Op den Inhalt sprangen

RTL Zwee

Vu Wikipedia
RTL ZWEE
Typ S.A
Grënnungsdatum 15. Mäerz 2004
Sëtz CLT-UFA S.A. RTL Group
43, boulevard Pierre Frieden,
L-1543 Lëtzebuerg
Lëtzebuerg
Besëtzer RTL Group
Generaldirekter Christophe Goossens
  ()
  ()
Branche Medien
Homepage https://rtl-zwee


RTL Zwee, bis den 23. Mäerz 2020 Den 2. RTL, ass e lëtzebuergesche privaten Televisiounssender. En ass no RTL Télé Lëtzebuerg den zweete Programm vun der RTL Lëtzebuerg.

Den 2. RTL gouf de 15. Mäerz 2004 gegrënnt a riicht sech haaptsächlech un de Jonktem an u jonk Erwuessener. De Programm ass haaptsächlech op Lëtzebuergesch an deelweis op Däitsch a Franséisch. En ass iwwer d'Gemeinschaftsantenn an iwwer DTB ze gesinn.

Aktuell Formater/Sendungen:
Sendungen Genre Detail
De Journal Noriichtesendung Noriichten op Lëtzebuergesch
De Magazin Theemesendung Aktuell Theemen, Personnagen, Eventer an dat wat d'Leit beweegt. 30 Minutte mat Reportagen, Live-Interventiounen an Invitéeën.
"5 minutes" Noriichtesendung Noriichten op Franséisch
Famillenduell Game-Show “Mir hunn 100 Leit gefrot....“ an zwou Famillen äntweren. D'Game-Show op RTL mam Dan Spogen.
Musekbox Musekssendung Musek vun doheem – eng hallef Stonn Videoclips vu Lëtzebuerger Museker
Radio Web TV Informatiounsprogramm RTL Radio Lëtzebuerg live aus dem Studio mat Meteoskaarten, Trafic-Info an Webcams
Teleshopping Tëleeshopping
UEFA Champions League Sport
FIA Formula 1 World Championship™ Automobilsport Vun Enn Mäerz 2021 u ginn all d'Grand Prixe live op RTL Zwee an RTL Play gewisen. RTL Lëtzebuerg huet sech d'Rechter fir weider 3 Saisone geséchert; de neie Kontrakt leeft elo bis 2026.

(Stand: November 2023)