Eurozon
| Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Eurozon (och alt Euroland oder Eurolänner genannt) ëmfaasst déi Memberstaate vun der Europäescher Unioun, déi den Euro (€) als Wärung agefouert hunn. D'Eurozon besteet aus 20 EU-Staaten a gëtt dowéinst och Euro-20 bezeechent. Dat sinn zur Zäit:
Polen, Rumänien, Schweden, Tschechien an Ungarn si verflicht den Euro anzeféieren, soubal se d'Konvergenzkrittären erfëllt hunn. Dänemark huet en Opt-Out, dat heescht datt d'Land den Euro aféiere kann, mä net muss. Och de fréieren EU-Member, Groussbritannien, hat en Opt-Out.
Fir d'Geldpolitik vun der Eurozon ass d'Europäesch Zentralbank zoustänneg. Zesumme mat den nationalen Zentralbanke vun der Eurozon bilde si den Eurosystem.
Den Euroraum
[änneren | Quelltext änneren]Déi 13 Memberstaaten, déi den 1. Mee 2004, respektiv den 1. Januar 2007 an den 1. Juli 2013 der EU bäigetruede sinn, hu keng Méiglechkeet, vu vireran ze refuséieren, den Euro anzeféieren. Si mussen allerdéngs déi néideg Konvergenzkrittären erfëllen, éier se dat kënne maachen.
D'Euroaféierung mat den Euromënzen an den Eurobilljeeën als offiziell Wärung
[änneren | Quelltext änneren]- den 1. Januar 2002 an den zwielef Staaten d'Belsch, Däitschland, Finnland, Frankräich, Griicheland, Irland, Italien, Lëtzebuerg, Holland, Éisträich, Portugal a Spuenien
- den 1. Januar 2007 a Slowenien
- den 1. Januar 2008 op Malta an Zypern
- den 1. Januar 2009 an der Slowakei
- den 1. Januar 2011 an Estland
- den 1. Januar 2014 a Lettland
- den 1. Januar 2015 a Litauen
- den 1. Januar 2023 a Kroatien
2026 kënnt Bulgarien als 21. EU-Memberstaat derbäi[1].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Eurozon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Letzte Hürde genommen: Bulgarien darf den Euro einführen. Luxemburger Wort (08.07.2025). Gekuckt den 08.07.2025.