France Gall

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
France Gall
France Gall.png
Gebuertsnumm Isabelle Geneviève Marie Anne Gall
Pseudonym France Gall
Gebuer 9. Oktober 1947
12. Arrondissement
Gestuerwen 7. Januar 2018
Neuilly-sur-Seine
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Sänger
Famill
Bestuet mat Michel Berger
Liewenspartner(in) Claude François, Julien Clerc, Bruck Dawit
Papp Robert Gall
Kanner Raphaël Hamburger, Pauline Hamburger
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'France Gall, gebuer den 9. Oktober 1947 zu Paräis als Isabelle Geneviève Marie Anne Gall a gestuerwen de 7. Januar 2018[1] zu Neuilly-sur-Seine, war eng franséisch Sängerin. Si huet hir Carrière 1963 ugefaangen.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Encouragéiert vun hirem Papp, dem Liddertexter Robert Gall, deen ënner anerem dem Charles Aznavour säi Lidd La mamma geschriwwen huet, huet d'France Gall am Alter vu 16 Joer ugefaangen hir éischte Lidder opzehuelen. No der Verëffentlechung vun hirer éischter Single Ne soi pas si bête (1963), hat d'France Gall eng Rei erfollegräicher Yéyé a Lolita-Pop Singelen opgeholl, déi meeschtens vun hirem Papp (ënner anerem Sacré Charlemagne) oder vum Serge Gainsbourg (ënner anerem Laisse tomber les filles) geschriwwe goufen.

1965, am Alter vu 17 Joer huet si Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest mam Lidd Poupée de cire, poupée de son vertrueden. Si koum op déi 1. Plaz mat 32 Punkten an d'Lidd ass e groussen Hit a Westeuropa ginn.[2] De Gainsbourg huet als Auteur vum Lidd nach e puer weider Stécker fir d'France Gall geschriwwen, bis se nom kontroversen Text vum Lidd Les sucettes an dem kommerzielle Mësserfolleg vu verschiddene vun hire Placken opgehalen huet, mat him zesummenzeschaffen.

Géint Enn vun den 1960er huet d'France Gall eng Carrière als Schlagersängerin an Däitschland ugefaange mat erfollegräicher Lidder wéi Ein bißchen Goethe, ein bißchen Bonaparte an A Banda (Zwei Apfelsinen im Haar). Si huet 1968, 1969 an 1970 beim Deutscher Schlager-Wettbewerb deelgeholl. 1969 huet si mam Gigliola Cinquetti beim bekannten italienesche Festival vu San Remo Deel geholl, wou si d'Lidd La pioggia (L'orage op Franséisch) virgedroen hunn.

Obwuel si weiderhi Placken a Frankräich erausbruecht huet, hat keng dovu Succès, bis si 1974 de franséische Sänger a Komponist Michel Berger kenne geléiert huet. Hien huet d'Single La déclaration d'amour produzéiert a war domat verantwortlech fir der France Gall hire Comeback an hirem Heemechtsland mat Hitte wéi Musique a Si, maman si. Deenen zwee hir professionell Relatioun huet sech och zu enger privater Partnerschaft entwéckelt: d'France Gall an de Michel Berger sinn 1976 bestuet ginn a kruten zwee Kanner zesummen.

1979 huet d'France Gall an der immens erfollegräicher Rockoper Starmania matgemaach. An den 1980er huet si sech a verschiddene Campagne fir humanitär Hëllef engagéiert a weiderhi populär Singele verëffentlecht (Il jouait du piano debout, Tout pour la musique...).[3] 1980 huet si d'Duett Donner pour donner mam Elton John opgeholl.

Den Album Babacar ass 1987 erauskomm, vun deem d'Lidd mam selwechten Numm an Ella, elle l'a als Singelen ausgekoppelt goufen. Déi zwee Lidder waren e grousse Succès, haaptsächlech Ella, elle l'a, eng Hommage un déi amerikanesch Sängerin Ella Fitzgerald, dat et souguer fäerdeg bruecht huet d'Nummer Eent an den däitschen an an den éisträichesche Charts z'erreechen.

D'France Gall huet am Juni 1992 mat hirem Mann den Album Double Jeu erausbruecht, mä de Michel Berger ass méi spéit am Joer un engem Häerzinfarkt gestuerwen. Op hirem leschte Studioalbum France (1996) huet d'France Gall eegen Interpretatioune vum Michel Berger senge Lidder gesongen. Nodeem hir Duechter 1997 u Mukoviszidos gestuerwe war huet d'France Gall sech aus dem Museksgeschäft zréckgezunn an nëmmen nach vereenzelt an der Ëffentlechkeet opgetratt.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1964 bis 1967 war d'France Gall mam Claude François zesummen, vun 1970 bis 1974 mam Sänger Julien Clerc.[4][5] Vun 1976 bis zu sengem Doud 1992 war se mam Michel Berger bestuet.

Si hat en Haus op enger Insel no bei der senegalesescher Haaptstad Dakar.

Bekannt Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • 1963: Ne sois pas si bête
  • 1964: Laisse tomber les filles
  • 1964: Le premier chagrin d'amour
  • 1965: Poupée de cire, poupée de son (däitsch Versioun: Das war eine schöne Party) (#1 NO; #2 DE; #4 BE-FL; #6 NL)
  • 1965: Sacré Charlemagne
  • 1966: L'Amérique
  • 1966: Les sucettes
  • 1968: A Banda (Zwei Apfelsinen im Haar) (#16 DE)
  • 1968: Computer Nr. 3 (#24 DE)
  • 1969: La pioggia (franséisch Versioun: L'orage)
  • 1969: Ein bißchen Goethe, ein bißchen Bonaparte (#14 DE)
  • 1974: La déclaration d'amour
  • 1976: Comment lui dire
  • 1977: Musique
  • 1977: Si, maman si
  • 1978: Viens je t'emmène
  • 1980: Il jouait du piano debout
  • 1981: Tout pour la musique
  • 1981: Résiste
  • 1984: Débranche!
  • 1987: Babacar (#11 FR; #14 DE)
  • 1987: Ella, elle l'a (#1 DE, AT; #2 FR; #4 SE; #5 CH)
  • 1988: Evidemment (#6 FR)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: France Gall – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Musekswelt an Trauer - Déi franséisch Sängerin France Gall ass dout op rtl.lu de 7. Januar 2018
  2. Eurovision Song Contest 1965
  3. universalmusic.fr
  4. Le Fiagro> Comme d'habitude de Claude François (25. August 2011; gekuckt de 15. Januar 2013)
  5. Biographie vum France Gall op rfimusique.com (gekuckt de 15. Januar 2013)