Op den Inhalt sprangen

Kroatien

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Kroatien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Republika Hrvatska
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Kroatesch, an Istrien zousätzlech Italieenesch, lokal och Serbesch an Ungaresch
Haaptstad Zagreb
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vu Kroatien Zoran Milanović
Premierminister vu Kroatien Andrej Plenković
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 56 594[1] km²
Bevëlkerung 3.871.833 (2021)
Bevëlkerungsdicht 78,41 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 25. Juni 1991
Nationalfeierdag 25. Juni
Nationalhymn Lijepa naša domovino
(Lauschteren)
Praktesch Informatiounen
Wärung Euro (EUR)
Zäitzon UTC +1 (+2 am Summer)
Internet-TLD .hr
Internationalen Telefonsprefix +385

Kroatien (kroatesch: Republika Hrvatska) ass eng Republik am südëstlechen Europa. D'Land huet d'Form vun engem Croissant: de westleche Wutz besteet aus 1.777 km Küst um Adriatesche Mier, d'Häerzstéck mat der Haaptstad Zagreb läit agekäilt tëscht Slowenien am Norden a Bosnien an Herzegowina am Süden, an den ëstleche Wutz grenzt un Ungarn a Serbien.

Kroatien gouf den 1. Abrëll 2009 Member vun der NATO an den 1. Juli 2013 Member vun der Europäescher Unioun.[2] Den 1. Januar 2023 gouf Kroatie Member vun der Eurozon, an dem Schengen-Raum.[3]

Inselen a Kroatien

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Kroatie gehéieren 1.185 Inselen, vun deenen der 47 bewunnt sinn.

 Commons: Kroatien – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Bevëlkerungszuel vum 31. Mäerz 2001 (Vollekszielung). Populatioun a Fläch aus dem Statistical Yearbook 2006 op www.dzs.hr (08/2007)
  2. (lb) Kroatien ass vun elo u Member vun der EU. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.
  3. (lb) Vum 1. Januar un: Kroatien huet offiziell den Euro an ass Member vum Schengenraum. www.rtl.lu. Gekuckt den 22.07.2025.