Wärung

Vu Wikipedia

Ënner enger Wärung versteet een an engem wäite Sënn vum Wuert dat staatlecht gereegelt Geldwiesen an engem Land oder enger Wärungszon, wéi d'Europäesch Unioun (EU). Enk gefaasst ass et d'Unitéit, déi engem Wärungssystem zugrond läit. Allgemeng besteet en Annahmenzwang fir eng Wärung, déi d'Funktioun vun engem gesetzlechen Zahlungsmëttel huet.

Funktioune vun enger Wärung an Evolutioun vun de Wärungssystemer[änneren | Quelltext änneren]

Eng Wärung huet eng dräifach Funktioun

  • Si ass en offiellt Zahlungsmëttel;
  • Si stellt e Wäertmeter duer, deen et erlaabt Präisser a Wäerter ze moossen,
  • Si ass e Reserveinstrument, gewëssermoossen d'Strëmp an där Guthaben, Boergeld an aner Avoiren, kënne stockéiert ginn.

A deem Sënn gëtt och tëscht der Buchwärung (monnaie scripturale), dat heescht: dem Geld op Konten, an dem Boergeld (Monnaie fiduciaire), dat sinn d'Billjeeën an d'Mënzen am Ëmlaf, en Ënnerscheed gemaach. Zesumme bilde si d'Geldmass, iwwer déi e Land verfüügt. Et hu sech am Laf vun der Geschicht verschidde Wärungssystemer entwéckelt, wat hir Deckung ugeet. Am Ufank war et de Goldstandard, an deem de Wäert vum Geld engem Goldgewiicht entsprach huet, an duerch Gold gedeckt a garantéiert war. D'Golddeckung ass tëscht 1929 an 1932, als Folleg vun der Wirtschaftskris, an de meeschte Länner ofgeschaf ginn. Soulaang wéi nach an engem Land d'Goldeckung bestanen huet, hunn d'Länner sech am Gold exchange standard erëmfonnt. Hie gouf 1994 op der Konferenz vu Bretton Woods confirméiert. Op där Konferenz ass och de Internationale Wärungsfong geschaf ginn. Wéi och 1971 d'USA d'Golddeckung opginn hunn, waren all Wärungen ongedeckt an de Wäert vun den eenzele Wärungen huet dunn nëmme méi vum d'Vertrauen op d'Wirtschaft vun engem Land ofgehaangen. Hir Wiesselcoursen hunn ënnerenee fräi flottéiert a sech no uewen oder ënne beweegt.

D'Stabilitéit vun de Wärungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Zentralbanken hunn als Aufgab, d'Stabilitéit vun de Wärungen z'erhalen. An der Eurozon ass et d'Europäesch Zentralbank, déi dës Missioun krut. Si übt se zesumme mat den nationalen Zentralbanken aus.

Fir d'Stabilitéit vum Euro sécherzestellen, sinn am Vertrag vu Maastricht Konvergenzkrittären opgestallt ginn, un déi all Land sech hale muss.

Et gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht der interner Stabilitéit vun enger Wärung an hirer externer Stabilitéit.

Intern Stabilitéit[änneren | Quelltext änneren]

An engem Land ass d'Erhale vun der Kafkraaft eng wichteg Aufgab. D'Kafkraaft gëtt gemooss vum Index vun de Konsumpräisser, een Index, deen et an all Land gëtt.

Extern Stabilitéit[änneren | Quelltext änneren]

D'extern Stabilitéit vun enger Wärung gëtt ausgedréckt an der Evolutioun vun hire Wiesselcourse géintiwwer de Wärungen aus drëtte Länner, haaptsächlech géintiwwer de Weltwärungen, wéi dem US-Dollar an dem Pond Sterling. Wann déi sech staark no ënne veränneren, gëtt eng Wärung net méi als stabil betruecht.

Geschicht vum Lëtzebuerger Wärungssystem[änneren | Quelltext änneren]

Wéi 2002, den Euro agefouert gouf, hat Lëtzebuerg schonn dräi respektiv véier Wärungsregimmer passéiert:

  • Den hollännesche Regimme, an deem de Florin (1816-1832) de facto am Ëmlaf war. No der belsch-hollännescher Scissioun och de belsche Frang (1832-1834),
  • de Regimm vum däitschen Zollveräin (1834-1918),
  • d'Wärungsassociatioun am Kader vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun,
  • den opgezwongenen däitsche Wärungssystem an der Zäit vun der Besatzung am Zweete Weltkrich,
  • an duerno de Regimm vun der Wärungsassociatioun mat der Belsch, dee 1945 erëm op enger neier Basis méiglech gouf.

Am Zollveräin[änneren | Quelltext änneren]

Wärend a virun der Zäit vum Zollveräin, (1834-1918), zu deem och Lëtzebuerg gehéiert huet, gouf et nach kee rationell ausgeschafe Wärungsstatut. Munnegereen, besonnesch den Albert Calmes huet d'Situatioun a puncto Geld souguer als chaotesch bezeechent. D'Land hat ebe keng monetär Souveränitéit, a virun allem keng gemeinsam Wärung. Haaptsächlech hollännesch, belsch a franséisch Geldschäiner waren am Ëmlaf, wärend d'Administratioun vun der Douane an däitschen Unitéite gerechent huet. Et war e pragmatesche System mat pur Käpp. Fir e bësschen Uerdnung an déi Situatioun ze bréngen, huet dunn 1842 d'Regierung de Frang a Silbergros tariféiert (1 Frang = 8 preisesch Silbergros). Nëmme wat d'Bezuelen un d'Douane ugeet, war domat Kloerheet geschaf. D'Confusioun blouf awer weider grouss. Et gouf zur Zäit vum Zollveräin probéiert fir typesch Lëtzebuerger Wärungsfunktiounen opzebauen, an zwar iwwer heemesch Banken. Gläich zwéi Kreditinstituter ass et erlaabt ginn, an engem begrenzte Volume Geldschäiner erauszeginn:

  • Déi 1856 gegrënnte Banque Internationale konnt opgrond vun hire Statute Geldschäiner vu 5 bis 500 hollännesche Florinen an och 10 bis 500 preisesch Daleren erausginn, an dat bis zu engem Géigewäert vun zweemol hirem fräie Kapital. Et war virgesinn, datt hiert Emissiounsrecht nach op aner Geldschäiner kéint vergréissert ginn, wann et zu enger gemeinsamer Wärung kéim.
  • D'Banque Nationale, déi 1873 gegrënnt gouf - haaptsächlech fir de Monopol vun der Banque Internationale ze briechen - huet an hirer kuerzer Liewenszäit (1873-1881) och Emissiounsfunktioune gehat. Si war souguer als Emissiounsinstitut geduecht. Well hir Schäiner net déi gewënschten Zirkulatioun an den däitsche Länner erreecht huet, an och, well si duerch de Konkurrenzkampf mat der Banque Internationale staark ugeschloe war, huet si 1881 hir Aktivitéite misse ganz astellen.

An der Belsch-Lëtzebuerger Wärungsunioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, déi fir Lëtzebuerg och eng Wärungsassoziatioun bedeit huet, hunn d'Prinzipe vun deem Wärungssystem sech net fundamental verännert. Hie blouf:

  • pragmatesch,
  • multimonetaristesch ausgeriicht an
  • huet dem Land nëmmen en Uschäi vun enger monetärer Souveränitéit bruecht.

Auschléisslech d'Geld am Ëmlaf an d'Emissiouns-Zentren hu changéiert. Charakteristesch war et, datt d'Prinzipe vum Lëtzebuerger Wärungssystem net ursprénglech an de Verträg definéiert goufen. Et gouf nëmmen zeréckbehalen:

  • datt de Lëtzebuerger an de Belsche Frang am Land parallel géifen zirkuléieren (Ouni Réciprocitéit);
  • dat de Volumen an den Nominalwäert vu Lëtzebuerger Schäiner begrenzt wier, ursprénglech op 25 Millioune Frang (mat engem maximale Wäert vun 10 Frang pro Schäin. Dës zwou Limitte sinn allerdéngs sukzessiv erhéicht ginn.

Domat gouf et dräi fir Lëtzebuerg zoustänneg Emissiouns-Organer:

  • d'Banque Nationale de Belgique, déi belsch Zentralbank (Emissioun vu Geldschäiner),
  • de belsche Trésor (Emmissioun vu belsche Mënzen),
  • de Lëtzebuerger Trésor, dee gläichzäiteg fir d'Emissioun vu Lëtzebuerger Schäiner an d'Prägung vu Lëtzebuerger Mënzen zoustänneg war.
  • d'Banque Internationale (Limitéiert Emissiounsrecht fir Schäiner a Lëtzebuerger Frang en).

Déi zwou Wärunge ware mat Ausnam vun der Period 1935-1940 au pair. Dat heescht, si haten dee selwechte Wäert (1 Lëtzebuerger Frang = 1 Belsche Frang). Wéi et 1935 zu enger Ofkoppelung vun der Paritéit vun de zwou Wärunge komm ass, steet am Bäitrag iwwer de Lëtzebuerger Frang.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Georges de Leener: Le franc luxembourgeois, Bulletin de la Banque Nationale de Belgique du 25 avril 1937
  • Albert Calmes: Aperçu de l'histoire économique 1839-1939, Le Luxembourg, Livre du Centenaire, Luxembourg, 1939
  • Luc Hommel: Une expérience d'union économque, Louvain ,1933
  • Daniel Rousseau: L'unité monétaire luxembourgeoise, Luxembourg, 1928
  • Jean Masclet: Contribution à l'étude du franc luxembourgeois - Stabilisation d'une monnaie à circulation restreinte, Luxembourg, 1937
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Jutta Jaans-Hoche: Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Wärungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  • Christian Calmes: Au Fil de l'Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Véronique Lecomte-Collin et Bruno Collin: Histoire de la monnaie, , Éditions Trésor du Patrimoine, 2004
  • Roger Croisé, René Link: La législation monétaire au Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours,Edition: Lux-Numis, Luxembourg,1988,639 p.
  • Paul Margue, Marie-Paule Jungblut: Le Luxembourg et sa monnaie, Publié sous l'égide de l'Institut Monétaire luxembourgeois, Esch/Alzette, 1990, 192 Säiten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wärungen – Biller, Videoen oder Audiodateien