Traité iwwer d'Europäesch Unioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Vertrag vu Maastricht)

Den Traité iwwer d'Europäesch Unioun (och bekannt als Vertrag vu Maastricht) gouf de 7. Februar 1992 zu Maastricht ënnerschriwwen an ass den 1. November 1993 a Kraaft getrueden. Et ass de Grënnungsakt vun der Europäescher Unioun, deen op dräi Sailen rout an den Ausgangspunkt duerstellt:

Memorial zu Maastricht
  • fir d'Schafe vun enger gemeinsamer Aussen- an Sécherheetspolitik,
  • fir d'Verstäerkung vun der Zesummenaarbecht um Niveau vun der Police an der Justiz,
  • a schlussendlech fir d'Schafung vun enger Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun, EWWU

Am Vertrag vu Maastricht sinn och Konvergenzkrittäre festgeluecht ginn. Dat sinn d'Krittären, déi vun de Länner vun der Eurozon mussen agehale ginn, fir d'Stabilitéit vun der Europäescher Wärung, dem Euro, ze garantéieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.