Moundkrater

Vu Wikipedia
Moundkrater Daedalus

E Moundkrater ass e kreessfërmegen Dall um Buedem vum Äerdmound, dee vun engem héije Bord (Kraterrand) a Form vun engem Rank ageschloss gëtt. Am Géigesaz zu vulkanesche Krateren (dat Wuert bedeit am griich. Becher) si bal all d'Moundkrateren duerch Aschléi vu Meteoritten entstanen.

Statistik a Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

Um Äerdmound sinn op der äerdzougedréiter Säit ronn 300.000 Kratere mat iwwer 1 km Duerchmiesser, hien ass souzesoen dermat iwwerséit. Déi grouss Objeten (60 bis 270 km) si Rankbierger respektiv flaachen Terrain mat engem Rampli. Hire Buedem ass meeschtens relativ glat, soudatt bei munnechen am sträifende Sonneliicht souguer d'Krëmmung vun der Moundkugel z'erkennen ass. Am Kraterbuedem gesäit een am Reegelfall kleng Krateren, déi op méi spéit Aschléi zeréckginn.

De Moundkrater Theophilus, eng Foto vun Apollo 16.

Obwuel déi gréisst Kratere 6 bis 8 Prozent vun der „Moundscheif“ bedecken (Moundduerchmiesser 3478 km), goufe si eréischt no der Erfindung vum Lënserefrakter entdeckt – méiglecherweis ëm 1610 vum Galileo Galilei. Si sinn am däitlechsten ze gesinn, wann zweemol am Mount d'Schietgrenz (Terminator) an hirer Géigend läit an de Kraterrampli e laange Schiet werft. De Buedem vu ville klenge Kratere läit da gréisstendeels am Schiet, woufir laang Zäit hir Déift net richteg konnt geschat ginn.

En typesche Klengkrater vu 5 km Duerchmiesser huet en zimmlech schaarfe Rankrampli vun 1 km Héicht, a säi Fong läit e puer 100 m méi déif wéi d'Ëmgéigend. Rampliplateaue mat 100 km hu Ramplie vu ronn 1 bis 5 km Héicht; d'Verhältnes läit am Schnëtt bei 1:30 (1:10 bis 1:80), soudatt en Astronaut vum Zentrum aus de Rampli dacks net méi gesi kéint. De Moundradius huet nëmmen e Véirel vun der Äerd, soudatt seng Uewerfläch véiermol méi staark gekrëmmt ass. Déi bannenzeg Wänn sinn dacks terrassefërmeg ofgestuuft an 20° bis 30° gebéit; déi baussenzeg Häng sinn 2- bis 3-mol méi flaach. Dacks ass d'Kratermëtt mat engem Zentralbierg markéiert. All dat hänkt mat der Dynamik vum Meteorittenaschlag zesummen.

Krater mat konzentreschem Duebelrampli[änneren | Quelltext änneren]

Bei dëser rarer Kraterform handelt et sech ëm e kreesronne Krater mat engem duebele Rampli. Et gesäit sou aus, wéi wann e méi e klenge Krater zentresch an engem méi grousse léich. E Beispill ass den Hesiodus A, um südleche Bord vum Mare Nubium. No Interstellarum Nr. 40 sinn ongeféier 50 sou Kratere bekannt. Ongeféier 35 leien um Rand vun de Maria an de Rescht am Zentrum vu méi grousse Krateren. Déi konzentresch Duebelkratere sinn um Äerdmound net gläichméisseg verdeelt.

Eng Theorie geet dovun aus, datt et sech ëm normal Krateren handelt, an deene Brochzonen entstane sinn. Duerch d'Brochzonen ass Lava mat héijer Viskositéit ausgetrueden an huet d'Brochgestengs mat no uewe gehuewen. Dës Lava ass vill méi zéiflësseg wéi déi, déi d'Mare gebilt huet. Virstellbar sinn och e puer Ausbréch vun dëser Lava aus der selwechter Brochzon.

Klassifizéierung[änneren | Quelltext änneren]

No enger vum Charles A. Wood a Leif Andersson 1978 formuléierter an aplizéierter Klassifizéierung[1] ginn déi net wiesentlech erodéiert oder (beispillsweis duerch Iwwerflutung mat andréngender Lava) ëmgeformt Moundkrateren a fënnef Typpen agedeelt:

Typ (Typuskrater) Beschreiwung Gréisst Bild
ALC (Albategnius C) Schuelefërmege Krater mat schaarfem, glatem Rand, ouni siichtbar ofgesate Kraterbuedem. bis 20 km
BIO (Biot) Krater mat schaarfem, glate Rand an einfachem Ramplibockel, awer mat flaachem Buedem, dee vum Kraterrand däitlech ofgesat ass. bis 20 km
SOS (Sosigenes) Flaache Krater mat ausgedeenter Buedemfläch, ouni siichtbar Terrasséierung vum Kraterrampli 5 bis 35 km
TRI (Triesnecker) Kraterrand nach schaarf, awer mat Auskielungen. Dacks mat laangen, konzentresche Rutschen um bannenzege Kraterrampli. 15 bis 50 km
TYC (Tycho) Dacks terrasséiert Kraterramplien, grouss Kraterplateauen. Onschaarfe Kraterrand, mat Spëtzten a Krounen. 30 bis 175 km

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Moundkrater – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Charles A. Wood, Leif Andersson: New morphometric data for fresh lunar craters. In: Lunar and Planetary Science Conference, 9th, Proceedings. Pergamon Press, New York 1978, S. 3669-3689.