Op den Inhalt sprangen

Dakar

Vu Wikipedia
Dakar
Land Senegal
Awunner 1.438.725
  2021
Fläch 79,83 km²
Héicht 10 m
Koordinaten 14°40'21,2"N, 17°25'55,2"W
Telefonszon 8
Postcode 11000
Websäit https://villededakar.sn/

Dakar ass d'Haaptstad vum Senegal, a läit op der Westküst vun Afrika, op der Cap-Vert-Hallefinsel. Se huet méi wéi eng Millioun Awunner, an ass 82 km2 grouss.

D'Stad ass an 19 Arrondissementer agedeelt:

  • Biscuiterie
  • Cambérène
  • Dieuppeul-Derklé
  • Fann-Point E-Amitié
  • Gueule Tapée-Fass-Colobane
  • Grand Yoff
  • Grand Dakar
  • Hann Bel-Air
  • HLM
  • Île de Gorée
  • Médina
  • Mermoz-Sacré-Cœur
  • Ngor
  • Ouakam
  • Parcelles Assainies
  • Patte d'Oie
  • Dakar-Plateau
  • Sicap-Liberté
  • Yoff
D'Onofhängegkeetsplaz zu Dakar

Dakar huet en tropesche Klima mat nëmmen zwou Joreszäiten: eng waarm a fiicht Joreszäit déi vum Juni bis Oktober dauert an där et vill reene kann, bis zu (179 mm) am August, mat Temperature vu 27 °C. Déi aner Joreszäit dauert vum November bis Mee an ass e bësse méi kill a vill mei dréchen, mat nëmmen 1 mm pro Mount.

Klimatabell[1]
  Jan Feb Mär Apr Mai Jun Jul Aug Sep Okt Nov Dez
Duerchschnëttlech Héchsttemperatur (°C) 26 27 28 27 28 30 30 30 31 31 30 28
Duerchschnëttlech Déifsttemperatur (°C) 17 17 18 19 20 23 25 25 25 24 22 20

Universitéit

[änneren | Quelltext änneren]

D'Université Cheikh Anta Diop de Dakar gouf 1957 gegrënnt. Un d'Univesitéit sinn den Institut Fondamental d'Afrique Noire, souwéi ee Mieresbiologesche Musée, den ale Centre Culturel Français an de Centre Douta Seck an der Medina ugeschloss. Kedge Business School ass och an der stad.

 Commons: Dakar – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Weather2Travel.com Archivéiert den 20.10.2008. Gekuckt den 23.01.2010.