Op den Inhalt sprangen

Asien

Vu Wikipedia
Asien
Geographie
Geographesch Lag Ëstlech Hemisphär
Besteet aus Ostasien, Südostasien, Zentralasien, Südasien, Noen Osten, Nordasien, Westasien
Fläch 44.614.500 km²
Héchste Punkt Mount Everest (8.848,86 m)
Déifste Punkt Doudegt Mier (-440,81 m)
Demographie
Awunner 4.977.954.915 (2025)
Aner Informatiounen
Genannt no Asia
Zäitzon UTC+6
Länner an Asien

Asien ass den ëstlechen Deel vum Duebelkontinent Eurasien. Et ass dee gréissten a bevëlkerungsräichste Kontinent vun der Äerd a läit op der ëstlecher Hemisphär. Asie bedeckt eng Fläch vu 44.614.500 km² (33,06 % vun der Fläch vun der Welt).

Seng Bevëlkerung huet sech am 20. Joerhonnert bal vervéierfacht a gëtt op 4.977.954.915 Awunner (Stand 2025)[1][2] geschat. Iwwer d'Hallschent vun de Mënsche liewen um asiatesche Kontinent, mä a ganz ënnerschiddlecher Verdeelung. China an Indien zielen zu de bevëlkerungsräichste Staaten op der Äerd.

Asien ass am Norde vum Arkteschen Ozean, am Oste vum Pazifeschen Ozean an am Süde vum Indeschen Ozean agegrenzt.

Am Weste gëtt et keng kloer geographesch oder geologesch Grenz mat Europa. Déi heefegst Definitioun fir d'Grenz ass (vun Norden no Süden): den Ural, den Ural-Floss, d'Kaspescht Mier, de Kaukasus bzw. de Manytschbaseng, d'Südküst vum Schwaarze Mier, gradewéi de Bosporus, d'Marmaramier an d'Dardanellen. Vum Karamier bis op d'Schwaarzt Mier ass dës Grenz ongeféier 2.700 km laang.

Nërdlech vum Roude Mier ass Asien iwwer d'Sinai-Hallefinsel an den 120 Kilometer breede Suez-Isthmus mat Afrika verbonnen.

Am Nordoste leien d'Festlandmassen vun Asien an Nordamerika op der Beringstrooss just eppes méi wéi 80 km vuneneen ewech. De Malayseschen Archipel am Südoste verbënnt den asiatesche Kontinent mat Australien. De südlechste Punkt ass déi indoneesesch Insel Pamana.

Eng Rei Kulturen hunn hir Originnen an Asien, absënns a China, Japan, Indien, am Iran, a Babylonien an an Assyrien am Noen Osten. All d'Weltreliounen hunn hiren Urspronk an Asien.

Asien an Europa verbënnt eng laang Traditioun, sief et duerch Kricher (Alexander de Groussen, d'Perserkricher, d'Kräizzich, d'Invasioune vun den Hunnen an den Tierken, …), Entdeckungsreesen (z. B. Sven Hedin), awer och duerch wichteg Handelsverbindungen, wéi der Seidestrooss.

Asien hat vu jeehier ëmmer grouss Räicher an ass net sou fragmentéiert wéi Europa. Déi chineesesch Kultur huet hir Spueren an der Welt hannerlooss, besonnesch awer an Ostasien (Pabeier, Dréckerei, Kompass, Seid, Parzeläin a villes méi). De Buddhismus huet sech vun Indien aus verbreet. Nordasien (besonnesch Sibirien) war eng laang Zäit praktesch net bewunnt an eréischt wéi d'russescht Räich sech weider ausgedeent huet goufen do méi grouss Stied gegrënnt. Zentralasie war traditionell d'Heemecht vu Steppevëlker (z. B. d'Mongolen), déi fréier eng Bedroung fir Europa duergestallt hunn. Westasie gëtt zënter dem 7. Joerhonnert vum Islam dominéiert an hat e staarken Afloss op Nordafrika.

Bevëlkerung a Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]

An Asie ginn Honnerte Sprooche geschwat. Zu de wichtege Sproochefamilljen a Sproochegruppen gehéieren absënns:

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Geographesch Opdeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt verschidden Approchë fir eng regional Opdeelung vun Asien. Déi Andeelung hei drënner gëtt ë. a. vun de Vereenten Natiounen (VN) fir statistesch Zwecker benotzt, ouni politesch oder aner Zougehéieregkeeten ze berécksiichtegen.

De VN no ass Asien a sechs Regiounen opgedeelt[3]:

Zum asiatesche Kontinent gehéieren:

  • 49 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 1 net-Member (Palestina) deen awer de Statut vun engem Observateur vun de VN (United Nations General Assembly observer) huet,
  • 1 Land (Taiwan), deem seng Eegenschaft als Staat ëmstridden ass.
Lëscht vun de Staaten an Asien (Stand: Juli 2025)
Nr Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Regioun Haaptstad Fläch [km²][4] Awunner[5] Bemierkung
1 Afghanistan Islamescht Emirat Afghanistan Südasien Kabul 652.230 42.647.492
2 Armenien Republik Armenien Westasien Jerewan 29.743 2.973.840 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Pakistan)
gëtt politesch a kulturell zu Europa gezielt
3 Aserbaidjan Republik Aserbaidjan Westasien Baku 86.600 10.336.577
4 Bahrain Kinnekräich Bahrain Westasien Manama 760 1.607.049
5 Bangladesch Volleksrepublik Bangladesch Südasien Dhaka 148.460 173.562.364
6 Bhutan Kinnekräich Bhutan Südasien Thimphu 38.394 791.524
7 Brunei Brunei Darussalam Südostasien Bandar Seri Begawan 5.765 462.721
8 China Volleksrepublik China Ostasien Peking 9.596.960 1.419.321.278 VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 11 Staaten net unerkannt: Belize, Eswatini, Guatemala, Haiti, Marshallinseln, Palau, Paraguay, St. Kitts an Nevis, St. Lucia, St. Vincent an d'Grenadinnen, Tuvalu)
9 Egypten Arabesch Republik Egypten Westasien Kairo 1.001.450 116.538.258 nëmmen d'Sinai-Hallefinsel
10 Georgien Georgien Westasien Tiflis 69.700 3.807.670 inklusiv Abchasien a Südossetien
gëtt politesch a kulturell zu Europa gezielt
11 Indien Republik Indien Südasien Nei-Delhi 3.287.263 1.450.935.791 inklusiv Kaschmir
12 Indonesien Republik Indonesien Südostasien Nusantara 1.904.569 283.487.931
13 Irak Republik Irak Westasien Bagdad 438.317 46.042.015
14 Iran Islamesch Republik Iran Westasien Teheran 1.648.195 91.567.738
15 Israel Staat Israel Westasien Jerusalem (de facto) 21.937 9.387.021 inklusiv de Golanhéichten, Ostjerusalem – ouni d'Gazasträif, Westjordanland
VN-Member, limitéiert Unerkennung (vun 30 Staaten net unerkannt: Afghanistan, Algerien, Bangladesch, Bolivien, Brunei, Dschibuti, Indonesien, Irak, Iran, Jemen, Katar, Komoren, Kuba, Kuwait, Libanon, Libyen, Malaysia, Malediven, Mali, Mauretanien, Niger, Nordkorea, Oman, Pakistan, Saudi-Arabien, Somalia, Syrien, Tunesien, Venezuela)
16 Japan Japan Ostasien Tokio 377.915 123.753.041
17 Jemen Republik Jemen Westasien Sanaa (de jure)
Aden (de facto)
527.968 40.583.164
18 Jordanien Haschimitescht Kinnekräich Jordanien Westasien Amman 89.342 11.552.876
19 Kambodja Kinnekräich Kambodja Südostasien Phnom Penh 181.035 17.638.801
20 Kasachstan Republik Kasachstan Zentralasien Astana 2.724.900 20.592.571 ouni den europäeschen Deel
21 Katar Staat Katar Westasien Doha 11.586 3.048.423
22 Kirgisistan Kirgisesch Republik Zentralasien Bischkek 199.951 7.186.009
23 Kuwait Staat Kuwait Westasien Kuwait 17.818 4.934.507
24 Laos Demokratesch Volleksrepublik Laos Südostasien Vientiane 236.800 7.769.819
25 Liberia Republik Liberia Westasien Monrovia 111.369 5.612.817
26 Malaysia Malaysia Südostasien Kuala Lumpur (de jure)
Putrajaya (de facto)
329.847 35.557.673
27 Malediven Republik Malediven Südasien Malé 298 527.799
28 Mongolei Mongolei Ostasien Ulaanbaatar 1.564.116 3.475.540
29 Myanmar Unioun Myanmar Südostasien Naypyidaw 676.578 54.500.091
30 Nepal Demokratesch Bundesrepublik Nepal Südasien Kathmandu 147.181 29.651.054
31 Nordkorea Demokratesch Volleksrepublik Korea Ostasien Pjöngjang 120.538 26.498.823 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Südkorea)
32 Oman Sultanat Oman Westasien Maskat 309.500 5.281.538
33 Pakistan Islamesch Republik Pakistan Südasien Islamabad 796.095 251.269.164 ouni Asad Kaschmir a Gilgit-Baltistan
Palestina Staat Palestina Westasien Ostjerusalem (de jure)
Ramallah (de facto)
5.860 5.495.443 kee Member vun de VN; vëlkerrechtlech Staatsqualitéit gëtt unerkannt
begräift Gazasträif, Westjordanland
34 Philippinnen Republik vun de Philippinnen Südostasien Manila 300.000 115.843.670
35 Russland Russesch Federatioun Nordasien Moskau 17.098.242 144.820.423 ouni den europäeschen Deel
36 Saudi-Arabien Kinnekräich Saudi-Arabien Westasien Riad 2.149.690 33.962.757
37 Singapur Republik Singapur Südostasien Singapur 719 5.832.387
38 Sri Lanka Demokratesch Sozialistesch Republik Sri Lanka Südasien Sri Jayawardenepura (de jure)
Colombo (de facto)
65.610 23.103.565
39 Südkorea Republik Korea Ostasien Seoul 99.720 51.717.590 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Nordkorea)
40 Syrien Arabesch Republik Syrien Westasien Damaskus 187.437 24.174.628 inklusiv de Golanhéichten
41 Tadjikistan Republik Tadjikistan Zentralasien Duschanbe 141.100 10.590.927
Taiwan Republik China Ostasien Taipeh 35.980 23.213.962 kee Member vun de VN
begräift Taiwan, Penghu, Lan Yu, Lü Dao, Kinmen, Matsu, Taiping Dao an Dongsha
42 Thailand Kinnekräich Thailand Südostasien Bangkok 513.120 71.668.011
43 Tierkei Republik Tierkei Westasien Ankara 783.562 87.473.805 ouni den europäeschen Deel
44 Timor-Leste Demokratesch Republik Timor-Leste Südostasien Dili 14.874 1.400.638
45 Turkmenistan Turkmenistan Zentralasien Aşgabat 488.100 7.494.498
46 Usbekistan Republik Usbekistan Zentralasien Taschkent 447.400 36.361.859
47 Vereenegt Arabesch Emirater Vereenegt Arabesch Emirater Westasien Abu Dhabi 83.600 11.027.129
48 Vietnam Sozialistesch Republik Vietnam Südostasien Hanoi 331.070 100.987.686
49 Zypern Republik Zypern Westasien Nikosia 5.896 1.358.282 VN-Member, limitéiert Unerkennung (Tierkei)
inklusiv Nordzypern
gëtt politesch a kulturell zu Europa gezielt
 Commons: Asien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. (en) Asia Population 2025. Gekuckt de 5. August 2025.
  3. UNSD — Methodology. unstats.un.org (Op der lénker Säit: "Geographic Regions" uklicken). Gekuckt de 05.08.2025.
  4. Area - The World Factbook. www.cia.gov Archivéiert de 05.01.2024. Gekuckt de 06.07.2025.
  5. (en) World Population Prospects. population.un.org Archivéiert den 10.07.2025. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“