2020
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2016 |
2017 |
2018 |
2019 |
2020
| 2021
| 2022
| 2023
| 2024
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.
D'Joer 2020 huet op engem Mëttwoch ungefaangen. Et war e Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Mäerz: D'Weltgesondheetsorganisatioun deklaréiert d'Epidemie vum COVID-19 zu enger Pandemie.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]- : 1. JanuarKroatien iwwerhëlt turnusgeméiss bis den 30. Juni des Joers d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- : De 5. JanuarZoran Milanovic gewënnt d'Presidentewalen a Kroatien.
- : Als Folleg vun de Parlamentswale vum 29. September 2019 gëtt de 7. JanuarSebastian Kurz op en Neits Kanzler vun der Republik Éisträich.
- : De 7. JanuarPedro Sánchez gëtt op en Neits Ministerpresident a Spuenien, un der Spëtzt vun enger Koalitioun vu PSOE a Podemos.
- 13. Januar: De Robert Abela gëtt neie Premierminister a Malta.
- 31. Januar: D'Vereenegt Kinnekräich trëtt aus der Europäescher Unioun aus. Wéi am Austrëttsaccord virgesinn, gëtt et eng Iwwergangsperiod bis Enn 2020, an där de legale Kader, wéi e bis ewell mat der EU gegollt huet, virun a Kraaft bleift, a wärend där en neien Handels- a Kooperatiounsaccord mat der EU ausgehandelt gëtt.
- : Nom Récktrëtt vum 3. MäerzMarjan Šarec gëtt de Janez Janša neie Ministerpresident vu Slowenien.
- : Den 4. MäerzDenys Schmyhal gëtt neie Ministerpresident vun der Ukrain.
- 13. Mäerz: D'Katerina Sakellaropoulou gëtt als nei Staatspresidentin vu Griicheland vereedegt.
- 21. Mäerz: No de Parlamentswalen an der Slowakei gëtt den Igor Matovič neie Premierminister.
- 27. Mäerz: Nordmazedonien gëtt Member vun der NATO.
- 27. Juni: De Micheál Martin gëtt vum iresche Parlament zum neie Premierminister gewielt.
- 27. Juni: De Guðni Th. Jóhannesson gëtt zum President vun Island erëmgewielt.
- : De 3. JuliJean Castex gëtt neie Premierminister a Frankräich.
- 12. Juli: Den aktuelle President Andrzej Duda gëtt am 2. Tour vun de Presidentschaftswalen a Polen erëmgewielt.
- : Der 9. Augustwäissrussesche President Aljaksandr Lukaschenka gëtt bei de Presidentschaftswale mat offiziell 80 % erëmgewielt. D'Oppositioun kontestéiert déi Zuelen; et kënnt wochelaang zu Protestdemonstratioune vun Honnertdausende vu Leit.
- : Den 1. OktoberAlexander De Croo gëtt neie Regierungschef an der Belsch, gedroe vun enger Koalitioun vu 7 Parteien ("Vivaldi" genannt).
- 30. Oktober: Bei engem Äerdbiewe viru Samos, an der Ägeis, kommen iwwer 70 Leit ëm d'Liewen, déi meescht zu a ronderëm Izmir.
- 31. Oktober: De Willy-Brandt-Fluchhafe Berlin-Brandenburg (BER) geet 9 Joer méi spéit a 4 Milliarden Euro méi deier wéi geplangt, a Betrib.
- 15. November: D'Maia Sandu gewënnt d'Presidenschaftswalen a Moldawien; si gëtt de 24. Dezember vereedegt.
- 11. Dezember: D'Ingrida Šimonytė gëtt nei Premierministesch a Litauen, un der Spëtzt vun enger Dräiparteiekoalitioun.
- 23. Dezember: De Florin Cîțu gëtt neie Premierminister a Rumänien.
- 24. Dezember: D'EU an d'Vereenegt Kinnekräich eenege sech op en neit Handels- a Kooperatiounsofkommes, dat hir Bezéiunge vum 1. Januar 2021 u reegele soll.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
- 29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2.Virus getest.
- 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
- 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
- 13. Dezember: D'Verlängerung vun der Tramslinn T1 vun der Stäreplaz op d'Gare gëtt a Betrib geholl.
- 28. Dezember: Ufank vun der Impfcampagne géint de SARS-CoV-2-Virus.
-
Gratis ëffentlechen Transoprt.
-
COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg: Drive-through-Testsite.
-
Verlängerung vum Stater Tram bis op d'Gare.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Februar: De Faure Gnassingbé gëtt als President vun Togo erëmgewielt.
- 23. Juni: De Lazarus Chakwera gewënnt d'Presidentschaftswalen am Malawi.
- 25. September: No engem Putsch gëtt de Bah Ndaw Interimspresident am Mali.
- 18. Oktober: Den Alpha Condé gëtt bei de Presidentschaftswalen a Guinea erëmgewielt.
- 28. Oktober: Den John Magufuli gëtt als President vun Tansania erëmgewielt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]- : Den 3. NovemberJoe Biden gewënnt d'Presidentschaftswalen an den USA géint den aktuelle President Donald Trump.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- : De 8. NovemberLuis Arce gëtt als neie President vu Bolivien vereedegt.
- 10. November: De Manuel Merino gëtt vum Parlament zum neie President vum Peru gewielt; no Protester gëtt hien de 17. November vum Francisco Sagasti ofgeléist.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Januar: D'Tsai Ing-wen gëtt bei de Presidentewalen an Taiwan erëmgewielt.
- 22. Juni: Den Taneti Maamau gëtt zum President vu Kiribati erëmgewielt.
- 15. September: De Yoshihide Suga gëtt neie Premierminister a Japan.
- 27. September - 10. November: Bei engem Krich a Biergkarabach tëscht Armenien an Azerbaidschan kommen eng 8.000 Leit ëm d'Liewen an eng 30.000 Armeenier gi verdriwwen.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Januar: Den Haitham ibn Tariq, gëtt, non Doud vum Qabus ibn Said, neie Sultan vum Oman.
- 4. August: Bei der Explosioun vun 2750 Tonnen Ammoniumnitrat am Hafe vu Beirut kommen iwwer 130 Mënschen ëm d'Liewen an iwwer 5.000 ginn der blesséiert.
- 29. September: Den Nawaf al-Ahmad al-Jabir al-Sabah gëtt nom Doud vu sengem Hallefbrudder Sabah al-Ahmad al-Jabir al-Sabah Emir vum Kuwait.
- 11. Oktober: Den Emomali Rahmon gëtt op en Neits zum President vun Tadjikistan gewielt.
Australien an Ozeanien
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Oktober: An Neiséiland gewënnt der Premierministesch Jacinda Ardern hir Labour Party d'Legislativwale mat absolutter Majoritéit.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Galway a Rijeka sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- De Pierre Joris kritt de Batty-Weber-Präis fir säi Gesamtwierk.
- De Francis Kirps kritt de Servais-Präis 2020 fir säi Wierk Die Mutationen. 7 Geschichten & 1 Gedicht.
- D'Ulrike Bail gewënnt den éischte Präis am nationale Literaturconcours fir statt einer ankunft.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Raumfaart
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Juli: De Mars-Rover Perseverance vun der NASA start mat enger Atlas-V-Rakéit vu Cape Canaveral; e soll am Februar 2021 am Jezero Krater um Mars landen.
Coronavirus
[änneren | Quelltext änneren]- 21. Dezember: Nodeems d'Europäesch Agence fir Medikamenter (EMA) gréng Luucht ginn huet, erlaabt d'Europäesch Kommissioun, ënner Konditiounen, den EU-wäite Gebrauch vum éischte Vaccin géint de COVID-19-Virus, dee vu BioNTech-Pfizer. De Vacccin gouf zesumme kaaft a gëtt, proportional zu der Bevëlkerungszuel, un all Memberlänner (plus déi vum Europäesche Wirtschaftsraum) verdeelt. Vum 27. Dezember u ginn an de Memberlänner Impfunge gemaach. D'Logistik an d'Prioritiséierung no Vulnerabilitéit gëtt op nationalem Plang organiséiert. 2021 gi weider Impfstoffer zougelooss, an d'Zuel vun de Geimpfte bannent der Bevëlkerung wiisst.
Wëssenschaftspräisser
[änneren | Quelltext änneren]Nobelpräis
[änneren | Quelltext änneren]- Physiologie oder Medezin: Harvey J. Alter, Michael Houghton und Charles M. Rice[1]
- Physik: Roger Penrose, Reinhard Genzel und Andrea Ghez[2]
- Chimie: Emmanuelle Charpentier und Jennifer Doudna[3]
- Literatur: Louise Glück[4]
- Fridden: Welternährungsprogramm der Vereinten Nationen[5]
- Ekonomie: Paul R. Milgrom und Robert B. Wilson[6]
Turing Award
[änneren | Quelltext änneren]- Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.
Foussball
[änneren | Quelltext änneren]- : Déi 5. Septemberlëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Olympiastadion zu Baku an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:1 géint Azerbaidjan.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am am 8. SeptemberStade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.[8]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein. 7. Oktober[9]
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.[10]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.[11]
- 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.[12]
- 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.[13]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.[14]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Mee: Prënz Charel, Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 2. JanuarMésy Faber, lëtzebuergesch Operettesängerin a Schauspillerin.
- 10. Januar: Wolfgang Dauner, däitschen Jazzmuseker.
- 10. Januar: Qabus ibn Said, Sultan vum Oman.
- 16. Januar: René Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. Januar: Eugène Berger, lëtzebuergesche Politiker an Alpinist.
- 21. Januar: Terry Jones, englesche Komiker, Regisseur an Auteur.
- 25. Januar: Monique van Vooren, belsch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 26. Januar: Jos Bernard, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 31. Januar: Mary Higgins Clark, amerikanesch Schrëftstellerin.
- : 4. FebruarDaniel arap Moi, kenianesche Politiker.
- : 5. FebruarStanley Cohen, amerikanesche Biochemiker.
- Kirk Douglas, amerikanesche Schauspiller. 5. Februar:
- : 7. FebruarAnn E. Todd, amerikanesch Schauspillerin.
- : 8. FebruarArmande Navarre, franséisch Schauspillerin
- 10. Februar: Claire Bretécher, franséisch Comicsauteurin an -zeechnerin.
- 17. Februar: Sonja Ziemann, däitsch Schauspillerin.
- 18. Februar: Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager.
- 21. Februar: Jean-Pierre Junius, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Februar: Husni Mubarak, egypteschen Offizéier a Politiker.
- 29. Februar: Avraham Barkai,däitsch-israeeleschen Historiker an Ekonomist.
- : 4. MäerzJavier Pérez de Cuéllar, peruaneschen Diplomat a Politiker, UN-Generalsekretär.
- : 6. MäerzRemo Raffaelli, lëtzebuergesche Moler.
- McCoy Tyner, US-amerikaneschen Jazzpianist. 6. Mäerz:
- : 8. MäerzMax von Sydow, schweedesch-franséische Schauspiller.
- 12. Mäerz: Tonie Marshall, franséisch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin.
- 15. Mäerz: Suzy Delair, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 16. Mäerz: Stuart Whitman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 20. Mäerz: Kenny Rogers, US-amerikanesche Sänger a Schauspiller.
- 24. Mäerz: Manu Dibango, kamerunesche Museker.
- 24. Mäerz: Stuart Gordon, US-amerikanesche Regisseur.
- 24. Mäerz: Albert Uderzo, franséische Comiczeechner.
- 28. Mäerz: Ger Maas, lëtzebuergesch Molerin.
- 28. Mäerz: Barbara Rütting, däitsch Schauspillerin, Autorin a Politikerin.
- 29. Mäerz: Krzysztof Penderecki, polnesche Komponist.
- 30. Mäerz: Bill Withers, US-amerikanesche Komponist a Sänger.
- : 3. AbrëllHenri Dillenburg, lëtzebuergesche Moler.
- : 4. AbrëllHans Meyer, südafrikanesche Schauspiller.
- : 5. AbrëllMargaret Burbidge, brittesch Astrophysikerin.
- : 8. AbrëllMadeleine Fischer, Schwäizer Filmschauspillerin.
- 12. Abrëll: Stirling Moss, brittesche Formel-1-Pilot.
- 12. Abrëll: Joseph Strotz, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 14. Abrëll: Théo Adam, lëtzebuergesche Moler.
- 15. Abrëll: Brian Dennehy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. Abrëll: Bruce Myers, englesche Schauspiller.
- 16. Abrëll: Christophe, franséische Museker a Sänger.
- 17. Abrëll: Sergio Fantoni, italieenesche Schauspiller.
- 22. Abrëll: Shirley Knight, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Norbert Blüm, däitsche Politiker
- 29. Abrëll: Maj Sjöwall, schweedesch Schrëftstellerin
- : 8. MeeRoy Horn, Zauberkënschtler an Dompteur.
- : 9. MeeLittle Richard, US-amerikanesche Rock 'n' Roll-Sänger.
- 12. Mee: Adrien Meisch, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 12. Mee: Michel Piccoli, franséische Schauspiller.
- 17. Mee: Marco Thewes, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Mee: Norman G. Thomas, US-amerikaneschen Astronom.
- 20. Mee: Jay Schiltz, lëtzebuergesche Journalist, Auteur a Kabarettist.
- 26. Mee: Irm Hermann, däitsch Schauspillerin.
- 27. Mee: Jules Wilhelm, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 28. Mee: Guy Bedos, franséische Schauspiller.
- 31. Mee: Christo, bulgaresch-amerikanesche Kënschtler.
- 31. Mee: Jean-Pierre Kraemer, lëtzebuergeschen Enseignant a Schrëftsteller.
- : 2. JuniWerner Böhm, däitsche Sänger a Museker.
- : 4. JuniJean Link, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Fechter.
- : 8. JuniMarion Hänsel, belsch Filmregisseurin.
- Pierre Nkurunziza, Politiker aus dem Burundi. 8. Juni:
- 18. Juni: Claus Biederstaedt, däitsche Schauspiller.
- 18. Juni: Vera Lynn, brittesch Sängerin.
- 19. Juni: Ian Holm, brittesche Schauspiller.
- 19. Juni: Carlos Ruiz Zafón, spuenesche Schrëftsteller.
- 22. Juni: Joel Schumacher, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Juni: Fred Hammer, lëtzebuergesche Leefer an Olympionik.
- 29. Juni: Carl Reiner, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 30. Juni: Prosper Kayser, lëtzebuergeschen Anästhesist, Genealog an Auteur.
- : 2. JuliTilo Prückner, däitsche Schauspiller.
- : 3. JuliEarl Cameron, brittesche Schauspiller.
- : 6. JuliEnnio Morricone, italieenesche Komponist an Dirigent.
- 17. Juli: Zizi Jeanmaire, franséisch Balletsdänzerin, Schauspillerin a Chansonsängerin.
- 23. Juli: Luigi De Marchi, italieenesche Filmregisseur.
- 24. Juli: Benjamin Mkapa, tansanesche Politiker.
- 25. Juli: Olivia de Havilland, brittesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juli: Peter Green, brittesche Gittarist a Sänger.
- 25. Juli: John Saxon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. Juli: Alan Parker, brittesche Filmregisseur.
- : 3. AugustJohn Hume, nordiresche Politiker a Friddensnobelpräislaureat.
- Isabelle Weingarten, franséisch Schauspillerin a Fotografin. 3. August:
- : 5. AugustGust Altzinger, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 14. August: Linda Manz, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. August: Ben Cross, englesche Schauspiller.
- 19. August: Andrea Neumann, däitsch Molerin.
- 28. August: Chadwick Boseman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 31. August: Pranab Mukherjee, indesche Politiker.
- : 2. SeptemberAdrianus Simonis, hollännesche Kardinol.
- : 3. SeptemberBirol Ünel, däitsche Schauspiller.
- : 4. SeptemberAnnie Cordy, belsch Sängerin a Schauspillerin.
- : 7. SeptemberAndré Reichling, lëtzebuergesche Komponist an Dirigent.
- : 9. SeptemberShere Hite, US-amerikanesch-däitsch Sexualwëssenschaftlerin.
- 10. September: Diana Rigg, brittesch Schauspillerin.
- 10. September: Marco Vicario, italieenesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 11. September: Roger Carel, franséische Schauspiller.
- 15. September: Moussa Traoré, malesche Generol a President.
- 18. September: Ruth Bader Ginsburg, US-amerikanesch Juristin
- 21. September: Nicolas Kohl, lëtzebuergeschen Amateur-Archeolog.
- 21. September: Michael Lonsdale, brittesch-franséische Schauspiller.
- 22. September: Michael Gwisdek, däitsche Schauspiller.
- 23. September: François Diederich, lëtzebuergesche Cheemiker.
- 23. September: Juliette Gréco, franséisch Sängerin a Schauspillerin.
- 30. September: Quino, argentinesch-spuenesche Comicsauteur an -zeechner.
- : 4. OktoberKenzō Takada, japanesche Moudendesigner.
- : 5. OktoberSteve Kaspar, lëtzebuergesche Kënschtler.
- : 6. OktoberHerbert Feuerstein, däitsche Journalist a Kabarettist.
- Johnny Nash, US-amerikanesche Pop- a Reggaemuseker. 6. Oktober:
- Eddie Van Halen, hollännesch-US-amerikanesche Rockgittarist. 6. Oktober:
- 12. Oktober: Conchata Ferrell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. Oktober: Jean Cardot, franséische Sculpteur.
- 14. Oktober: Rhonda Fleming, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Oktober: Spencer Davis, brittesche Rockmuseker.
- 21. Oktober: Marge Champion, US-amerikanesch Schauspillerin an Dänzerin.
- 23. Oktober: Alphonse Pelles, lëtzebuergeschen Naturfuerscher.
- 25. Oktober: Henri Roemer, lëtzebuergesche Foussballspiller a -fonctionnaire.
- 31. Oktober: Sean Connery, schottesche Schauspiller.
- : 2. NovemberGigi Proietti, italieenesche Schauspiller.
- : 3. NovemberClaude Giraud, franséische Schauspiller a Synchronspriecher.
- : 4. NovemberCamille Studer, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
- : 7. NovemberJohn Fraser, schottesche Schauspiller.
- 10. November: Amadou Toumani Touré, Politiker a Staatschef aus dem Mali.
- 12. November: Nelly Kaplan, franséisch Schrëftstellerin, Dréibuchauteurin a Filmregisseurin.
- 12. November: Gernot Roll, däitsche Kameramann a Filmregisseur.
- 18. November: Michel Robin, franséische Schauspiller.
- 22. November: Geert Müller-Gerbes, däitsche Journalist an Tëleesmoderator.
- 23. November: Karl Dall, däitschen Entertainer.
- 25. November: Diego Maradona, argentinesche Foussballspiller an -trainer.
- 26. November: Tevita Momoedonu, fidschianesche Politiker.
- 28. November: David Prowse, brittesche Schauspiller.
- : 2. DezemberValéry Giscard d'Estaing, franséische Politiker.
- Pamela Tiffin, US-amerikanesch Schauspillerin. 2. Dezember:
- : 4. DezemberFrançois Leterrier, franséische Filmregisseur.
- : 7. DezemberChuck Yeager, US-amerikanesche Militär a Pilot.
- 10. Dezember: Paolo Rossi, italieenesche Foussballspiller.
- 11. Dezember: Gotthilf Fischer, däitsche Chouerleeder.
- 12. Dezember: John le Carré, brittesche Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Caroline Cellier, franséisch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Claude Brasseur, franséische Schauspiller.
- 26. Dezember: Peter Schmidhuber, däitsche Politiker.
- 29. Dezember: Pierre Cardin, franséische Moudendesigner.
- 31. Dezember: Robert Hossein, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The Nobel Prize in Physiology or Medicine 2020. In: nobelprize.org, 5. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Physics 2020. In: nobelprize.org, 6. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Chemistry 2020. In: nobelprize.org, 7. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Prize in Literature 2020. In: nobelprize.org, 8. Oktober 2020.
- ↑ The Nobel Peace Prize 2020. In: nobelprize.org, 9. Oktober 2020.
- ↑ The Sveriges Riksbank Prize in Economic Sciences in Memory of Alfred Nobel 2020
- ↑ (en)Azerbaijan vs Luxembourg, 5 September 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Luxembourg vs Montenegro, 8 September 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Luxembourg vs Liechtenstein, 7 October 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Luxembourg vs Cyprus, 10 October 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Montenegro vs Luxembourg, 13 October 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Luxembourg vs Austria, 11 November 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Cyprus vs Luxembourg, 14 November 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.
- ↑ (en)Luxembourg vs Azerbaijan, 17 November 2020. eu-football.info. Gekuckt de(n) 08.09.2021.