Jordanien

Vu Wikipedia


المملكة الأردنيّة الهاشميّة
al-Mamlaka al-Urduniyya al-Hāschimiyya

Fändel vu Jordanien

Wope vu Jordanien

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Amman
 • Awunner: 4 Milliounen
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Abdullah II.
 • Premierminister: Bisher Al-Khasawneh
Fläch: 89.341 km² (112.)
 • Dovu Waasser: 0,03 %
Bevëlkerung: 9.819.651 (Schätzung 2014)
 • Bevëlkerungsdicht: 107/km²
Onofhängegkeet: 25. Mee 1946 (vu Groussbritannien)
Nationalfeierdag: 25. Mee
Nationalhymn: Al-Salam Al-Malaki Al-Urdunni ("D'kinneklech Hymn vu Jordanien")
Wärung: Jordaneschen Dinar
Zäitzon: UTC +2
Internet TLD: .jo
Internationalen
Telefonsprefix
:
+962

Jordanien (op Arabesch: الأردن), offiziell d'Haschimitescht Kinnekräich Jordanien (ar.: المملكة الأردنية الهاشمية), ass en arabescht Kinnekräich a Westasien, um ëstlecher Ufer vum Jordan-Floss an nërdlech vun der arabescher Hallefinsel. Jordanien grenzt u Saudiarabien am Osten an am Süden, un den Irak am Nordosten, u Syrien am Norden, un Israel, Palestina an d'Doudegt Mier am Westen, an un d'Rout Mier a sengem extreeme Südwesten. Jordanie läit strateegesch op der Kräizung tëscht Asien, Afrika an Europa. D'Haaptstad Amman ass déi gréisst Stad am Land a gläichzäiteg säi wirtschaftlechen, politeschen a kulturellen Zentrum.

D'Gebitt, dat haut Jordanien ass, gëtt schonn zënter der Alsteenzäit bewunnt. Dräi stabil Kinnekräicher hu sech géint Enn vun der Bronzezäit forméiert: Ammon, Moab an Edom. Spéider Herrscher waren d'Nabateanescht Kinnekräich, d'Réimescht Räich, an d'Osmanescht Räich. No der grousser arabescher Revolt géint d'Osmanen 1916, wärend dem éischte Weltkrich, ass d'Osmanescht Räich tëscht Groussbritannien a Frankräich gedeelt ginn. 1921 ass d'Emirat vun Transjordanien vum deemolegen Emir Abdullah I. ausgeruff an zum brittesche Protektorat ginn. 1946 dunn ass Jordanien offiziell en onofhängege Staat mam Numm Haschemitescht Kinnekräich Transjordanien ginn. Wärend dem Arabesch-Israeelesche Krich 1948 huet Jordanien d'Westbank eruewert, déi et 1967 nees verluer huet, an den Numm vum Land ass 1949 an Haschemitescht Kinnekräich Jordanien geännert. Jordanien ass e Grënnungsmember vun der Arabescher Liga an der Organisatioun vun der islamescher Kooperatioun, an ee vun den zwéin arabesche Staaten, déi e Friddensvertrag mat Israel ënnerschriwwen hunn. D'Land ass eng konstitutionell Monarchie, awer de Kinnek hält bedeitend exekutiv a legislativ Pouvoiren.

Jordanien ass e relativ klengt, semi-arid a bal komplett landëmschlossent Land mat enger Bevëlkerung vun 9,5 Milliounen Awunner. De sunitteschen Islam ass déi verbreetste Relioun am Land a gëtt vun 92% vun der Bevëlkerung praktizéiert. Si koexistéiert mat enger indigener chrëschtlecher Minoritéit. Jordanien gëllt als dat sécherst Land am Nohen Osten, an huet laangzäitegen Terrorismus an Instabilitéit konnte vermeiden. D'Land huet zënter 1948 Flüchtlingen aus bal allen Nopeschlänner empfaangen, dorënner geschaten 2,1 Millioune Palestinenser, 1,4 Millioune Syrier an Dausenden irakesche Chrëschten, déi virum Islamesche Staat geflücht sinn.

Jordanien gëllt als Land mat engem héijen Human Development Index an enger Wirtschaft mat ieweschtem mëttleren Akommes ("upper middle income economy"). D'jordanesch Wirtschaft, eng vun de klengste an der Regioun, ass wéinst der gudder Ausbildung vun der Aarbechtskraaft fir auslännesch Investisseuren attraktiv. D'Land ass eng bedeitend Touristendestinatioun an zitt och wéinst engem gutt entwéckelte Gesondheetszentrum Patienten aus dem Ausland un. Trotzdeem stellen de Manktem vun natierleche Ressourcen, déi grouss Zuel u Flüchtlingen an déi regional Onsécherheet Problemer fir de Wirtschaftswuesstem duer.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jordanien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]