Dag-Nuecht-Grenz

Vu Wikipedia
Weltkaart mat Dag-Nuecht-Grenz
Dag-Nuecht-Grenz iwwer Europa an Afrika

D'Dag-Nuecht-Grenz, an der Astronomie a Meteorologie och (solaren) Terminator genannt, ass d'Schietgrenz tëscht där duerch d'Sonn beliichter an der onbeliichter Säit vun engem Himmelskierper a besonnesch vun engem Planéit oder engem Mound. E Spectateur, deen op der Dag-Nuecht-Grenz ass, ka jee nodeem e Sonnenopgank respektiv e Sonnenënnergank beobachten. Dat heescht, d'Sonn iwwerschreit aus der Siicht vum Spectateur den Horizont. Deen Zäitraum, an deem d'Sonn grad nach net, respektiv grad net méi, ze gesinn ass, gëtt als Schummerecht bezeechent.

D'Dag-Nuecht-Grenz op engem (idealiséierte kugelfërmegen) Himmelskierper ass e kreesronne Rank op der Fläch vun der Kugel, deen den Equator zweemol schneit an deem säin Duerchmiesser dem Duerchmiesser vun der Kugel entsprécht. All Punkt um Equator ass zweemol am Dag op der Dag-Nuecht-Grenz zweemol am Dag, bei Sonnenopgank a bei Sonnenënnergank, bedéngt duerch d'Eegerotatioun vum Himmelskierper (cf. Äerdrotatioun). D'Längt vun engem Dag ass duerch dat Iwwerschreide vun der Dag-Nuecht-Grenz definéiert.

Steet d'Achs vun der Eegerotatioun vum Himmelskierper senkrecht op der Ekliptik, da verleeft d'Dag-Nuecht-Grenz ëmmer duerch déi zwee Polen. Allerdéngs ass dat bei kengem (bekannten) Himmelskierper exakt de Fall, am Allgemengen hänkt d'Achs liicht par Rapport zur Ekliptik (cf. Schréit vun der Ekliptik). Duerch dësen Hank entsteet ëm d'Polen e Beräich, deen d'Dag-Nuecht-Grenz net all Dag iwwerschreit; d'Gréisst vun dëse Beräicher ännert sech mat der Joreszäit: zu de Sonnewenden (Solstitium) erreeche si déi maximal Ausdeenung, déi dann och d'Polarkreeser definéiert. Zu den Equinoxen (da wann den Dag sou laang ass wéi d'Nuecht) verschwannen dës Beräicher awer, d'Dag-Nuecht-Grenz schneit dann déi zwéi Polen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dag-Nuecht-Grenz – Biller, Videoen oder Audiodateien