Anders Jonas Ångström
| Anders Jonas Ångström | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 13. August 1814 |
| Gestuerwen |
21. Juni 1874 Uppsala |
| Nationalitéit | Schweden |
| Educatioun | Universitéit Uppsala |
| Aktivitéit | Physiker, Astronom, Universitéitsprofesser |
| Member vun | Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie |
| Gielercher | Foreign Member of the Royal Society |
| Famill | |
| Bestuet mat | Augusta Carolina Bedoire |
| Papp | Johan Ångström |
| Mamm | Anna Catharina Thunberg |
| Kanner | Knut Ångström |
|
| |

Den Anders Jonas Ångström, gebuer den 13. August 1814 zu Lögdö bruk, Gemeng Timrå, a gestuerwen den 21. Juni 1874 zu Uppsala, war e schweedeschen Astronom a Physiker souwéi Matgrënner vun der Astrospektroskopie.
Den Ångström studéiert op der Universitéit Uppsala Mathematik a Physik. 1839 promovéiert hien a léiert Physik op der Universitéit, vun 1858 bis zu sengem Doud war hie Professer. Vum Joer 1867 schafft den Ångström als Sekretär op der Kinneklech-Schweedescher Akademie vun de Wëssenschaften zu Uppsala.
Bei senge Fuerschunge stoung d'Fuerschung vum Sonnespektrum op éischtem Plang. 1862 erreecht hien den Noweis vu Waasserstoff-Spektrallinnen. Hie stellt och d'Existenz vun aneren Elementer am Sonnespektrum fest a publizéiert 1868 en Atlas mat Spektrallinne vun der Sonn (Recherche sur les spectres solaires, Uppsala).
Nom Ångström gouf d'Längteneenheet Ångström genannt. Si gëtt haut virun allem an der Festkierper-, Hallefleeder- an Atomphysik souwéi an der Kristallographie an allgemeng an der Chimie gebraucht, well déi do optriedend Längten heefeg wéineg Ångström erginn.
Haut dréit e Gebai vun der Uppsala-Universitéit säin Numm (Ångströmlaboratoriet). Ausserdeem gouf de Moundkrater Angström nom Ångström genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Anders Jonas Ångström – Biller, Videoen oder Audiodateien |
