Euro

Vu Wikipedia
Blo: Länner vun der Eurozon (20)
Giel: Länner, déi den Euro mat offiziellem Accord agefouert hunn (4)
Mof: Länner, déi den Euro vu sech aus als Wärung agefouert hunn (2)
Rout: aner Memberlänner vun der EU (ouni Euro) (5)
Orange: Länner am WCM II (2)
(Stand: 1. Januar 2023)

Den Euro (Iso-Code: EUR – Symbol: €) ass d'Wärung vun der Europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun. 1 Euro ass an 100 Cent ënnerdeelt.

Den Euro gëtt et vum 1. Januar 1999 un als offiziell Buchwärung. Scho virdrun, de 14. Februar 1997 war allerdéngs schonn en éischten Emprunt an Euro, e Virleefer, op der Lëtzebuerger Bourse zur Cote zougelooss ginn. Euro-Billjeeën a Mënze koumen den 1. Januar 2002 an Ëmlaf.

Den Euro gëtt duerch de "System vun den Europäeschen Zentralbanke" verwalt, dee sech aus der Europäescher Zentralbank (EZB) an den Zentralbanke vun der Eurozon zesummesetzt. D'Europäesch Zentralbank ass als eenzeg kompetent, Decisiounen, déi den Euro betreffen, ze huelen.

Den 1. Januar 2021 ware 26 468 962 663 Billjeeën am Ëmlaf, am Wäert vun 1 434 506 526 830 €, an 138 068 816 079 Mënzen am Wäert vun 30 407 933 257 €, am Ganzen deemno eng Zomm vun 1 464 914 460 087 €[1].

Länner wou den Euro als Wärung zielt[änneren | Quelltext änneren]

20 vun de 27 Memberstaate vun der Europäescher Unioun (EU) a 6 Net-EU-Staaten hunn den Euro als Wärung.

20 EU Memberstaate vun der Eurozon:[änneren | Quelltext änneren]

Staate baussent der Europäescher Unioun:[änneren | Quelltext änneren]

◆ mat formellem Accord agefouert
◇ hunn den Euro inoffiziell, ouni Accord, vu sech aus agefouert

Do dernieft gëtt et nach 2 Länner (Bulgarien an Dänemark), grad ewéi d'Wärungszonen CFA-Frang an CFP-Frang, deenen hiren Ëmrechnungscours un den Euro gebonne ass (kuckt och: Eurozon).

Wéi den Euro agefouert gouf[änneren | Quelltext änneren]

De Virleefer vum Euro ass den ECU, d'Rechnungsunitéit vum Europäesche Wärungssystem (EWS), deen 1979 a Kraaft getruede war. Obschonn den ECU am Wäert vun 1:1 an Euro ëmgetosch gouf, ass nëmmen den Euro eng echt Wärung; den ECU war just eng Rechnungsunitéit, also och keng Buchwärung. Ausserdeem ware just Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner déi ganzen Zäit am EWS integréiert.

Am Traité iwwer d'Europäesch Unioun (Traité vu Maastricht) sinn d'Konvergenzkrittäre festgeluecht, déi mussen agehale ginn, fir kënnen an der Eurozon derbäi ze sinn. Den 13. Dezember 1996 si sech d'EU-Finanzministeren iwwer den Euro-Stabilitéitspakt eens ginn.

Den Yves-Thibault de Silguy an de Jacques Santer 1998, wéi feststoung, wat fir Länner géife matmaachen

Den 1. Januar 1999 ass d'Gebuertstonn vum Euro, vun do u sinn déi al national Wärunge just nach Fraktioune vum Euro. Mä den Euro gouf et just um Pabeier: Virementen a Versementen konnten an Euro gemaach ginn (a Griicheland zanter dem 1. Januar 2001), Konten a Spuerbicher konnten an Euro oder den ale Wärunge gefouert ginn. Wäertpabeieren an Aktien goufe just nach an Euro gehandelt. Mä nach sollt et 3 Joer daueren, bis datt d'Leit Euromënzen a -schäiner am Grapp kéinten halen.

Euro-Symbol

Am September 2001 ass domat ugefaange ginn, fir d'éischt d'Banken, dann d'Geschäfter no an no mat den neie Billjeeën a Schäiner anzedecken. Dës hunn awer bis zum Joreswiessel net däerfen an Zirkulatioun bruecht ginn. Eng Ausnam waren d'Euro-Mënzen, déi ee vum 15. Dezember a Form vun enger Zort Virwëlztitchen, "Euro-Starterkit" genannt, bei Banken a Posten ze kafe krut (zu Lëtzebuerg z. B. am Géigewäert vu 500 Frang). D'Iddi war, datt d'Leit sech alt kéinte mat deene neie Mënze kënneg maachen, an och, datt e se Mënz an der Täsch hätten, wa se vum 1. Januar un akafe goungen.

Den 1. Januar 2002, Punkt Hallefnuecht, goufen och d'Billjeeën an den Ëmlaf bruecht. Wärend eng kuerzer Iwwergangszäit (déi ënnerschiddlech no Land war, mä net méi laang wéi den 28. Februar 2002 gedauert huet) sinn den Euro an déi al Landeswärunge parallel zirkuléiert. Dës hunn zanterhier kee legale Cours méi, kënnen awer nach eng gewëssen Zäit (och dëst ass vu Land zu Land, an och nodeem, ob et Billjeeën oder Mënze sinn) bei den Zentralbanken an Euro ëmgetosch ginn. Lëtzebuergesch a Belsch Frang-Mënzen z. B. goufe just bis den 31. Dezember 2004 ëmgetosch, elo zielt just nach hire Metall- oder Sammlerwäert.

D'Schäiner a Frange behalen awer hire Wäert.

An deene Länner, déi duerno den Euro agefouert hunn, gouf dat gläichzäiteg als Buch- an Ëmlafwärung gemaach (de sougenannte Big Bang-Zenario). Och gouf d'Period vun der Parallel-Zirkulatioun vun der aler Wärung an dem Euro op 14 Deeg begrenzt.

Ëmrechnungscours vum Euro[änneren | Quelltext änneren]

De Wim Duisenberg den 31.12.1998 virun engem Tableau, op deem den Ëmrechnugscours par Rapport zu den ale Wärunge festgehle gouf.

Den Taux vum Euro par Rapport zu den ale Wärunge vun der Wärungsunioun gouf (ausser fir Griicheland, d'Slowakei, Slowenien, Zypern, Malta an Estland) den 31. Dezember 1998 festgeluecht. D'Basis dobäi war den Ëmrechnungswäert vum ECU.

Een Euro entsprécht:

Par Rapport zum US-Dollar huet den Euro sech am Ufank negativ entwéckelt. De 4. Januar 1999, deen éischten Dag, wou Coursen op der Bourse an Euro gehandelt goufen, huet 1 Euro ronn 1,17 US-Dollar entsprach. No ongeféier 2 Joer hat den Euro mat ronn 0,82 Dollar pro Euro säin déifste Stand par Rapport zum Dollar erreecht. Des Tendenz geet awer zanterhier nees no uewen; den 21. September 2007 huet de Wiesselcours 1,40 US-Dollar fir 1 Euro iwwerschratt an de 26. Februar 2008 krut ee fir d'éischt Kéier fir 1 Euro 1,50 Dollar, an am Juli 2008 1,60 US-Dollar. Zanterhier ass de Wäert vum Dollar par Rapport zum Euro nees an d'Luucht gaangen; e louch am Juni 2010 ëm 1,20 USD fir 1 EUR.

Wou gëtt mat Euro bezuelt?[änneren | Quelltext änneren]

Dës Länner hunn hir al Wärung mam Euro ersat:

  • Belsch (agefouert als Buchgeld 1999 / als Borgeld 2002)
  • Däitschland (1999/2002)
  • Éisträich (1999/2002)
  • Estland (2011/2011)
  • Finnland (1999/2002)
  • Frankräich (1999/2002)
  • Griicheland (2001/2002)
  • Holland (1999/2002)
  • Irland (1999/2002)
  • Italien (1999/2002)
  • Kroatien (2023/2023)
  • Lettland (2014/2014)
  • Lëtzebuerg (1999/2002)
  • Litauen (2015/2015)
  • Malta (2008/2008)
  • Portugal (1999/2002)
  • Slowakei (2009/2009)
  • Slowenien (2007/2007)
  • Spuenien (1999/2002)
  • Zypern (2008/2008)

Dozou gehéieren och déi véier franséisch Iwwerséidepartementer (Départements Outre-Mer oder DOM) Guyane, Réunion, Martinique a Guadeloupe. Et kann een deemno am Südamerikaneschen Djungel mam Euro bezuelen. Och Saint Pierre et Miquelon huet den Euro.

Dräi Länner hate scho virdrun eng Wärungsunioun mat engem Land, dat der EWU bäigetruede ass, an hunn deemno och den Euro als legal Wärung agefouert. Dëst sinn:

Si hate virdru schonn d'Recht, eng begrenzt Mass vu Suen a Form vu Mënzen erauszeginn (a Franséische Frang, resp. Liren), a kënnen dofir och eng limitéiert Zuel Euro-Mënzen erausginn. Andorra fir säin Deel däerf och, no engem Wärungsaccord mat der EU, zanter 2014 Mënze klappen.

Aner Territoiren hu vu sech aus decidéiert, den Euro zu hirer Standardwärung ze maachen, ouni datt s'eege Sue kéinten erausginn oder soss eppes matzedecidéieren hätten:

Kosovo a Montenegro hate virdrun als Wärung déi Däitsch Mark, Andorra hat de Franséische Frang an d'Spuenesch Peset.

Kuckt och den Artikel Eurozon.

EU-Staaten, déi sech géint den Euro entscheet hunn[änneren | Quelltext änneren]

Groussbritannien an Dänemark hate fir sech am Traité vu Maastricht eng sougenannt "Opt-out"-Klausel duerchgesat, d. h. si hu sech d'Recht virbehalen, méi spéit ze decidéieren, ob a wéini si dem Euro géife bäitrieden.

Fir Schweden ass dës Méiglechkeet a sengem Bäitrëtts-Traité zwar net virgesinn, mä et erfëllt bis ewell net d'Krittären, dem Wiesselcours-Mechanismus II bäizetrieden. Och huet d'Schweedesch Vollek an engem Referendum schonn zweemol refuséiert, der Europäescher Wärungsunioun bäizetrieden.

Memberstaaten, déi no 2002 der EU bäigetruede sinn[änneren | Quelltext änneren]

Déi Staaten, déi den 1. Mee 2004 (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, Tschechien, Ungarn an Zypern), den 1. Januar 2007 (Bulgarien a Rumänien) an den 1. Juli 2013 Kroatien der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vir eran net Member an der Europäescher Wärungsunioun ze sinn. Se mussen awer selbstverständlech d'Stabilitéitskrittären anhalen an 2 Joer an der "Salle d'attente" vum Wiesselcours-Mechanismus II sinn, éier se den Euro kënnen aféieren.

De 27. Juni 2004 goufen d'Estesch Kroun, de Sloweeneschen Tolar an de Litauesche Litas am Wiesselcours-Mechanismus II agebonnen. Den 29. Abrëll 2005 sinn de Lettesche Lats, d'Maltesecht Pond an d'Zypriotescht Pond derbäikomm, an den 28. November 2005 d'Slowakesch Kroun. Bei deenen anere sinn d'Krittäre fir den EWR-II bis ewell nach net erfëllt.

Slowenien huet sech als éischt vun deene Länner qualifizéiert, an den Euro den 1. Januar 2007 als 13. Memberstaat agefouert. Malta an Zypern sinn den 1. Januar 2008 nokomm, an d'Slowakei war den 1. Januar 2009 un der Rei. Den 1. Januar 2011 huet Estland den Euro agefouert, den 1. Januar 2014 Lettland, den 1. Januar 2015 Litauen[3] an den 1. Januar 2023 Kroatien.

Euro-Billjeeën a -Mënzen[änneren | Quelltext änneren]

Euro-Billjeeën…
a -Mënzen

Billjeeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Eurobilljeeë sinn an alle Länner d'selwecht. Et gëtt Billjeeë vu 5 Euro, 10 Euro, 20 Euro, 50 Euro, 100 Euro an 200 Euro. De Billjee vu 500 Euro, deen et an der éischter Serie gouf, gëtt zanter der „Europa-Serie“[4] net méi produzéiert[5]. Déi, déi an Ëmlaf sinn, behalen awer hire Wäert a kënnen och nach weiderhi fir ze bezuele benotzt ginn.

Op de Billjeeën ze gesi si verschidde Motiver zum Theema "Baustiler an Europa uechtert d'Zäit". Op der viischter Säit ass als Motiv eng Fënster, op der Récksäit eng Bréck aus deene verschiddene Bauepochen. Et si keng reell Bauwierker, mä stiliséiert Representatioune vun deem, wat typesch fir déi ofgebillten Zäit war.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Eurobilljeeën.

Mënzen[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt aacht Mënzen: 0,01 Euro - 0,02 Euro - 0,05 Euro - 0,10 Euro - 0,20 Euro - 0,50 Euro - 1,00 Euro an 2,00 Euro.

D'viischt Säit vun de Mënzen (den Avers) ass identesch an allen Eurozon-Memberlänner. Representéiert ass op de Mënze vun 1, 2 a 5 Cent Europa an der Welt. Op de Mënzen, déi virun 2007 erauskoumen, sinn op den 10-, 20- a 50-Cent-Mënzen déi (bis 2004) 15 EU-Memberslänner niefteneen, an um 1 an 2 Euro-Stéck d'EU mat hire (bis 2004) 15 Memberlänner. Vun 2007 ass op de Mënzen am Wäert vun 10 Cent bis 2 Euro Europa als Kontinent ofgebillt, fir den Erweiderunge vun 2004 an 2007 (an duerno?) Rechnung ze droen.

All Land aus der Eurozon huet säin eegenen Design op der Récksäit (Revers) vun de Mënzen. Déi eenzeg Gemeinsamkeet sinn déi 12 Stären aus dem Europäesche Fändel. Op der Récksäit kann dat selwecht Bild op allen 8 Mënze sinn, wéi bei den ireschen, e verschiddent jee no 'Faarf' vun der Mënz, wéi bei de spueneschen, oder awer ee verschiddent fir all Mënz, wéi bei deenen éisträicheschen.

Do donieft gëtt et nach Honnerte vu verschiddenen Extraversioune vun den 2-Euro Mënzen, déi d'Memberstaaten eemoleg bei enger bestëmmter Geleeënheet, an an enger limitéierter Oplo, erausgi kënnen.

Et kann een iwwerall an der Eurozon mat deene verschiddene Mënze bezuelen, vu wou och ëmmer se sinn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Euromënzen.

Digital Wärung[6][änneren | Quelltext änneren]

Als Complement zum Boergeld huet d'EZB Mëtt Oktober 2023 decidéiert fir den Euro och als digital Wärung anzeféieren. Den 1. November 2023 leeft eng zweejäreg Virbereedungsphas un, um Enn vun där gekuckt gëtt, ob alles prett ass fir den digitalen Euro anzeféieren. An der Ufanksphas geet et drëm, fir e Reegelwierk fir den digitalen Euro opzestellen a Fournisseuren auszewielen, déi eng Plattform an d'Infrastruktur fir den digitalen Euro entwéckele kéinten.

Dem Projet no, ass den digitalen Euro eng nei Wärung - déi wéi en digitale Portmonni funktionéiert - an dee gratis souwuel fir online wéi och fir offline Paiementer disponibel ass. Haaptzil vun der digitaler Wärung ass et, fir en europäesch Bezuelservice unzebidden, géintiwwer der Dominanz vun den haaptsächlech US-amerikanesche Konzerner wéi Paypal, Apple Pay oder Google Pay.

Souwuel d'EU-Kommissioun wéi och d'EZB confirméieren, datt den digitalen Euro complementaire agefouert géif, ouni datt d'Euro-Boergeld ofgeschaaft gëtt.

Aussprooch[änneren | Quelltext änneren]

Eleng an de 14 offizielle Sprooche vun de Länner vun der Eurozon gëtt et 7 Varianten, fir dat kleng Wiertchen "Euro" auszeschwätzen: "Oiro" am Däitschen, "Öro" am Franséischen an am Hollänneschen, "Yurou" am Engleschen, a, mat gerulltem "R", "EUro" am Italieeneschen, Spueneschen, Esteschen a Finneschen, "EUru" am Portugiseschen, "Airo" am Letteschen, an "Ewro" am Griicheschen, am Slowakeschen an am Sloweeneschen.

Zu Lëtzebuerg gëtt sech typescherweis jee no perséinlechem Goût no der däitscher oder der franséischer Ausschwätzweis geriicht.

Bei "Cent" ass et nach méi komplizéiert: dofir hunn d'Griichen en eegent Wuert (leptó/leptá), an an de romanesche Sprooche gëtt am Alldag dacks dee gebräichlechen Numm fir den honnertsten Deel gebraucht, wéi "centime", "centesimo", "cêntimo", asw. D'Finne schreiwen "sentit/senttiä".

Am Lëtzebuergesche schéngt sech den "Tsent" duerchgesat ze hunn; "Zantimm" oder "Centime" héiert een éischter seelen, a "5 Su" fir 0,25 € (sou wéi fréier d'25-Centimes-Mënz "Fënnef-Su-Stéck" housch) ass praktesch inexistent.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Den Euro huet 2002 de Karlspräis vun der Stad Oochen kritt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Euro – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Banknotes and coins circulation. ecb.europa.eu.
  2. Kroatien tritt Euroraum am 1. Januar 2023 bei. Europäische Zentralbank, Pressemitteilung, 12. Juli 2022.
  3. [1]
  4. 2. Serie vun Euro-Billjeeën, vun 2013 no an no agefouert
  5. (de)European Central Bank, EZB stellt Produktion und Ausgabe der 500-€-Banknote ein. European Central Bank (04.05.2016). Gekuckt de(n) 19.10.2023.
  6. (de)Quell vum Kapitel: Marco Meng, Wenn der Euro digital wird. luxemburger-wort-online. wort+ (19.10.2023). Gekuckt de(n) 19.10.2023.