Michigan ass e Bundesstaat am Norde vun den USA. De Michigan ass zanter dem 26. Januar 1837 de 26. Bundesstaat vun den USA. Den Numm kënnt vu mishi-gami, e Wuert aus der Sprooch vum Indianerstamm vun de Anishinabe dat Grousse Séi bedeit.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Michigan grenzt am Norden an am Osten un d'kanadesch Provënz Ontario, am Süden un den Ohio an den Indiana, am Westen un de Minnesota (zu dem awer keng Landgrenz besteet, de Lake Superior mécht d'Grenz)an de Wisconsin an am Südweste grenzt en un den Illinois (zu dem och keng Landgrenz besteet, do ass de Michiganséi d'Grenz). De Michigan huet 83 Counties.

De Michigan ass dee Staat aus den USA mat dem gréisste Waasserundeel. Déi fënnef Grouss Séien, vun deenen der véier am Michigan leien, sinn déi gréisst Grupp vu Séisswaasserséien op der Äerd. De Michigan ass och den eenzege Staat an den USA deen an zwee gedeelt ass, duerch de Michiganséi.

Gréisst Stied[änneren | Quelltext änneren]

De Michigan gehéiert zum sougenannte Rust Belt, wou zanter den 1950er Joren d'Populatioun nëmme lues wiisst oder souguer réckleefeg ass. Vun 2000 op 2010 ass d'Bevëlkerung vum Michigan fir déi éischt Kéier zeréckgaangen.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Industrie an den Tourismus sinn déi zwou Branchen déi am meeschten Ëmsaz maachen. Detroit ass de wichtegsten Zentrum wat d'Autoindustrie ugeet: Ford, Chrysler a General Motors hunn do hire Sëtz. Déi grouss Séien zéien all Joer Milliounen Touristen un.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michigan – Biller, Videoen oder Audiodateien