Palestina
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Staat Palestina. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Palestina (Homonymie). |
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| دولة فلسطين Daulat Filastīn Staat Palestina | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Arabesch | ||||
| Haaptstad: | Ostjerusalem (beusprocht) Ramallah (de facto) | ||||
| • Awunner: | 677.800 | ||||
| Staatsform: | Semipresendiell Republik | ||||
| • President: | Mahmoud Abbas | ||||
| • Ministerpresident: | Mohammed Mustafa | ||||
| Fläch: | 6020 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 4.976.684 (2019) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 779/km² | ||||
| Nationalfeierdag: | 15. November | ||||
| Nationalhymn: | Fidā'ī | ||||
| Wärung: | Schekel (ILS) Jordaneschen Dinar (JOD) | ||||
| Zäitzon: | UTC +2 | ||||
| Internet TLD: | .ps | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+970 (+972) | ||||
Palestina, op Arabesch دولة فلسطين, DMG Daulat Filasṭīn, offiziell Staat Palestina, ass en de facto Staat am Noen Osten. E läit tëscht Israel a Jordanien. De Staat ass als en non-member observer state vun der Vereenten Natiounen unerkannt. 157 UN Staaten erkennen de Staat un. De Staat Palestina beusprocht d'Westjordanland an d'Gazasträif, mä d'Majoritéit vun deene Gebidder si vun Israel besat.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1988 huet d'Palästinensesch Befreiungsorganisatioun (PLO) de Staat Palestina fir Onofhängegkeet erkläert. Zanterhier fuerdert si dat ganzt Gebitt, dat zanter 1967 vun Israel besat ass, mat Ostjerusalem als Haaptstad. Duerch verschidden Ofkommes ass et ab 1994 zu engem deelweise Réckzuch vun Israel komm, wat zu enger limitéierter Onofhängegkeet vu Palestina an den Autonomiegebidder gefouert huet. Fir dës Gebidder ze verwalten, gouf d'Palestinensesch Autonomiegebidder (PA) gegrënnt, déi vun der Fatah gefouert ginn an zanter 2013 als „Staat Palestina“ optrëtt.
Am Joer 2007 ass Palestina awer wéinst dem Konflikt tëscht der Fatah an der Hamas an zwou Hoheetsgebidder zerfall: d'Westjordanland, dat vun der PA respektiv Fatah regéiert gëtt an ongeféier dräi Milliounen Awunner huet, an d'Gazasträif, déi ënner der Kontroll vun der radikal-islamistescher Hamas steet a ronn zwee Milliounen Awunner huet. Béid Gebidder ginn autoritär regéiert. Zënter 2006 goufen a kengem vun deenen zwee Gebidder nach Wale gehalen. D'Press- a Meenungsfräiheete si staark ageschränkt.
2024 huet den Internationale Geriichtshaff an engem Rechtsgutachten erkläert, datt Israel d'Gazasträif, d'Westjordanland an Ostjerusalem vëlkerrechtswiddreg besetzt. Israel misst all israeelesch Siidler aus de besate Gebidder evakuéieren an de Schued ersetzen, deen duerch d'Besatzung entstanen ass.[1][2]
Den 22. September 2025 huet Lëtzebuerg mat aneren europäesche Länner de Staat Palestina fir d'Méiglechmaache vun enger Zwee-Staate-Léisung op der UN-Versammlung unerkannt.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Palestina – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) C. Kehlbach, A. Holzer und M. Bauer ARD-Rechtsredaktion, Was aus dem Gutachten des IGH folgt. tagesschau.de. Gekuckt den 31.07.2025.
- ↑ (de) LTO, IGH: Israel annektiert palästinensische Gebiete. Legal Tribune Online. Gekuckt den 31.07.2025.
- ↑ (lb) Frankräich an och Lëtzebuerg erkenne Palestinenserstaat un. www.rtl.lu. Gekuckt de 27.09.2025.
