Op den Inhalt sprangen

Pennsylvania

Vu Wikipedia
Pennsylvania
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Keystone State
Quaker State

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Harrisburg
Gréisst Stad: Philadelphia
Gouverneur: Tom Wolf
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 33. Plaz
119.283 km²
2,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 5. Plaz
13,002,700 (2020)[1]
112.2/km²
Opgeholl als Memberstaat: 12. Dezember 1787 (2ten)
Zäitzon: UTC-5/-4

Pennsylvania, offiziell Commonwealth of Pennsylvania, ass e Bundesstaat am Nordoste vun den USA.

D'Appalachen lafen duerch d'Mëtt vum Staat, deen den 33-gréisste vu 50 Gliddstaaten ass. Pennsylvania grenzt un Delaware am Südosten, Maryland am Süden, West Virginia am Südwesten, Ohio am Westen, den Erieséi an d'kanadesch Provënz Ontario am Nordwesten, de Bundesstaat New York am Norden an New Jersey am Osten.

Gréisst Stad, mat iwwer 1,5 Milliounen Awunner, ass Philadelphia, duerno kënnt Pittsburgh mat ronn 300.000 Awunner. Haaptstad ass Harrisburg.

Pennsylvania huet déi fënneftgréisste Bevëlkerung an den USA. 2015 gouf geschat, datt iwwer 12,8 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 82,6 % als wäiss Amerikaner, 11,7 % als Afroamerikaner, 6,8 % als Hispanic/Latino, 3,4 % als asiatesch an 0,4 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 53.115 US-Dollar pro Stot a 28.912 USD op de Kapp[1].

Commons: Pennsylvania – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Pennsylvania