1814
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
18. Joerhonnert |
19. Joerhonnert
| 20. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
1810 |
1811 |
1812 |
1813 |
1814
| 1815
| 1816
| 1817
| 1818
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1814.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Januar: Fridde vu Kiel: Dänemark iwwerléisst Norwegen u Schweden, Helgoland geet un d'Vereenegt Kinnekräich Dänemark kritt vu Schweden Virpommern.
- 1. Februar: De philippinnesche Vulkan Mayon brécht aus; 1200 Mënsche kommen ëm d'Liewen.
- 11. Februar: Den Napoleon gewënnt d'Schluecht vu Montmirail.
- 9. Mäerz: Éisträich, Preisen, Russland an d'Vereenegt Kinnekräich verflichte sech am Traité vu Chaumont ë. a. op géigesäiteg Hëllef a fuerderen den Napoleon op, d'Muecht ofzeginn - dee refuséiert.
- 18. Mäerz: Déi virdru franséisch Territoiren tëscht Rhäin, Meuse, Musel an der franséischer Grenz vu viru 1792, an domat och déi vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg, ginn zu der Provënz Mëttelrhäin zesummegefaasst.
- 29. Mäerz: Nei Verfassung an den Nidderlanden.
- 31. Mäerz: Déi alliéiert Truppe besetze Paräis.
- 6. Abrëll: De franséische Senat setzt den Napoleon of.
- 11. Abrëll: Den Napoleon trëtt zréck.
- 16. Abrëll: Den Eugène de Beauharnais ergëtt sech am Nord-Italien den Éisträicher.
- 4. Mee: Den Napoleon kënnt zu Elba un, wuer e verbannt gouf.
- 13. Mee: Déi franséisch Garnisoun verléisst d'Festung Lëtzebuerg, an d'Plaz kënnt en Hessescht Regiment.
- 20. Mee: Déi éischt Nummer vum Journal officiel du Départment des Forêts kënnt eraus, deen 1815 a Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg ëmbenannt gëtt, de Virleefer vum Mémorial.
- 30. Mee: Am éischte Friddenstraité vu Paräis tëscht Frankräich op där enger Säit an Éisträich, Preisen, Russland an dem Vereenegt Kinnekräich op där anerer gëtt sech gëeenegt, datt Frankräich nees seng Nordgrenz do hätt, wou se 1792 war, an datt Holland ënner d'Souveränitéit vum Haus Oranien-Nassau kéim. D'Vertreeg tëscht Frankräich an Éisträich vun 1805 an 1809 an déi tëscht Frankräich a Preise vu 1795 an 1806 ginn annulléiert.
- 4. Juni: Den neie Kinnek Louis XVIII. vu Frankräich léisst eng nei Verfassung ausschaffen.
- 21. Juli: De Prënz Wilhelm vun Nassau gëtt als Wëllem I. vun den Nidderlanden introniséiert.
- 7. August: De Poopst Pius VII. léisst de Jesuitenuerden nees zou.
- 13. August: Am Traité vu London eenegen Holland an d'Vereenegt Kinnekräich sech drop, datt d'Britten den Hollänner déi meescht Territoiren, déi se hinnen zanter 1795 ofgeholl haten, nees zréckgéifen. Anerer, wéi Ceylon oder d'Kapkolonie, bleiwe britesch.
- 8. Oktober: Ouverture vum Wiener Kongress, dee bis den 9. Juni 1815 dauert.
- 12. November: Groussbrand zu Ettelbréck; vill Haiser ginn zerstéiert.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
- 24. August: Am britesch-amerikanesche Krich besetze britesch Truppe Washington a brennen d'Wäisst Haus of.
- 24. Dezember: am Fridde vu Gent eenege sech d'Vereenegt Kinnekräich an d'Vereenegt Staaten op en Enn vum Krich tëscht hinnen.
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 6. Mee: Josif Pančić, serbesche Botaniker an Agronom.
- 25. Juni: Gabriel Auguste Daubrée, franséische Geolog.
- 19. Juli: Samuel Colt, US-amerikaneschen Erfinder an Industriellen.
- 13. August: Anders Jonas Ångström, schwedeschen Astronom a Physiker.
- 18. August: Auguste-Antoine Charles, lëtzebuergeschen Industriellen a Banquier.
- 10. September: Henri-Guillaume Galeotti, Botaniker a Geolog.
- 13. September: Joseph-Ernest Buschmann, lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant.
- 27. September: Daniel Kirkwood, US-amerikaneschen Astronom.
- 3. Oktober: Hervé Faye, franséischen Astronom an Bildungsminister.
- 6. November: Adolphe Sax, belschen Instrumentebauer (Saxophon).
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Abrëll: Joseph de Ferraris, Militär an der éisträichescher Arméi a Kartograph.
- 25. August: Carl Englerth, preiseschen Industriellen an Offizéier.
- 2. Dezember: Donatien Alphonse François Marquis de Sade, franséischen Auteur.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1814 – Biller, Videoen oder Audiodateien |