2018
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2014 |
2015 |
2016 |
2017 |
2018
| 2019
| 2020
| 2021
| 2022
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2018.
D'Joer 2018 huet op engem Méindeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: De Miloš Zeman gëtt als President vun der Tschechescher Republik erëmgewielt.
- 28. Januar: De Sauli Niinistö gëtt als President vu Finnland erëmgewielt.
- 29. Januar: D'Viorica Dăncilă gëtt nei Premierministesch a Rumänien.
- 14. Mäerz: Knapps 6 Méint no de Bundestagswale gëtt an Däitschland eng CDU/CSU-SPD-Regierung mat der Angela Merkel als Bundeskanzlesch vereedegt.
- 21. Mäerz: De Peter Pellegrini gëtt neie Premierminister an der Slowakei, nodeems de Robert Fico 6 Deeg virdrun am Kader vun der Muerdaffär un engem Journalist a senger Frëndin zeréckgetrueden ass.
- : Dem 8. AbrëllViktor Orbán seng Partei Fidesz-Biergerunioun gewënnt d'Parlamentswalen an Ungarn
- 15. Abrëll: De Milo Đukanović gëtt zum neie President vu Montenegro gewielt.
- : De 1. JuniPedro Sánchez (PSOE) gëtt neie Premierminister a Spuenien, nodeems d'Parlament dem Mariano Rajoy (PP) d'Mësstrauen ausgeschwat huet.
- Italien, de 4. Mäerz, gëtt den Giuseppe Conte neie Premierminister an enger Koalitioun vu Lega Nord a Movimento 5 Stelle. 1. Juni: Als Resultat vun de Parlamentswalen an
- 24. Juli: Bei Bëschbränn zu Mati bei Athen kommen op d'mannst 86 Leit ëm d'Liewen.
- 17. August: De Marjan Šarec gëtt zum neie Premierminister vu Slowenien gewielt.
- 18. August: De Sjarhej Rumas gëtt neie Ministerpresident a Wäissrussland.
- 6. Dezember: D'Salome Surabischwili gëtt als nei Presidentin a Georgien.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- : D'Fusioune vun de Gemenge 1. JanuarBéiwen-Atert an Tënten zu der neier Gemeng Helperknapp; vun de Gemenge Simmer an Habscht zu enger vergréisserter Gemeng Habscht, a vun de Gemenge Rouspert a Mompech zu der neier Gemeng Rouspert-Mompech trieden a Kraaft.
- 20. Juni: De Claude Turmes gëtt neie Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère amplaz vum verstuewene Camille Gira.
- : Sämtlech Rettungsdéngschter am Land ginn am 1. JuliCorps grand-ducal d'incendie et de secours zesummegeluecht.
- 27. Juli: De Tramslinn T1 gëtt bis op d'Stäreplaz verlängert.
- 22. September: Den 8. Lëtzebuerger Filmpräis gëtt verdeelt.
- 14. Oktober: Bei de Chamberwale kritt d'CSV 21 Sëtz (-2), d'DP der 12 (-1), d'LSAP der 10 (-3), Déi Gréng der 9 (+3), d'ADR der 4 (+1), déi Lénk der 2 (+/-0) an d'Piratepartei der 2 (+2). D'KPL, déi Konservativ an Demokratie kréie kee Sëtz.
- : D' 5. DezemberRegierung Bettel-Schneider-Braz gëtt vereedegt.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Januar: Den George Weah gëtt als President vu Liberia vereedegt.
- 15. Februar: Nom Récktrëtt vum Jacob Zuma, deen Dag virdrun, gëtt de Cyril Ramaphosa zum neie President vu Südafrika gewielt.
- 31. Mäerz: De Julius Maada Bio gewënnt d'Presidentewalen a Sierra Leone.
- 12. August: Den Ibrahim Boubacar Keïta gëtt als President vum Mali erëmgewielt.
- : Presidentschaftswalen am 7. OktoberKamerun.
- 25. Oktober: D'Sahle-Work Zewde gëtt als Presidentin vun Ethiopie gewielt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]Nordamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 14. Februar: Eng Schéisserei zu Parkland a Florida, an engem Lycée, mécht 17 Doudeger.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 19. Januar: D'Paula-Mae Weekes gëtt zur Presidentin vun Trinidad an Tobago gewielt.
- 11. Mäerz: De Sebastián Piñera trëtt op en Neits säin Amt als President vun der Republik Chile un.
- : De 1. AbrëllCarlos Alvarado Quesada gewënnt d'Presidentewalen a Costa Rica.
- 19. Abrëll: De Miguel Díaz-Canel gëtt neie Staatschef a Kuba.
- 22. Abrëll: De Mario Abdo Benítez gëtt zum neie President vu Paraguay gewielt.
- 20. Mee: Den Nicolás Maduro gëtt als President vu Venezuela erëmgewielt.
- 17. Juni: Den Iván Duque gewënnt d'Presidentewalen a Kolumbien.
- : Den 1. JuliAndrés Manuel López Obrador gëtt zum neie President vu Mexiko gewielt. Hie gëtt den 1. Dezember vereedegt.
- 28. Oktober: De Jair Bolsonaro gewënnt d'Presidentschaftswalen a Brasilien.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : Den 2. MäerzArmen Sarkissjan gëtt zum neie President vun Armenien gewielt.
- 13. Mäerz: D'Bidhya Devi Bhandari gëtt als Presidentin vum Nepal erëmgewielt.
- 18. Mäerz: D'Presidentewalen a Russland gi vum Wladimir Putin mat 76,66 % vun de Stëmme gewonnen.
- 21. Abrëll: Den Novruz Məmmədov gëtt zum neie Premierminister am Aserbaidjan ernannt.
- : Den 8. MeeNikol Paschinjan, deen de Protest géint de fréiere President Serj Sargsjan ugefouert huet, gëtt als neie Premierminister an Armenie gewielt.
- 20. Juni: De Mamuka Bachtadse gëtt neie Premierminister a Georgien.
- 24. Juni: De Recep Tayyip Erdoğan gëtt als President vun der Tierkei erëmgewielt; seng AKP-Partei gewënnt gläichzäiteg d'Parlamentswalen.
- 18. August: Den Imran Khan gëtt neie Premierminister a Pakistan.
Ozeanien
[änneren | Quelltext änneren]- 24. August: De Scott Morrison gëtt neie Premierminister an Australien.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 26.-28. Mäerz: Den Abdel Fattah al-Sissi gewënnt d'Presidentewalen an Egypten.
- 15. Mee: Iwwer 60 Palestinenser ginn an der Gazasträif vun der israeelescher Arméi bei Protester géint d'Plënnere vun der US-amerikanescher Ambassade op Jerusalem, erschoss.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Leeuwarden a Valletta sinn Europäesch Kulturhaaptstad 2018.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Den Nico Helminger kritt de Servais-Präis fir Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge.
- Den 1. Präis vum Concours littéraire national 2018 geet un de Romain Butti fir säin Theaterstéck Fir wann ech net méi kann.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Mee: Déi israeelesch Sängerin Netta gewënnt mam Lidd Toy den 63. Eurovision Song Contest zu Lissabon.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- César fir dee beschte Film: 120 BPM vum Robin Campillo
- Oscar fir dee beschte Film: The Shape of Water vum Guillermo del Toro
- Gëlle Palm fir dee beschte Film: dem Kore-Eda Hirokazu säin Une affaire de famille (Shoplifters)
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Première vun: Ashcan (19.9), Grand H (10.10.), De Superjhemp retörns (24.10.), Histoire(s) de femme(s) (5.12),...
- 22. September: Gutland gewënnt de Lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Film.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Juli: Ënnerschrëft vun engem Fräihandelsaccord tëscht der EU a Japan; e gëtt den 12. Dezember 2018 vum Europäesche Parlament guttgeheescht an trëtt den 1. Februar 2019 provisoresch a Kraaft.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Juli: D'Entdeckung vun 10 neie Jupiter-Mounde gëtt bekannt gemaach, soudatt d'Zuel vun de bekannte Mounde vun deem Planéit ewell bei 79 läit.
- 27. Juli: Längst Mounddäischtert vum 21. Joerhonnert.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- : Zu 9. FebruarPyeongchang fänken d'Olympesch Wanterspiller un.
- 22. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Ta'-Qali-Nationalstadion an engem Frëndschaftsmatch 0:1 géint Malta. Den Daniel da Mota huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss[1].
- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 0:4 géint Éisträich[2].
- 13. Mee: Den F91 Diddeleng gewënnt d'BGL Ligue.
- 31. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:0 géint de Senegal[3].
- 5. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stater Josy-Barthel-Stadion an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Georgien. Den Aurélien Joachim huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss[4].
- 14. Juni—15. Juli: FIFA-Foussball-Weltmeeschterschaft 2018 vun de Männer a Russland; déi franséisch Foussballnationalekipp gewënnt an der Finall am Lujniki-Stadion zu Moskau 4:2 géint déi kroatesch.
- 7.-29. Juli: De Britt Geraint Thomas gewënnt den Tour de France 2018.
- 14. a 15. Juli: D'Angelique Kerber an den Novak Djokovic gewannen d'Tennisturnéier zu Wimbledon am Eenzel fir Dammen, resp. Hären.
- 8. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an engem UEFA-Nations-League-Match 4:0 géint Moldawien. De Kevin Malget, den Olivier "Oli" Thill, den Danel Sinani an de Christopher Martins Pereira hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[5]. Zanter 1948 ass et déi héchst Victoire vu Lëtzebuerg am Foussball[6].
- 11. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am San-Marino-Stadium zu Serravalle an engem UEFA-Nations-League-Match 0:3 géint San Marino. De Maxime Chanot, den Aurélien Joachim an den Danel Sinani hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[7]. Et war och den 100. Match vum Mario Mutsch am Kader vun der Lëtzebuerger Ekipp.
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Baryssau-Arena-Stadion (Baryssau, BLR) an engem UEFA-Nations-League-Match 1:0 géint Wäissrussland[8].
- 15. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Josy-Barthel-Stadion an der Stad an engem UEFA-Nations-League-Match 3:0 géint San Marino. Den David Turpel, den Danel Sinani, an de Vincent Thill hunn d'Goler fir Lëtzebuerg geschoss[9].
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Josy-Barthel-Stadion an engem UEFA-Nations-League-Match 0:2 géint Wäissrussland[10].
- 18. November: D'Foussballnationalekipp vu Lëtzebuerg spillt zu Chişinău an engem UEFA-Nations-League-Match 1:1 géint déi moldawesch Nationalekipp. De Stefano Bensi huet de Gol fir Lëtzebuerg geschoss[11].
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarAharon Appelfeld, israeelesche Schrëftsteller.
- : 5. JanuarJohn Watts Young, US-amerikaneschen Astronaut.
- : 7. JanuarFrance Gall, franséisch Sängerin.
- Peter Sutherland, iresche Politiker. 7. Januar:
- 15. Januar: Dolores O'Riordan, iresch Sängerin.
- 16. Januar: Bradford Dillman, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Januar: Dorothy Malone, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 20. Januar: Paul Bocuse, franséische Kach.
- 21. Januar: Yves Afonso, franséische Schauspiller.
- 23. Januar: Hugh Masekela, südafrikaneschen Jazzmuseker.
- 27. Januar: Niki Bettendorf, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Januar: Ingvar Kamprad, schweedeschen Ingenieur.
- 28. Januar: Coco Schumann, däitschen Jazzmuseker a Gittarist.
- 28. Januar: Gene Sharp, US-amerikanesche Politolog.
- : 1. FebruarDennis Edwards, amerikanesche Sänger.
- : 2. FebruarRoby Stahl, Lëtzebuerger Politiker.
- : 3. FebruarRolf Zacher, däitsche Schauspiller an Entertainer.
- : 6. FebruarDonald Lynden-Bell, britteschen Astronom an Astrophysiker.
- : 7. FebruarJohny Hoffmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 9. FebruarReg E. Cathey, US-amerikanesche Schauspiller.
- 13. Februar: Prënz Henrik vun Dänemark.
- 14. Februar: Ruud Lubbers, hollännesche Politiker.
- 14. Februar: Morgan Tsvangirai, simbabwesche Politiker.
- 15. Februar: Carlo Meintz, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 17. Februar: Nicolas Anzia, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Februar: Raymond Frisch, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 18. Februar: Didier Lockwood, franséischen Jazz-Violonist.
- 23. Februar: Lewis Gilbert, englesche Filmregisseur.
- : 1. MäerzRobert Goniva, lëtzebuergesche Buergermeeschter.
- : 9. MäerzRené Pascucci, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Mäerz: Hubert de Givenchy, franséische Couturier.
- 10. Mäerz: Armand Huberty, lëtzebuergeschen Turner.
- 10. Mäerz: Paolo Nuzzi, italieenesche Filmregisseur.
- 11. Mäerz: Karl Lehmann, däitsche Geeschtlechen.
- 11. Mäerz: Siegfried Rauch, däitsche Schauspiller.
- 11. Mäerz: Ken Dodd, britteschen Entertainer.
- 14. Mäerz: Stephen Hawking, britteschen Astrophysiker.
- 17. Mäerz: André Heiderscheid, lëtzebuergesche Geeschtlechen.
- 18. Mäerz: Jochen Senf, däitsche Schauspiller.
- 24. Mäerz: Lys Assia, Schwäizer Sängerin, déi éischt Gewënnerin vum Eurovision Song Contest am Joer 1956.
- 27. Mäerz: Stéphane Audran, franséisch Schauspillerin.
- : 3. AbrëllLill-Babs, schweedesch Sängerin, Eurovision-Participantin.
- : 5. AbrëllIsao Takahata, japanesche Regisseur a Produzent.
- 12. Abrëll: Heinrich Brändli, Schwäizer Ingenieur an Universitéitsprofesser
- 13. Abrëll: Miloš Forman, amerikanesche Regisseur.
- 15. Abrëll: Vittorio Taviani, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 17. Abrëll: Robert Gitzinger, lëtzebuergesche Politiker.
- 20. Abrëll: Avicii, schweedeschen DJ.
- 25. Abrëll: Michael Anderson, englesche Filmregisseur.
- 26. Abrëll: Gianfranco Parolini, italieenesche Filmregisseur.
- 28. Abrëll: Elga Sorbas, däitsch Schauspillerin.
- : 2. MeeElisabeth Pfluger, schwäizeresch Schrëftstellerin.
- : 7. MeeMaurane, belsch Sängerin.
- Ermanno Olmi, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 7. Mee:
- 13. Mee: Margot Kidder, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 14. Mee: Tom Wolfe, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- 16. Mee: Camille Gira Lëtzebuerger Politiker
- 17. Mee: Nicole Fontaine, franséisch Politikerin.
- 21. Mee: Anna Maria Ferrero, italieenesch Schauspillerin.
- 21. Mee: Clint Walker, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. Mee: Philip Roth, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 26. Mee: Serge Dassault, franséische Politiker an Industriellen.
- 26. Mee: Jules Meurisse, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Mee: Pierre Bellemare, franséischen Auteur an Televisiounsmoderateur.
- : 3. JuniGilbert Trausch, lëtzebuergeschen Historiker.
- 11. Juni: Jean-Pierre Kunnert, lëtzebuergeschen Historiker.
- 25. Juni: Claude Bernard-Aubert, franséische Filmregisseur.
- 29. Juni: Liliane Montevecchi, franséisch Schauspillerin, Dänzerin a Sängerin.
- : 2. JuliCornel Meder, lëtzebuergeschen Auteur, Archivist, Editeur.
- : 3. JuliRobby Müller, hollännesche Kameramann.
- : 5. JuliClaude Lanzmann, franséischen Dokumentarfilmregisseur an Editeur.
- : 8. JuliTab Hunter, US-amerikanesche Schauspiller.
- Carlo Vanzina, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur. 8. Juli:
- 26. Juli: Marie-Christine Faber, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- : 1. AugustMary Carlisle, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 3. AugustJos Hilger, lëtzebuergeschen Ekonomist
- : 6. AugustJoël Robuchon, franséische Kach a Gastronom.
- 11. August: V. S. Naipaul, brittesche Schrëftsteller.
- 13. August: Georges Hausemer, lëtzebuergesche Schrëftsteller an Iwwersetzer.
- 16. August: Aretha Franklin, US-amerikanesch Sängerin.
- 16. August: Atal Bihari Vajpayee, indesche Politiker.
- 18. August: Kofi Annan, 7. Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
- 21. August: Henri Blaise, lëtzebuergesche Journalist an Dichter.
- 21. August: Barbara Harris, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. August: Dieter Thomas Heck, däitschen Entertainer.
- 29. August: François Konter, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- : 6. SeptemberBurt Reynolds, US-amerikanesche Schauspiller.
- 25. September: Jerry Thorpe, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 26. September: Norbert Konter, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 30. September: Walter Laqueur, US-amerikaneschen Historiker.
- : 1. OktoberCharles Aznavour, armeenesch-franséische Chansonsänger.
- Graciano „Rocky“ Rocchigiani, däitsche Boxer. 1. Oktober:
- : 3. OktoberLeon M. Lederman, US-amerikanesche Physiker.
- : 6. OktoberMontserrat Caballé, spuenesch Operesängerin.
- 10. Oktober: Carlo Sunnen, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
- 11. Oktober: Jean-Jacques Kariger, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Botaniker.
- 14. Oktober: Roger Quaino, lëtzebuergesche Varieté-Kënschtler.
- 19. Oktober: Osamu Shimomura, japanesche Biochemiker.
- 20. Oktober: Wim Kok, hollännesche Politiker.
- 24. Oktober: Tony Joe White, US-amerikanesche Gittarist a Sänger.
- : 2. NovemberRoy Hargrove, US-amerikaneschen Jazz- a Funk-Trompettist.
- : 3. NovemberSondra Locke, US-amerikanesch Schauspillerin a Regisseurin.
- : 7. NovemberFrancis Lai, franséische Komponist.
- 12. November: Stan Lee, amerikanesche Comiczeechner a -redakter.
- 15. November: William Goldman, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Schrëftsteller.
- 22. November: Marco Gaasch, lëtzebuergesche Bauer a Gewerkschaftler.
- 23. November: Nicolas Roeg, brittesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. November: Bernardo Bertolucci, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. November: Luc Deflo, belsche Thriller-Auteur.
- 26. November: Stephen Hillenburg, US-amerikanesche Mieresbiolog an Trickfilmregisseur.
- 30. November: George H. W. Bush, US-amerikanesche Politiker, 41. US-President.
- : 1. DezemberMaria Pacôme, franséisch Schauspillerin.
- : 3. DezemberAlbert Frère, belsche Finanzinvestisseur a Milliardär.
- : 6. DezemberJoseph Joffo, franséische Schrëftsteller, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 12. Dezember: Raoul Clausse, lëtzebuergesche Professer a Politiker.
- 17. Dezember: Galt MacDermot, kanadesch-amerikanesche Komponist.
- 17. Dezember: Penny Marshall, US-amerikanesch Filmregisseurin, -produzentin a -schauspillerin.
- 28. Dezember: Amos Oz, israeelesche Schrëftsteller.
- 30. Dezember: Adolphe Muller, lëtzebuergesche Geolog an Universitéitsprofesser.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2018 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1154089.html
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1156344.html
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 03.06.2018. Gekuckt de(n) 31.05.2018.
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1190483.html
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1235088.html
- ↑ https://noi.md/ru/sport/moldavskaya-sbornaya-proigrala-v-matche-ligi-nacij-so-schetom-4-0
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1236591.html
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 13.10.2018. Gekuckt de(n) 12.10.2018.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 03.11.2018. Gekuckt de(n) 15.10.2018.
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1267768.html
- ↑ http://www.rtl.lu/sport/1268984.html