Op den Inhalt sprangen

Finnland

Vu Wikipedia
Suomen Tasavalta (Finnesch)
Republiken Finland (Schweedesch)

Fändel vu Finnland

Wope vu Finnland

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Finnesch, Schweedesch
Haaptstad: Helsinki
Staatsform: Parlamentaresch Republik
  President: Alexander Stubb
  Premierminister: Petteri Orpo
Fläch: 338.478,34 km²
  Dovu Waasser: 9,4 %
Bevëlkerung: 5.652.881 (Stand 31. Dezember 2025)[1][2]
  Bevëlkerungsdicht: 17/km²
Onofhängegkeet: vu Russland
deklaréiert de 6. Dezember 1917, unerkannt de 4. Januar 1918
Nationalfeierdag: 6. Dezember
Nationalhymn: Maamme – Vårt land
Wärung: Euro (EUR)
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .fi
Internationalen
Telefonsprefix
:
+358

Finnland (fi.: Suomi, sv.: Finland) ass eng Republik an Nordeuropa. Finnland grenzt u Schweden, Norwegen, Russland an d'Ostmier. D'Åland Inselen, déi südwestlech vun der Küst leien, sinn zwar ënner finnescher Souveränitéit wat d'Aussen- a Sécherheetspolitik ubelaangt, soss awer autonom.

D'Haaptstad vu Finnland ass Helsinki.

Finnland gëtt och nach heiansdo d'Land vun den dausend Séie genannt, ma dat ass am Fong nach ferm ënnerdriwwen: et sinn der genee 187.888. Nieft de Séie sinn et déi 179.584 Inselen an déi wäitleefeg Bëscher, déi dräivéierel vum Land bedecken, déi der finnescher Landschaft hire Stempel opdrécken.

Topographesch gesinn ass d'Land am Süden éischter flaach, Richtung Norde gëtt et dann awer ëmmer méi koppeg an den héchste Bierg, den Haltitunturi, ganz uewen am Nordweste vu Finnland, bréngt et op eng Spëtzt vun 1.328 Meter.

Finnland läit tëscht dem 60. a 70. Breedegrad, mä well d'Klima vum Ostmier a vum Golfstroum beaflosst gëtt, leien d'Temperaturen am Schnëtt ëm déi 5-10 °C méi héich wéi an aner Gebidder déi op der selwechter Héicht leien. D'Land huet kal Wanteren a waarm Summeren. Op waarme Summerdeeg kann den Thermometer a Südfinnland bis op 30 °C klammen. An de Wanterméint sinn dogéint –20 °C och näischt Aussergewéinleches.

Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn an där Zäit wärend ronn 51 Deeg net op. D'Géigestéck vun der finnescher Polarnuecht (finn.: Kaamos) ass d'Mëtternuechtssonn am Summer, wou et dann och 73 Deeg an engem Stéck hell ass.

Finnland ass vun der Fläch hier dat fënneftgréisst Land an Europa, huet awer mat nëmme 17 Awunner pro Quadratkilometer gläichzäiteg och eng vun de klengste Bevëlkerungsdensitéiten um Kontinent. D'Majoritéit vun de Finnen (65 %) liewen a Stied, a well déi meescht dovun am Süde vum Land leien, ass och do d'Bevëlkerungskonzentratioun bei wäitem am héchsten. Ongeféier 40 % vun der Bevëlkerung liewen an der Provënz Südfinnland, mat 62,6 Awunner op de Quadratkilometer. Eleng an der Regioun Uusimaa, Helsinki an absënns d'Nopeschstied Espoo a Vantaa, liewen ongeféier 1,638 Millioune Leit.

Finnland huet zwou offiziell Sproochen, Finnesch a Schweedesch. Finnesch gehéiert zu der finno-ugrescher Sproochefamill an ass d'Mammesprooch vun ongeféier 88,7 % vun der Bevëlkerung. Schweedesch hu 5,3 % vun de Finnen als éischt Sprooch. Well déi jeeweils aner Sprooch als Flichtfach an der Schoul geléiert gi muss, sinn déi meescht Finnen zweesproocheg.

Den offizielle Status vum Schweedeschen erkläert sech duerch d'Geschicht vum Land. Zanter dem Ufank vum 13. Joerhonnert bis 1809 war Finnland en Deel vum schweedesche Kinnekräich.

Op kommunalem Plang ass d'administrativ Zweesproochegkeet quotéiert d. h. wann op d'mannst 10 % vun der Populatioun d'Minoritéitesprooch schwätzen (meeschtens Schweedesch), da gëtt dës automatesch och zur zweeter Verwaltungssprooch.

Keng Reegel ouni Ausnamen: Zu Turku, der aler Haaptstad aus schweedeschen Zäiten, huet Schweedesch den offizielle Staus aus historesche Grënn bäibehalen, obschonn et hei vu manner wéi 10 % vun de Leit geschwat gëtt. Op der autonomer Inselgrupp Åland ass Finnesch nëmme Walfach an d'Schüler mussen et, wa se net wëllen, och net léieren. Eenzeg Administratiounssprooch vun Åland ass Schweedesch.

Samesch ass och als offiziell Minoritéitesprooch unerkannt an ass an deenen traditionell samesch dominéierte Regiounen a Gemengen an der Verwaltung am Gebrauch.

1923 gouf a Finnland d'Reliounsfräiheet agefouert. 60 % vun de Finne sinn an der evangeelesch-lutherescher Kierch, 1,1 % an der orthodoxer an 2 % gehéieren anere Glawensrichtungen un. Béid chrëschtlech Konfessioune ginn iwwer Kierchesteiere finanzéiert.

Déi eelst mënschlech Spueren um Territoire vum haitege Finnland loosse sech bis an d'Steenzäit zeréckdatéieren a sinn eng ronn 8500 Joer al.

Nach ëm 100 v. Chr. beschreift de réimeschen Historiker Tacitus d'Fenni als Vollek ouni Waffen, Päerd an Heem, déi um Buedem schlofen, net méi wéi e Fell um Läif hunn an nawell zefridden a glécklech mat hirem haarde Liewe sinn.

Tatsächlech war d'Gebitt vum haitege Finnland bis an d'12. Joerhonnert politesch relativ onbedeitend. 1154 gëtt West- a Südfinnland dunn ënner dem Kinnek Erik IX. en Deel vu Schweden a sollt et déi nächst 700 Joer och bleiwen. Den ëstlechen Deel fält dogéint un dat russescht Novgorod.

Ënner dem schweedesche Kinnekshaus fënnt Westfinnland Uschloss un de westeuropäesche Kulturkrees a gëtt missionéiert. Schweedesch gëtt d'Administratiounssprooch an entwéckelt sech zu der Sprooch vun der Elitt. Anescht wéi deen iwwer Joerhonnerte russesch-byzantinesch gepräägten ëstlechen Deel vu Finnland gouf an der schweedescher Provënz och ni de Feudalsystem agefouert.

Am 16. Jh. ass Finnland, besonnesch ënner dem Afloss vum Humanist an Theolog Mikael Agricola, zur Reformatioun iwwergetrueden.

1808 gëtt Finnland vum Alexander I. vu Russland eruewert, deen et zu engem hallef autonome Groussherzogtum ënner russescher Kontroll mécht. Groussherzog ass den Zar, representéiert duerch e Generalgouverneur. Finnland bleift bis zu der russescher Revolutioun 1917 en Deel vum russesche Räich. An där Zäit entwéckelt sech d'finnesch national Beweegung. A patriotescher Atmosphär gëtt 1835 den Nationaleepos Kalevala niddergeschriwwen an d'Finnesch gëtt 1892 dem schweedesche juristesch gläichgestallt.

D'Buerg vun Turku war am Mëttelalter de politeschen Zentrum vu Finnland

Kuerz no der bolschewistescher Revolutioun a Russland, de 6. Dezember 1917, deklaréiert Finnland sech onofhängeg. D'Onofhängegkeet gëtt zwar relativ séier vun de Bolschewisten unerkannt, mä Kricher a Russland an a Finnland maachen d'Saach méi komplizéiert.

Zum enge brécht 1918 e kuerze, mä battere Biergerkrich tëscht deene vun Däitschland ënnerstëtzen „Wäissen“ (Unhänger vum deemolege Gouvernement; d'konservativ riets Elitt an d'Baueren) an hirem politesche Géigepol, de radikale „Rouden“ (Unhänger vun de sozialistesche Lénksparteien – Leit ouni Grond a Buedem an d'Aarbechter) a Finnland aus. Zum anere gëtt déi oppe Fro ëm d'finnesch-russesch Grenz duerch d'russesch Revolutioun an d'Längt gezunn. E Kompromëss tëscht Finnland a Russland gëtt eréischt 1920 am Accord vun Tartu fonnt.

D'Relatiounen tëscht der nach jonker Republik Finnland an der Sowjetunioun hu sech an den 1930er-Jore relativ stabiliséiert. Wéi d'Sowjets sech dunn awer 1939 drop behaapt hunn, datt si e Recht drop hätte grouss Deeler vum finneschen Territoire zeréckzekréien, koum et zum Eclat. De sougenannten éischte Wanterkrich tëscht Finnland an der Sowjetunioun ass ausgebrach, huet awer nëmmen ee Joer gedauert (bis 1940). De Konflikt gouf awer net geléist a fënnt tëscht 1941 an 1944 seng Fortsetzung am Zweete Wanterkrich (Fortsetzungskrich). Dat deemools mat Nazi-Däitschland alliéiert Finnland gëtt zwar net ageholl, muss awer als Konsequenz vum verluerene Krich en Deel vu sengem Gebitt nees un d'Sowjetunioun oftrieden.

Nom Zweete Weltkrich féiert Finnland offiziell d'Neutralitéit an a beweegt sech bis zum Fall vun der Sowjetunioun aussepolitesch an der Grozon tëscht West an Ost.

1955 gëtt Finnland Member vun de Vereenten Natiounen an dem Nordesche Rot. 1995 trëtt d'Land der Europäescher Unioun bäi.

De 4. Abrëll 2023 gouf Finnland den 31. NATO-Member.[3]

D'finnescht Parlament Eduskunta

Finnland ass eng parlamentaresch Demokratie nom presidiale Prinzip. De President, respektiv d'Presidentin vun der Republik huet historesch eng zentral Roll an der finnescher Politik gespillt. Bis zu der Verfassungsännerung am Joer 2000 hat de President d'Méiglechkeet d'Parlament opzeléisen, e Vetorecht op all Gesetz an huet de Premierminister ernannt. Dës relativ dominant Positioun gouf gläichzäiteg mat der Wal vum Tarja Halonen (Februar 2000) staark zeréckgestallt, soudatt de President haut éischter eng méi representativ Funktioun huet. D'Presidentschaftswale sinn all sechs Joer. Den aktuelle President ass de(n) Alexander Stubb[4].

D'legislativ Autoritéit am Staat huet d'Parlament (Eduskunta op Finnesch, Riksdag op Schweedesch). D'Parlament huet eng Kummer, 200 Deputéiert a gëtt all véier Joer nei gewielt. D'Regierung (fi. valtioneuvosto) gëtt aktuell vum Premierminister Petteri Orpo geleet[4].

Finnland war zanter dem Zweete Weltkrich aussepolitesch neutral, huet awer am Juni 2022 zesumme mat Schwede gefrot fir Member an der NATO ze ginn. De 4. Abrëll 2023 gouf Finnland den 31. NATO-Member, nodeems et iwwer 9 Méint haaptsächlech vun der Tierkei blockéiert gouf.

Administrativ Ënnerdeelungen

[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Regiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Déi néng historesch Regioune vu Finnland (och nach historesch Landschaften, fi. historialliset maakunnat, sv. historiska landskap) bezéie sech op déi historesch Regioune vu Schweden (sv. landskap), déi haut en Deel vum onofhängege Finnland sinn. Se ware bis 1634 administrativ Eenheete vum Kinnekräich Schweden. Well Finnland zu där Zäit keen onofhängege Staat war, ass den Ausdrock „historesch Regioune vu Finnland“ ierféierend.

Och wa s'um Niveau vun der Administratioun keng Roll méi spillen, se präge bis haut awer nach d'Identitéit, de Folklor, d'Dialekter, d'Heraldik, asw. vu ville Regiounen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Historesch Regioune vu Finnland.

Déi historesch Regioune si 1634 als administrativ Entitéiten ofgeschaaft a mat Provënzen (fi. läänit, sv. län) ersat ginn.

D'Provënze goufen e puermol nei organiséiert, awer hir weesentlech Charakteristike blouwe bestoen. An der Nokrichszäit gouf et ufanks zéng Provënzen, a vun 1960 un der zwielef. No enger Rëtsch Reformen ass d'Zuel vun de Provënzen am Joer 1997 op sechs zeréckgaangen. Op den 1. Januar 2010 si se schliisslech komplett ofgeschaaft a mat enger neier regionaler administrativer Struktur ersat ginn.


 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Provënz (Finnland).

Aktuell Andeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Finnland ass an zwee Gebidder agedeelt: engersäits Festland-Finnland mat 19 Regiounen (fi. maakunta, sv. landskap) an anersäits d'autonom Insel Åland.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Regioun (Finnland) an am Artikel Åland.

D'Regioune sinn hirersäits a 70 Sub-Regiounen (fi. seutukunta, sv. ekonomisk region) agedeelt, enger Gruppéierung vu verschiddenen Nopeschgemengen, déi zu der selwechter Regioun gehéieren. Um Festland gëtt et 67 Sub-Regiounen an op Åland der dräi.

Den ënneschten Niveau vun der administrativer Andeelung bilden déi 308 Gemengen (fi. kunta, sv. kommun)(Stand: 2026)[5].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Sub-Regioun (Finnland) an am Artikel Gemeng (Finnland).

Design an Architektur

[änneren | Quelltext änneren]

Finnland huet eng Rëtsch aflossräich Architekten an Designer eropbruecht. Zu deene renomméiertste gehéieren den Architekt Eliel Saarinen (Jugendstil) an den Designer/Architekt Alvar Aalto (Funktionalismus).

D'Gebridder Mika Kaurismäki an Aki Kaurismäki hunn alle béid internationale Succès als Regisseur.

D'Literatursprooch vu Finnland geet op den Humanist an Theolog Mikael Agricola (16. Jh.) zeréck. Den Nationaleepos Kalevala, deen 1835 vum Elias Lönnrot zesummegestallt a publizéiert gouf, war vu fundamentaler politescher a kultureller Bedeitung fir Finnland. Als Papp vun der moderner finnescher Literatur gëllt den Aleksis Kivi (1834-1872). Den 1954 vum Väinö Linna verëffentlechten Antikrichsroman Tuntematon sotilas ("Den onbekannten Zaldot"), ass nieft der Bibel dat meeschtverkaaft Buch a Finnland. De Frans Eemil Sillanpää krut 1939 de Literaturnobelpräis.

Wichteg Auteuren am Ufank vum 21. Joerhonnert sinn den Arto Paasilinna an d'Sofi Oksanen.

De Komponist Jean Sibelius (18651957)

E weltwäit renomméierte finnesche Komponist ass de Jean Sibelius (1865-1957). Finnland ass och bekannt fir seng Danzmusek, de Finneschen Tango, d'Humppa an d'Jenkka. Bekannt Pop/Rock Gruppe sinn z. B. The Rasmus, Sunrise Avenue oder Negative. Finnland ass och fir seng Metalgruppe bekannt wéi HIM, The 69 Eyes, Nightwish, Children of Bodom an och Lordi (Gewënner vum Eurovision Song Contest 2006). Op der Säit fënnt ee weider finnesch Banden aus dem Metalgenre.

De finneschen Nationalsport ass de Pesäpallo. Dat bausst de Landesgrenze relativ onbekannt Spill ass eng Zort finnesche Baseball a gouf 1922 vum Lauri Pihkala agefouert. Beléift sinn och déi klassesch Wantersportaarten, woubäi den Äishockey besonnesch populär ass.

Zanter dem Succès vum zweemolege Weltmeeschter Mika Häkkinen gehéiert och d'Formel 1, nieft dem traditionelle populäre Rallye, zu de Favoritte beim, bei de Finnen allgemeng beléifte, Motorsport.

1952 waren zu Helsinki d'Olympesch Summerspiller bei deenen de Lëtzebuerger Josy Barthel d'Goldmedail am 1.500-Meter-Laf gewonnen huet.

Finnland ass haut eng héich entwéckelt Industriegesellschaft. Nieft der traditionell staarker Holz- a Pabeiersindustrie huet sech d'Telekommunikatioun zanter den 1990er-Joren – virun allem wéinst dem weltwäite Succès vun Nokia – als zentral Wirtschaftsbranche etabléiere kënnen. Finnland ass eent vun deene wéinege Länner an Europa, déi méi Daten- a Kommunikatiounstechnologien exportéiere wéi importéieren.

Och de Maschinnebau spillt eng wichteg Roll. Valmet a Sisu si grouss finnesch Firmaen déi sech op d'Produktioun vu Camionen an Traktere spezialiséiert hunn.

De Betribssystem Linux gouf vum Finn Linus Torvalds erfonnt.

Finnesch Séielandschaft Syväri
 Commons: Finnland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. (en) Key figures on population by Area, Information and Year. Gekuckt den 21. Abrëll 2026.
  3. (lb) Um Dënschdeg: Finnland ass offiziell Member vun der NATO. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.
  4. 1 2 Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  5. (en) Statistics Finland, Municipalities 2026 | Statistics Finland. stat.fi (01.01.2026). Gekuckt den 20.04.2026.