Aserbaidjan

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer den Aserbaidjan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Azərbaycan Respublikası

Fändel vum Aserbaidjan

Wope vum Aserbaidjan

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Aserbaidjanesch
Haaptstad: Baku
Staatsform: Republik
 • President: Ilham Aliyev
 • Premierminister: Ali Asadov
Fläch: 86 600 [1] km²
 • Dovu Waasser: 0,6 %
Bevëlkerung: 9.164.600[2]

[3] (89.)

 • Bevëlkerungsdicht: 105,8/km²
Onofhängegkeet: vun der Sowjetunioun,
den 30. August 1991
Nationalfeierdag: 28. Mee
Nationalhymn: Azərbaycan Marşı
Wärung: Manat
Zäitzon: UTC +4
Internet TLD: .az
Internationalen
Telefonsprefix
:
+994

Den Aserbaidjan (aserbaidjanesch: Azərbaycan) ass eng Republik am Südweste vun Asien, tëscht dem Kaspesche Mier an dem Kaukasus. Nopeschlänner sinn am Norde Russland, am Nordweste Georgien, am Süden den Iran an am Westen Armenien. D'Exklav Nachitschewan, duerch armeenescht Staatsgebitt vum Kärland getrennt, huet am nordwestlechen Eck och nach 11 Kilometer Grenz mat der Tierkei. Déi fréier Aserbaidjanesch SSR gouf 1991 vun der Sowjetunioun onofhängeg.

D'Haaptstad vum Aserbaidjan heescht Baku (Bakı) an ass eng grouss a wichteg Hafestad um Kaspesche Mier.

Obwuel d'Staatsgebitt zanter der Sowjetzäit schonn den Numm „Aserbaidjan“ dréit, gëtt mat deem Numm ursprénglech e Gebitt bezeechent, dat méi wäit südlech läit an haut zum Staatsgebitt vum Iran gehéiert, an dat haut och nach den Numm Aserbaidjan dréit. D'Gebitt vum haitegen Aserbaidjan hat virdrun d'Nimm Aran an Albania.

D'baussepolitesch Relatioune mat Armenie bleiwe viru ferm strapazéiert. 1992 sinn d'Konflikter ëm d'Regioun Biergkarabach am haitegen Aserbaidjan zu engem bluddege Krich mam Nopeschland eskaléiert. Och nach nom Waffestëllstand vun 1994 occupéiert Armenie ronn 15 % vun der Géigend. D'Friddensverhandlungen tëscht de Parteie stagnéieren zanterhier.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aserbaidjan – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vereent Natiounen, 2004
  2. The International Population Day, The demographic situation in Azerbaijan, The State Statistical Committee of the Republic of Azerbaijan, 11.07.2011
  3. Nine millionth Azerbaijani citizen born. Today.Az. 15.1.2010.