Op den Inhalt sprangen

Hollännesche Gulden

Vu Wikipedia
Hollännesche Gulden
Typ fréier Wärung
Land Kinnekräich vun den Nidderlanden
Ënnereenheet Cent
ISO-Code NLG
Zentralbank De Nederlandsche Bank
Agefouert 1355 (julianesch), 1517 (julianesch)
Ofgeschaaft 28. Februar 2002
ersat mat Euro

Den Hollännesche Gulden (NLG) war vum 28. September 1816 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun Holland. E gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat, nodeems Holland der Eurozon bäigetruede war.

1 Gulde war an 100 Cents ënnerdeelt.

1384 a 1556 goufen an Holland éischt Goldmënzen, déi als Gulden eraus goungen gepräägt.

De „richtege“ Hollännesche Gulden gouf, nom Zesummefall vum Éischte Keeserräich, 1816 agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 2,20371 NLG fixéiert.

 Commons: Hollännesche Gulden – Biller, Videoen oder Audiodateien