Formel 1

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
All Länner, déi e Grand Prix organiséiert hunn

D'Formel 1 (offiziell FIA Formula One World Championship, kuerz och F1) ass eng Rennserie am Automobilsport déi all Joer als Weltmeeschterschaft ausgedroe gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Punkten an der Formel-1-Weltmeeschterschaft[änneren | Quelltext änneren]

Generell gi Punkte bei der Formel-1-WM nëmme fir d'Coursse verdeelt, an net fir de Qualifying. Fir dës Plaze gëtt et follgend Punkten:

  • 1. Plaz: 25 Punkten
  • 2. Plaz: 18 Punkten
  • 3. Plaz: 15 Punkten
  • 4. Plaz: 12 Punkten
  • 5. Plaz: 10 Punkten
  • 6. Plaz: 8 Punkten
  • 7. Plaz: 6 Punkten
  • 8. Plaz: 4 Punkten
  • 9. Plaz: 2 Punkten
  • 10. Plaz: 1 Punkt

An all Course kann ee Pilot ënnert den Top-Ten déi séierst Courseronn kréien, déi um Enn vun der Course mat engem Punkt belount gëtt.

An all Joer kann eng Ecurie de séierste Pitstop kréien, wat hei mat engem zousätzlechem Punkt um Enn vun der Saison belount gëtt.

Wann d'Course muss ofgesot ginn, wéinst engem schwéieren Accident oder schlechtem Wieder, an nach keng 75 % vun der Course gefuer goufen, ginn d'Punkten duerch zwee gedeelt. Dat heescht: de Gewënner kritt da just 12,5 Punkten. Dës Bestëmmung gouf 2010 agefouert.

Fernsee-Iwwerdroung[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2021 weist RTL Zwee de Qualifying an d'Course a vun 2024 zousätzlech och nach de fräien Training.

Grousse Präis vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1997 an 1998 gouf et e Grousse Präis vu Lëtzebuerg; deen um Nürburgring an Däitschland ausgedroe gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Formula One – Biller, Videoen oder Audiodateien