Maryland

Vu Wikipedia
Maryland
(Detailer) (Detailer)
Spëtznumm: Free State, Little America,America in Miniature

Lëscht vun alle Bundesstaaten
Haaptstad: Annapolis
Gréisst Stad: Baltimore
Gouverneur: Wes Moore
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 42. Plaz
32.133 km²
21 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 18. Plaz
6.177.224 (2020)[1]
245,6/km²
Opgeholl als Memberstaat: 28. Abrëll 1788 (7ten)
Zäitzon: UTC-5/-4

De Maryland ass e US-Bundesstaat op der Ostküst vun den USA.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Maryland ass no der Kinnigin Henrietta Maria vu Frankräich benannt, der Fra vum Charles I. vun England a Mamm vum Charles II. vun England an James II. vun England.

Als eng vun den original Dräizéng Kolonien gëllt Maryland als d'Gebuertsplaz vun der reliéiser Fräiheet an Amerika. Am fréie 17. Joerhonnert ass den haitege Staat als Refuge fir verfollegt englesch Katholicke vum George Calvert gegrënnt ginn. Hie war den éischte Lord of Baltimore an den éischten engleschen Titulaire vun der deemoleger kolonialer Konzessioun.

Maryland war de siwente Staat, deen d'US-amerikanesch Verfassung ënnerschriwwen huet, an huet eng decisiv Roll an der Grënnung vu Washington D.C. gespillt. Déi Stad ass op Terrain gebaut ginn, deen de Staat Maryland geschenkt huet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Maryland (32,133.2 km2) ass ongeféier sou grouss wéi d'Belsch (30,530 km2). Vun de 50 amerikanesche Bundesstaaten ass et den néngtklengsten. E grenzt u Virginia, West Virginia a Washington D.C. am Süden an am Westen, u Pennsylvania am Norden an un Delaware an den Atlantik am Osten. De Potomac River markéiert seng südwestlech Grenz. Déi gréisst Stad ass Baltimore an d'Haaptstad ass Annapolis.

Wéinst senger grousser Diversitéit an der Topographie gëtt Maryland och "America in Miniature" genannt: am Oste si Sanddüne mat Séigras, bei der Chesapeake Bay ass niddregt Marschland mat wëllen Déieren a groussen Zypressen, an der Piedmont Regioun fënnt een Hiwwele mat Eechebëscher an am Weste leie Bierger op deene Pinie wuessen.

Den héchste Punkt läit op 1024 Meter an heescht Hoye-Crest.

Maryland ass ee vun de klengsten Staaten, mä och ee mat der héchster Bevëlkerungsdicht.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

2015 gouf geschat, datt iwwer 6 Millioune Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 59,6 % als wäiss Amerikaner, 30,5 % Afroamerikaner, 8,2 % als Hispanic/Latino, 6,5 % als asiatesch an 0,6 % als Indianer identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn.[1]

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 74.149 US-Dollar pro Stot a 36.670 USD op de Kapp.[1] Dat ass dat héchst Duerchschnëttsakommes pro Stot an den USA. Dat erkläert sech ënner anerem wéinst der Proximitéit zur Bundeshaaptstad Washington D.C. an dem Staat senger diversifizéierter Ekonomie aus industrieller Produktioun, Déngschtleeschtungen a Biotechnologie.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maryland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: Maryland