Kirgisistan
| Кыргыз Республикасы (kirgis.) Киргизская Республика (russ.) Kirgisskaja Respublika | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Kirgisesch a Russesch | ||||
| Haaptstad: | Bischkek | ||||
| • Awunner: | 1.191.000 (2025) | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Sadyr Dschaparow | ||||
| • Premierminister: | Adylbek Kassymalijew | ||||
| Fläch: | 199.900 km² | ||||
| Bevëlkerung: | 7.281.800 (2025) | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 36 Awunner/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | 31. August 1991 vun der Sowjetunioun | ||||
| Nationalfeierdag: | 31. August | ||||
| Nationalhymn: | Ak möngülüü aska | ||||
| Wärung: | Som (KGS) | ||||
| Zäitzon: | UTC +6 | ||||
| Internet TLD: | .kg | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+996 | ||||
De Kirgisistan, mam vollen Numm Kirgisesch Republik, ((ky) Kyrgyz Respublikasy, (ru) Kyrgyzkaja Respublica) ass e Staat an Zentralasien. Den haitege Staat ass 1991 aus der fréierer Kirgisescher Sozialistescher Sowjetrepublik (Kirgisesch SSR) ervirgaangen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Kirgisesch Republik läit am Nordoste vun Zentralasien. D'Land grenzt am Norden un de Kasachstan, am Südwesten un Usbekistan, am Süden un Tadjikistan, am Osten a Südosten u China. D'Land huet eng Fläch vun 199.900 km² a Grenze vun am Ganze 4.500 km. De Kirgisistan ass e Biergland; eppes manner wéi 90 % vum Territoire leien op enger Héicht vun iwwer 1.500 Meter.
D'Haaptstad ass Bischkek, mat enger Bevëlkerung vu knapp 1,2 Millioune Leit.
Aner grouss Stied sinn:
- Osch (473.500 Awunner),
- Djalal-Abad (184.400),
- Karakol (90.700),
- Tokmok (76.200),
- Ösgön (65.500),
- Kysyl-Kyja (64.100).
De gréissten Oblast ass Naryn (45.00 km²) an d'Oblaste mat der héchster Bevëlkerungsdicht sinn Osch (49 Leit pro Quadratkilometer) an Tschüi (48 Leit).
Administrativ Ënnerdeelungen
[änneren | Quelltext änneren]De Kirgisistan ass administrativ a 7 Oblasten (oder Oblus, Méizuel Oblustor) agedeelt. D'Oblaste sinn a 40 Rajonen ënnerdeelt, déi hirersäits nees a 473 Landgemengen an 22 Stied opgedeelt sinn.
Do dernieft gëtt et nach zwou Stied (Bischkek an Osch), déi zu kengem Oblast gehéieren, woubäi d'Stad Bischek a 4 Rajonen agedeelt ass.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Oblasten am Kirgisistan.
Klima
[änneren | Quelltext änneren]D'Klima vum Land ass staark kontinental, de Summer an de Stied ass zimmlech waarm, an an de Bierger relativ kill. D'Wantere si kal a schnéiräich, besonnesch an den Héichten.
Déi duerchschnëttlech Lofttemperatur am Summer ass +27° C, mat enger duerchschnëttlecher Minimaltemperatur vu +16° C an enger duerchschnëttlecher Héchsttemperatur vu +33° C. Am Wanter läit d'Lofttemperatur am Duerchschnëtt bei +1° C, déi duerchschnëttlech Minimaltemperatur ass -12° C an déi duerchschnëttlech Héchsttemperatur ass +10°C.[1]
Staats- a Regierungsform
[änneren | Quelltext änneren]De Kirgisistan ass zanter 1991 eng Presidialrepublik. All 5 Joer si Wale fir d'Parlament, dat 75 Memberen huet.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]D'Land huet knapp 7,3 Milliounen Awunner (Stand: 2025)[2], dovu si 77,8 % Kirgisen, 14,2 % Usebeeken, 3,8 % Russen, 1,0 % Dunganen, 0,9 % Tadschiken an 2,3 % aner Ethnien[3].
Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Offiziell Sproochen am Kirgisistan si Kirgisesch an zanter dem Mee 2000 och Russesch.
Regierung a Parteien
[änneren | Quelltext änneren]Zënter der Parlamentswal vun 2021 ass de Sadyr Dschaparow de President vum Land.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kirgisistan – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Geographical Characteristics, Climate and Environment S. 7. National Statistical Committee of the Kyrgyz Republic. Gekuckt den 29.06.2025.
- ↑ Statistical censuses - Open Data - Statistics of the Kyrgyz Republic. stat.gov.kg. Gekuckt den 29.06.2025.
- ↑ (en) Ethnic composition of the population S. 14. National Statistical Committee of the Kyrgyz Republic. Gekuckt den 29.06.2025.
