Katar

Vu Wikipedia


Daulat Qatar (arab.)
Katar

Fändel vum Katar

Wope vum Katar

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Doha
Staatsform: Absolut Monarchie
 • Emir: Tamim bin Hamad Al Thani
 • Premierminister: Khalid bin Khalifa bin Abdul Aziz Al Thani
Fläch: 11.437 km²
Bevëlkerung: 839.213 (2005)

De Katar (arabesch: قطر Qatar) ass e Staat am Persesche Golf. Et ass eng Hallefinsel a grenzt u Saudiarabien.

Lag a Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

De Katar läit am Nordoste vun der Arabescher Hallefinsel a seng Nopeschlänner si Bahrain, Saudiarabien an d'Vereenegt Arabesch Emirater.

D'Land huet eng Fläch vun 11.437 km². Vu Süden no Norde sinn et 180 km, a vu Westen no Osten 80 km.

Landschaft[änneren | Quelltext änneren]

Dat ganzt Land ass relativ flaach an eng grouss Parti ass Steewüst bal mat décke Waken, a bal mat Kisel.

Am Südosten um Mier läit d'Lagun Khor Udaid, an am Süde gëtt et bis zu 40 m héich Sanddünen.

Am Westen ass d'Hiwelkette vum Jebel Dukhan, där hiren héchste Punkt op ongeféier 110 Meter iwwer dem Mier läit. Ëm dat ganzt Land leie Koralleriffer.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

De Klima ass subtropesch a ganz waarm. Well de Katar zimmlech no um Persesche Golf läit ass et dat ganz Joer iwwer zimmlech schmeier.

Am Summer (Mee-September) leien d'Temperaturen tëscht 35 °C a 45 °C, an am Wanter tëscht 25 °C a 35 °C. D'Loftfiichtegkeet ass an der Moyenne 8 %. De Katar ass eent vun de Länner op der Welt mat de mannste Nidderschléi, an ass och soss ganz waasseraarm.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Katar – Biller, Videoen oder Audiodateien