Norwegen

Vu Wikipedia


Kongeriket Norge
Kongeriket Noreg

Norwegesche Fändel

Norwegescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Norwegesch (Bokmål an Nynorsk), Samesch
Haaptstad: Oslo
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Harald V.
 • Premierminister: Jonas Gahr Støre
Fläch: 385 207[1] km² (67.)
 • Dovu Waasser: 5,7 %
Bevëlkerung: 5 550 203[2] (2024) (120.)
 • Bevëlkerungsdicht: 14,4/km²
Onofhängegkeet: vu Schweden, deklaréiert de 7. Juni 1905
Nationalfeierdag: 17. Mee
Nationalhymn: Ja, vi elsker dette landet
Lauschtert
Wärung: Norwegesch Kroun (NOK)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .no
Internationalen
Telefonsprefix
:
+47
Eng typesch norwegesch Fjordlandschaft

D'Kinnekräich Norwegen (norw.: Kongeriket Norge/Noreg) ass en nordeuropäescht Land a läit am Weste vun der skandinavescher Hallefinsel. Nopeschlänner sinn am Oste Schweden, am Nordoste Finnland a Russland. Am Weste gëtt d'Land vum Nordatlantik begrenzt, dee sech deelweis wäit a Form vu Fjorden an d'Land era grieft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Norwegen ass e laangt, schmuelt Land. Vun der Südspëtzt zu Lindesnes bis op Kinnarodden um Nordkap, deem nërdlechste Punkt an Europa, sinn et 1.752 km Loftlinn. D'Breet variéiert tëscht den zwéin Extremer tëscht 6 km a 430 km. De Relief vum Land ass markéiert vu Bierger, Gletscheren a Fjorden. Mat de Fjorden abegraff bréngt et Norwegen op 25.148 km Küst. Den héchste Bierg ass mat sengen 2.469 Meter de Galdhøpiggen, dee gréisste Séi ass de Mjøsa mat 362 km².

D'Klima laanscht d'Küsten ass wéinst der vum Golfstroum transportéierter Wäermt verhältnesméisseg temperéiert. Méi kill gëtt et a Richtung Banneland an an deenen nërdlechste Regiounen herrschen am Wanter subarktesch Temperaturen. An deenen Deeler vum Land déi nërdlech vum arktesche Polarkrees leie, geet d'Sonn am Summer ni ënner (Mëtternuechtssonn) respektiv am Wanter ni op.

Nieft Oslo gëtt et an Norwegen nach dräi aner Stied mat méi wéi 100.000 Awunner, nämlech Bergen, Trondheim a Stavanger.

Norwegen huet fënnef Regiounen an Iwwerséi:

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Zuel[änneren | Quelltext änneren]

Am Hierscht 2000 ass d'Zuel vun den Awunner an Norwegen op méi wéi 4,6 Mio. geklommen a si klëmmt nach virun, all Joer ëm ongeféier 30.000 Mënschen. Vill vun hinne sinn zougewandert Flüchtlingen. Ze berécksiichtegen ass och, datt d'Gebuertenzuel an Norwege méi héich wéi an deene meeschten europäesche Länner ass.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

95,9 % vun der Bevëlkerung sinn Norweger, dozou zielen och d'Minoritéite vun ongeféier 40.000 Saami (Lappen) an ongeféier 10.000 Finnen (Kvener). Den Auslännerundeel erreecht 4,1 % (0,6 % Schweden, 0,4 % Dänen, 0,3 % Bosnier, 0,2 % Pakistaner, 0,2 % Britten ënner aneren.) (Stand 2001).

75 % vun der Populatioun liewen an de Stied.

Grouss Stied a vun Touriste besicht Uertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Norwegesch gehéiert zu den nordgermanesche Sprooche wouvun et haut zwou offiziell Versioune gëtt, Bokmål an Nynorsk. Allebéid si Schrëftsproochen.

Bokmål ("Buchsprooch") geet op d'Riksmål ("d'Sprooch vum Räich") zeréck d. h. op déi haaptsächlech vum Dänesche markéiert Sprooch vun der Uniounszäit mat Dänemark.

Nynorsk ("Neinorwegesch"), dat bis 1929 Landsmål ("d'Sprooch vum Land") geheescht huet, ass u sech eng kënschtlech Sprooch an ass zanter 1885 déi zweet offiziell Schrëftsprooch. Nynorsk ass zu engem groussen Deel eng Sammlung aus verschiddene westnorwegeschen Dialekter, déi an de Publikatioune vum Linguist Ivar Aasen systematiséiert goufen an hir allgemeng Verbreedung fonnt hunn.

D'Majoritéit vun den Norweger schreift Bokmål. Nynorsk ass fir 10-12 % d'Haaptsprooch. An der Schoul léieren norwegesch Schüler a Schülerinnen haut souwuel Bokmål wéi och Nynorsk. Béid Sprooche gi mëndlech an enger sëllegen Dialekter geschwat.

Nieft Norwegesch gëtt am Norde vum Land och nach Samesch a Finnesch vun den nationale Minoritéite geschwat.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Norwegen huet eng Staatskierch (D'Norske Kirke) no evangeelesch-lutherescher Traditioun. Hir héchst Autoritéit ass de Kinnek.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst Spuere vun Zivilisatioun haitegen Norwege si ronn 10 300 Joer al a goufen an der Géigend vum Nordkap fonnt. Den Harald Hårfagre ("Harald mat de schéinen Hoer") bréngt et an der Wikingerzäit (800-1050) fir d'éischt Kéier fäerdeg grouss Deeler vun Norwegen an engem Kinnekräich ze vereenegen.

Norwegesch Wikinger bedreiwen an där Zäit net nëmmen Handel mat hiren europäeschen Noperen, mä bleiwen och wéinst hirem Geraafs a Gestiels a Kléischter an a Küstestied an Erënnerung. Island, d'Faröerinselen a Grönland gi vun norwegesche Wikinger besidelt.

Ëm 1030 gëtt d'Land christianiséiert.

1387 stierft d'norwegesch Kinneksgeschlecht aus, an Norwegen gëtt en Deel vun der Kalmarer Unioun. D'Land ass en zimmlech onbedeitende Member nieft Schweden an deem deemools dominanten Dänemark. Norwegen gëtt als net méi wéi eng dänesch Provënz ugesinn an déi offiziell Sprooch ass dänesch. D'Personalunioun mat Dänemark hält bis 1814 (Schweden emanzipéiert sech ënner dem Gustav Vasa an ass zanter 1523 net méi an der Unioun). Dänemark-Norwegen steet an de Kricher vum Napoleon als Alliéierten op der Säit vu Frankräich. Als Konsequenz dovu gëtt Dänemark am Fridde vu Kiel (1814) dozou gezwongen, Norwegen u Schweden ofzeginn.

Nationalversammlung zu Eidsvoll vun 1814

D'Norweger probéiere vun där Iwwergankszäit ze profitéieren a gi sech de 17. Mee 1814 zu Eidsvoll eng Constitutioun, an där se sech als onofhängeg deklaréieren. No engem kuerze Krich mat Schweden gëtt zu gudder Lescht de Kompromëss fonnt, datt Norwegen zwar en eegent Kinnekräich mat deelweis eegenen Institutioune bleiwen däerf, dat awer nëmmen am Kader vun enger Personalunioun mat Schweden. Den 13. August 1905 stëmmt eng grouss Majoritéit vun den Norweger an engem Referendum fir d'Opléisung vun der Unioun, déi domat onbluddeg op en Enn bruecht gëtt. Neie Kinnek gëtt den dänesche Prënz Carl aus dem Haus Glücksburg, dee sech Haakon VII. nennt.

Am éischte Weltkrich bleift Norwegen neutral. 1920 trëtt d'Land dem Vëlkerbond (Société des nations) bäi.

Den 9. Abrëll 1940 iwwerfält Däitschland déi neutral Länner Dänemark an Norwegen (Operatioun Weserübung). D'Norweger wiere sech 6 Woche laang, mussen awer den 10. Juni 1940 virun der däitscher Arméi kapituléieren. D'Zil vun der däitscher Invasioun war et d'norwegesch Häfen ënner Kontroll ze kréien. Engersäits sollt doduerch verhënnert ginn, datt Groussbritannien a Kooperatioun mat Norwegen Däitschland den Zougang zum Nordmier kéint blockéieren, anerersäits war den Hafe vun Narvik eng wichteg Statioun fir den Transport vu Minett aus dem schweedesche Kiruna an d'Drëtt Räich.

D'Majoritéit vun den Norweger war géint d'Besetzung an d'Ideologie vum Nazidäitschland. D'national Resistenz huet dobäi eng wichteg Roll gespillt. Dogéint ass den Numm vum bekanntsten norwegeschen Nationalsozialist, dem Vidkun Quisling, zum Synonym vu Kollaborateur ginn.

Norwegen ass Member vun der NATO, de Vereenten Natiounen an der EFTA (Association européenne de libre-échange), huet d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen an ass en Deel vum Europäesche Wirtschaftsraum. Zweemol, an de Joren 1972 respektiv 1994 hunn d'Norweger a Referendume géint de Bäitrëtt an d'EU gestëmmt.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

D'kinneklecht Schlass zu Oslo
D'Stortinget (Parlament) zu Oslo

D'norwegesch Constitutioun vum 17. Mee 1814 ass vun där franséischer vum Enn vum 18. Joerhonnert inspiréiert. De Prinzip vum Montesquieu vun der Gewaltentrennung gëllt och hei. D'Duerchféierung vun deem Prinzip huet allerdéngs an der Praxis e puermol zu Ausenanersetzungen tëscht der Exekutiv, déi am wesentleche vum Kinnekshaus kontrolléiert gëtt, an dem Storting, dem norwegesche Parlament, gefouert. D'Kinnekshaus huet nämlech probéiert seng Privilegien als Executivmuecht auszebauen, andeems d'Parlament, opgrond vun der Constitutioun, dat verhënnere wollt.

Dës Spannungen hu bis 1884 zougeholl, deem Joer, dat an Norwegen als dat Joer ugekuckt gëtt, wou de Parlamentarismus sech duerchgesat huet. De biergerlech-liberale Stortings-Deputéierte Johan Sverdrup huet trotz Widderstand vum Kinnek Oskar II. d'staatsrechtlecht Prinzip duerchgesat, no deem eng Regierung, fir kënne virun ze regéieren, d'Ënnerstëtzung vum Storting, also dem Parlament brauch. No dëser Bestätegung huet de Kinnek missen de Sverdrup als neie Ministerpresident mat der Regierungsbildung chargéieren.

D'Parlament besteet aus 165 Deputéiert. All 4 Joer gëtt gewielt (bis 1936 all drëtt Joer). D'Parlament, Stortinget 1:1 iwwersat "Déi grouss Saach"), besteet aus zwéin Deeler, Odelstinget a Lagtinget. Well den Ënnerscheed awer net ganz kloer ass, gëtt den norwegesche System allgemeng als Eekummersystem ugesinn.

Grousskoalitioune sinn an Norwegen net de Gebrauch. De Fall, datt Minoritéitsregierunge mat der Ënnerstëtzung vum Parlament regéieren, ass méi heefeg. A leschter Zäit hate Minoritéitsregierunge Problemer, soudatt och elo an Norwege fir de Prinzip vu Koalitioune plädéiert gëtt. No de leschte Walen, den 12. September 2005 besteet d'Regierung aus enger Koalitioun vun "Arbeiderpartiet" (Sozialisten), "Sosialistisk Venstreparti" (Sozialistesch Lénkspartei) an der "Senterpartiet" (Zentrumspartei). Norwegesche Regierungschef ass de Sozialist Jens Stoltenberg.

An Norwege gouf et bis elo 6 Referendumen:

  • 1905 iwwer d'Opléisung vun der Unioun mat Schweden. (Resultat:Jo)
  • 1905 iwwer d'Ernennung vum Prënz Carls vun Dänemark als Kinnek Haakon VII. (Resultat: Jo)
  • 1916 iwwer d'Alkoholverbuet. (Resultat: Jo)
  • 1927 iwwer d'Annulatioun vun dëser Interdictioun. (Resultat: Jo)
  • 1972 iwwer de Bäitrëtt zu der Europäescher Communautéit. (Resultat: Nee)
  • 1994 iwwer de Bäitrëtt an d'Europäesch Unioun. (Resultat: Nee)

Parteien[änneren | Quelltext änneren]

Am Storting sinn zurzäit vertrueden:

  • Arbeiderpartiet (Sozialdemokratesch Partei)
  • Høyre (Konservativ)
  • Fremskrittspartiet (Fortschrëttspartei)
  • Sosialistisk Venstreparti (Sozialistesch Lénkspartei)
  • Kristelig Folkeparti (Chrëschtlech Vollekspartei)
  • Senterpartiet (Zentrumspartei, vertrëtt d'Interesse vun de Baueren)
  • Venstre (Liberal)
  • Miljøpartiet De Grønne (Déi Gréng, eng Ëmweltspartei)
  • Aner kleng Parteien:
    • Kystpartiet (Küstepartei, vertrëtt d'Interesse vun de Mënschen op der Küst an Nord-Norwegen)
    • Arbeidernes kommunistparti (Kommunistesch Partei vun den Aarbechter)
    • Norges Kommunistiske Parti (Kommunistesch Partei vun Norwegen)
    • Rød Valgallianse (Rout Walallianz, gréisst kommunistesch Partei)
    • Kristent Samlingsparti (Chrëschtlech Sammlungspartei, chrëschtlech, extrem-konservativ)
    • Demokratene (D'Demokraten, extreem konservativ)
    • Det Liberale Folkepartiet (Liberal Vollekspartei)
    • Pensjonistpartiet (Rentner-Partei, Partäi fir al Leit)

Administrativ Ënnerdeelungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Land ass an 15 Verwaltungsprovënzen (Fylker) agedeelt. Déi klengst der Fläch no ass d'Haaptstad Oslo.[3]

Verwaltungsprovënzen (fylke) 2024[3]
# Verwaltungsprovënzen 2024 Administrativen Zentrum
3 Oslo Oslo
11 Rogaland Stavanger
15 Møre og Romsdal Molde
18 Nordland Bodø
31 Østfold Sarpsborg
32 Akershus Oslo
33 Buskerud Drammen
34 Innlandet Hamar
39 Vestfold Tønsberg
40 Telemark Skien
42 Agder Kristiansand
46 Vestland Bergen
50 tlo Trøndelag Steinkjer
55 Troms Tromsø
56 Finnmark Vadsø


Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Norwegen huet an der leschter Hallschent vum 19. Joerhonnert vun engem staarke kulturellen Opschwong profitéiert. Un him haten Auteure wéi den Henrik Ibsen, de Bjørnstjerne Bjørnson, den Alexander Kielland, de Jonas Lie, d'Amalie Skram, den Arne Garborg, Hans E. Kinck a Knut Hamsun e groussen Undeel.

Dräi Norweger kruten den Nobelpräis fir Literatur: de Bjørnstjerne Bjørnson (1903), Knut Hamsun (1920) an d'Sigrid Undset (1928). De Friddensnobelpräis gëtt op Beschloss vum norwegeschen Nobelkommitee zu Oslo zouerkannt.

Musek, Theater a Konscht[änneren | Quelltext änneren]

De bekanntsten norwegesche Komponist ass den Edvard Grieg.

Déi wichtegst Theaterbüne sinn d'Oper an d'Nationaltheatret zu Oslo, d'national Scene zu Bergen an den neien Theater an norwegescher Sprooch: Det norske Teater zu Oslo.

De bekanntste Moler ass den Edvard Munch. Seng Wierker kann een haaptsächlech am Munch-Musée zu Oslo gesinn.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerinsel Stratford A am Nordmier (1982)

D'norwegesch Ekonomie baséiert op engem räiche Wuelfaartsstaat no kapitalisteschem Modell mat enger Kombinatioun vu fräiem Marché a staatleche Reguléierungen. Vital Beräicher wéi de petrocheemesche Secteur sinn a grousse Staatsbetriber organiséiert. D'Land ass räich un natierleche Ressourcen; Pëtrol, Waasserkraaft, Fësch, Bëscher a Mineralien. Norwegen ass ferm ofhängeg vu senger Pëtrolproduktioun an den internationale Pëtrolspräisser. 1999 louch den Undeel vum Pëtrolsexport bei 35 % vun den Exportrevenuen. Saudiarabien a Russland sinn déi eenzeg Länner déi nach méi Pëtrol exportéieren.

E groussen Deel vum Benefice gëtt vum norwegesche Staat an en nationale Pëtrolsfond (Statens petroleumsfond) placéiert, deen a senger Totalitéit an d'Ausland investéiert gëtt. De Wäert vum Pëtrolsfond louch am 2. Quartal 2005 bei 181,5 Milliarden US-Dollar.

Norwegen ass net an der EU, huet awer wéinst dem Accord iwwer den Espace Économique Européen Zougang zum europäesche Marché.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Norwegen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Arealstatistics for Norway 2019, Kartverket, mapping directory for Norway Accessdate=2019-03-24 (Fläch vum Kinnekräich mat Svalbard a Jan Mayen)
  2. "Population, 2024-01-01" (op Englesch). Statistics Norway. 2024-02-21. Retrieved 2024-02-25.
  3. 3,0 3,1 "Fylkesinndelingen fra 2024" (op Norwegesch). Regjeringen. 2022-07-05. Retrieved 2024-03-01.