Vereenegt Staate vun Amerika

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) USA)
Dëse Geographiesartikel iwwer d'USA ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


United States of America

Fändel vun de Vereenegt Staate vun Amerika

Wope vun de Vereenegt Staate vun Amerika

Detailer

Detailer
National Devise: E pluribus unum
(Aus villem Eent, zanter 1776)
In God we trust
(Mer vertrauen op Gott, zanter 1956)
Offiziell Sprooch: keng (um Niveau vun der Federatioun), de facto Englesch
Haaptstad: Washington D.C.
 • Awunner: 689.545 (2020)
 • Koordinaten: 38°53′N 77°02′W
Staatsform:
 • President: Joe Biden (D)
 • Vizepresidentin: Kamala Harris (D)
Fläch: 9 629 891 km² (3.)
 • Dovu Waasser: 4.87 %
Bevëlkerung: 331.449.281 (Census 2020)
 • Bevëlkerungsdicht: 31/km²
Onofhängegkeet: 4 Juli 1776
Nationalfeierdag: 4. Juli
Nationalhymn: The Star-Spangled Banner
Wärung: 1 US-Dollar = 100 Cents
Zäitzon: UTC -5 bis -10
Internet TLD: .us (och:.gov (Behörden),.edu (Bildungsariichtungen) a.mil (Militär)
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1

D'Vereenegt Staate vun Amerika (engl.: United States of America, kuerz: USA) sinn eng Bundesrepublik am nërdlechen Deel vum amerikanesche Kontinent. Am Norde grenze si u Kanada an och iwwer de Bundesstaat Alaska u Russland. Tëscht Alaska a Russland läit nëmmen déi 100 km breet Beringstrooss. Am Süden ass Mexiko den Noper. Am Oste grenze se un den Atlantik an am Westen un de Pazifik.

D'Vereenegt Staate vun Amerika si 1776 entstanen, wéi déi brittesch Kolonien an Amerika onofhängeg goufen. Duerch déi intensiv Industrialisatioun, déi duerch eng massiv Immigratioun ënnerstëtzt gouf, ass den Afloss vun Amerika staark gewuess. Um Enn vum 20. Joerhonnert, an no der Iwwerwannung vum Nationalsozialismus a vum Faschismus (Zweete Weltkrich) an dem Kommunismus (am Kale Krich) si si als eenzeg Weltmuecht, déi sech op alle Plangen (wëssenschaftlech, kommerziell, politesch, militäresch), duerchzesetze weess, iwwereg bliwwen[Source?].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Populatioun[änneren | Quelltext änneren]

All 10 Joer gëtt d'Amerikanesch Bevëlkerung gezielt. D'Vollekszielung vum Joer 2020 huet erginn datt ëm déi Zäit 331.449.281 Awunner an den USA liewen.[1]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'Bundesstaaten[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bundesstaat vun den USA.

D'Vereenegt Staate vun Amerika sinn eng Federatioun, déi sech aus 50 Bundesstaaten zesummesetzt. Dovu leien der 48 am Kärland, südlech vu Kanada an nërdlech vu Mexiko. Alaska läit am Nordweste vu Kanada. Hawaii läit am Pazifik, 3.900 km ewech vum kontinentalen Amerika. D'Bundeshaaptstad Washington D.C. ass en eegene federalen Distrikt, deen e besonnesche Statut huet an zu kengem Bundesstaat gehéiert.

Um US-amerikanesche Fändel sinn déi 50 Bundesstaate mat 50 Stären duergestallt. Déi 13 rout a wäiss Sträife representéieren déi 13 brittesch Kolonien, déi sech géint Groussbritannien erhuewen hunn.

Aktuell Regierung[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Presidentschaftswal vum 3. November 2020 gouf den Joe Biden (Demokratesch Partei), dee méi Stëmmen am Electoral College krut wéi säi Virgänger Donald Trump, zum 46. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika gewielt. Hie gouf den 20. Januar 2021 vereedegt, zesumme mat der Kamala Harris, déi als 49. Vizepresidentin déi Roll vum Mike Pence iwwerholl huet.

No de Wale vun 2022 hunn d'Demokraten hir Majoritéit am Senat erweidert, mat enger Koalitioun vu 48 Demokraten an 3 Onofhängeger géint 49 Republikaner. Vun de 435 Memberen aus dem Representantenhaus sinn der 222 Republikaner an 212 Demokraten, wärend 1 Sëtz eidel ass. Et brauch een 218 Sëtz fir eng Majoritéit ze hunn, wat de Republikaner d'Kontroll iwwer d'Representantenhaus gëtt. De Republikaner Mike Johnson ass säit dem 25. Oktober 2023 Speaker vum Representantenhaus. Den neien 118. Kongress geet vum 3. Januar 2023 bis den 3. Januar 2025.

Déi nächst Wale wäerten de 5. November 2024 sinn. Dobäi gëtt een Drëttel vum Senat (34 Sëtz) an all 435 Sëtz vum Representantenhaus erneiert. Och déi nächst Presidentschaftswal wäert deen Dag sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kolonisatioun vun de Britten (1585-1775)[änneren | Quelltext änneren]

1585 war en éischte Versuch vun England mat der Kolonie Roanoke, déi 5 Joer méi spéit verschwonnen ass. Eréischt am Abrëll 1607 gouf Jamestown am aktuelle Bundesstaat Virginia gegrënnt, wat als déi éischt permanent englesch Siidlung an Nordamerika gëllt. Aus verschiddene Siidlungen an Dierfer op der Atlantikküst sinn déi Dräizéng Kolonien, oder och Thirteen Colonies, an den aktuelle Staaten New Hamphire, Massachusetts, Rhode Island, Connecticut, New York, Pennsylvania, New Jersey, Delaware, Maryland, Virginia, North Carolina, South Carolina an Georgia entstanen. Dës Kombinatioun aus Nord- a Südstaaten féiert zu engem spéidere Konflikt ëm d'Sklaverei.

No dem Siwejärege Krich huet Groussbritannien eng englesch Dominanz um Nordamerikanesche Kontinent erschaf mat den Dräizéng Kolonien, der Louisiane ëstlech vum Mississippi a Kanada. Mä d'Awunner an den Dräizéng Kolonien sinn net frou mat de Steieren souwéi mat der feelender Representatioun am Parlament zu London.

Amerikanesch Onofhängegkeet (1775-1783)[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Abrëll 1775 ass den Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich ausgebrach. Mat der Hëllef vu Frankräich, Holland a Spuenien konnten déi brittesch Arméie geschloe ginn an eng onofhängeg Federatioun gouf de 4. Juli 1776 deklaréiert. An der Stad Philadelphia koumen ënner anerem den George Washington, Benjamin Franklin, Thomas Jefferson an den James Madison bei ville Geleeënheeten zesumme fir d'Zukunft vun der neier Natioun ze bestëmmen. Déi Personnagë ginn an Amerika dacks als the Founding Fathers bezeechent. Do gouf ënner anerem bestëmmt, datt déi Federatioun eng Republik a kee Kinnekräich gëtt.

D'Enn vum Amerikaneschen Onofhängegkeetskrich war den 3. September 1783 mam Fridde vu Paräis (1783).

Den George Washington gouf an der éischter Presidentschaftswal vun Amerika (1788-1789) zum éischte President vun de Vereenegte Staate vun Amerika gewielt.

Bis zum Krich vun 1812 (1783-1815)[änneren | Quelltext änneren]

Bannenzeg Reformen[änneren | Quelltext änneren]

An der Period nom Enn vum Onofhängegkeetskrich bis an en éischten Deel vum 19. Joerhonnert huet déi jonk Natioun op verschidden Aart a Weis missen hir nei Prinzippien a Gesetzer entweeder ëmsetzen oder och änneren. Dofir haten d'Auteure vun der Constitutioun Amendments virgesinn, Ännerunge fir an der Zukunft d'Constitutioun un di aktuell Lag am Land unzepassen. Och Decisioune vum Ieweschte Geriicht hu vill dozou bäigedroe fir d'Zukunft vun den USA ze bestëmmen. E puer vun den Ereegnesser an där Zäit sinn:

  • Marbury v. Madison (1803), féiert zu enger Expansioun vun der Muecht vum Ieweschte Geriicht vun de Vereenegte Staaten an deem d'Geriicht an der Lag ass, Gesetzer déi vum Amerikanesche Kongress gewielt goufen z'annuléieren an als net konstitutionell ugesi kënne ginn.
  • Gibbons v. Ogden (1824), eng Decisioun vum Ieweschte Geriicht déi d'Muecht vun der federaler Regierung erweidert an dem si déi final Entscheedung hëlt soubal e Sträit tëschent 2 Staaten optrëtt.
  • Amendments 1 bis 10 (1789-1791), Deel vum Bill of Rights, garantéieren ënner anerem perséinlech Fräiheete wéi Pressefräiheet, Reliounsfräiheet (1st Amendment) oder och d'Fräiheet Waffen ze droen (2nd Amendment). Déi Amendments hunn als Zil eng Tyrannei ze verhënneren. Och ginn arbiträr Verhaftunge verbueden, sou datt jiddwereen e Recht op e gerechten a séiere Prozess huet (6th Amendment), genee wéi och Hausduerchsuchungen ouni Grond (Fourth Amendment).

Den neie politesche System gëtt och mat der Wal vum John Adams ausgetest, den zweete President vun den USA, deen an der Wal vun 1800 géint säi Vizepresident Thomas Jefferson verléiert. Doropshi gouf et fir déi éischt Kéier eng friddlech Transitioun tëschent 2 géigneresche Parteien, eng Traditioun déi, zesumme mat der Entscheedung vum President Washington keng drëtt Kéier fir d'Presidentschaftswalen unzetrieden, als fundamentalen Deel vun der jonker Demokratie ugesi gëtt.

Krich vun 1812 an Nordamerika

Krich vun 1812 (1812-1815)[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Nodeems 1800 di pro-franséisch Demokratesch-Republikanesch Partei d'Presidentschaft gewonnen huet, ass déi diplomatesch Relatioun tëscht de jonken USA an dem Vereenegte Kinnekräich ëmmer méi komplizéiert ginn. Zanter 1792 hunn d'Britten a ville Koalitioune géint d'Napoleonescht Frankräich gekämpft an hunn eng Amerikanesch Interventioun gefaart. Et koum zu Konflikter tëscht den 3 Länner ëm den Handel, an England gouf beschëllegt, Amerikaner op Séi z'entféiere fir an de Krich ze schécken. D'Indianer hu sech och, mat Ënnerstëtzung vun de Britten, géint d'Siidler gewiert, déi vun der Ostküst an de Weste gezu sinn.

D'Amerikaner haten och hir eege Grënn fir an de Krich ze zéien. D'Ënnerstëtzer vun enger aggressiver Expansioun, och genannt "Warhawks", wollte Kolonie wéi Kanada vun der "brittescher Tyrannei" befreien. Anerer wollten de Stolz vun engem "zweeten" Onofhängegkeetskrich fir sech selwer gewannen.

Am Juni, huet den neie brittesche Premierminister Robert Jenkinson Handelsrestriktioune géint d'USA opgeléist an engem Versuch e Konflikt ze vermeiden, mä wéinst ze lueser Kommunikatioun wossten d'Britten net datt d'USA hinne viru 5 Deeg, den 18. Juni 1812, de Krich erkläert haten.

Déi meescht Schluechte waren op der kanadescher Grenz, nodeems eng amerikanesch Offensive keen Erfolleg bruecht huet. Deen ass limitéiert wéinst enger staarker brittescher Defense, ënnerstëtzt vun der kanadescher Populatioun souwéi vun den Indianer aus der Regioun. 1814, no dem Napoleon Bonaparte sengem éischten Exil op Elba, konnten d'Englänner sech vollkommen op Nordamerika konzentréieren, wou si d'Ostküst mat hirer Flott blockéiert hunn. Bei enger Expeditioun huet eng Arméi d'Haaptstad Washington besat an d'Wäisst Haus geneesou wéi d'Kapitol niddergebrannt. Eng Fortifikatioun am Maryland, de Fort McHenry, gouf vun der Flott bombardéiert, mä huet d'Attack iwwerstanen. Dat Evenement gëllt als Inspiratioun fir d'Amerikanesch Nationalhymn "the Star-Spangled-Banner".

Well keng Säit wierklech als Gewënner dostoung, gouf am Dezember 1814 den Traité vu Ghent ënnerschriwwen, deen d'Länner op d'territorial Situatioun vu virum Krich zeréckbréngt.

Genee wéi och beim Start war d'Noriicht iwwert de Schluss vum Krich ze lues an am Januar 1815 ass eng brittesch Arméi bei New Orleans gelant. De Generol a spéidere President, Andrew Jackson, war responsabel fir d'Verdeedegung, déi och als eng vun den erfollegräichste Schluechte fir d'Amerikaner vum Krich ugesi gëtt.

Obwuel d'Amerikaner de Krich net wierklech gewonnen hunn, gouf en awer als Beweis geholl, datt si kapabel wieren hiert Land souwéi och hir Iddien ze verdeedegen. Déi nächst Joren, genannt "Era of Good Feelings", eng "Ära vu gudde Gefiller", markéieren eng Period vu Fridden an ekonomescher a politescher Stabilitéit am Land.

Sezessiounskrich[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

21. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: United States – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. US Census Bureau, 2020 Census Apportionment Results Delivered to the President. The United States Census Bureau. Gekuckt de(n) 2021-04-28.