Kuwait

Vu Wikipedia


دولة الكويت
Daulat al-Kuwait

Fändel vu Kuwait

Wope vu Kuwait

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Arabesch
Haaptstad: Kuwait City
 • Awunner: 96.100 (Estim. 2005)
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Emir: Mischal al-Ahmad al-Dschabir as-Sabah
 • Premier Minister: Mohammad Sabah al-Salem as-Sabah
Fläch: 17.818 km²
 • Dovu Waasser: quasi null %
Bevëlkerung: 4.294.621[1] (Estim. 2022) (137.)
 • Bevëlkerungsdicht: 200,2/km²
Onofhängegkeet: 19. Juni 1961
Nationalhymn: Al-Nasheed Al-Watani
Wärung: Kuwaiti Dinar KWD
Zäitzon: UTC +3
Internet TLD: .kw
Internationalen
Telefonsprefix
:
+965

Kuwait, (Arabesch: الكويت al-Kuwayt) ass e Staat an Asien.

E grenzt am Norden an am Westen un den Irak, am Süden u Saudiarabien, an am Osten un de Persesche Golf.

De gréissten Deel vum Land, ass Wüstegebitt, vun der Wüst ad-Dibbida.

Ofgesi vum Héichtenzoch vun de Zaur-Bierger an der Bucht vu Kuwait, an e puer vereenzelte Koppen ass d'Land flaach.

Un der Südspëtz vun der Bucht läit d'Haaptstad mat hirem natierlechen Hafen. Am Süden dovu leien déi grouss Pëtrolsfelder.

Déi héchst Plaz ass am Weste vum Land op engem Sandsteeplateau, mat 290 Meter.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kuwait – Biller, Videoen oder Audiodateien
Kaart vu Kuwait
  1. Schabloun:Cite CIA World Factbook