Schummerecht

Vu Wikipedia
Andeelung vun Dag an Nuecht.

D'Schummerecht ass déi Period am Dagesoflaf tëscht Dag an Nuecht, méi genee owes déi Zäitspan, vum Ament, wou d'Sonn just ënnergaangen ass, bis et ganz däischter ass, respektiv moies, vun do un, wou et ufänkt, hell ze ginn, bis dann, wann d'Sonn opgeet.

Wärend der Schummerecht ass d'Sonn hannert dem Horizont, ma hir Strale ginn an der ieweschter Äerdatmosphär diffuséiert (d.h. verspreet) an erlabe sou fir eng méi oder manner laang Period eng méi oder manner grouss Hellegkeet op der Äerd. Um Equator dauert d'Schummerecht just 20 Minutten, iwwerdeems s'um 50. Breetegrad meeschtens eng zwou Stonnen dauert.

D'Schummerecht gëtt, je no Hellegkeet, an 3 Perioden agedeelt:

  • déi zivil oder biergerlech Schummerecht, bei där d'Sonn net méi ze gesinn ass, ma et nach hell genuch ass fir ouni kënschtlecht Liicht gutt ze gesinn;
  • déi nautesch Schummerecht, wann d'Sonn tëscht 6° an 12° ënnert dem Horizont ass, an een och mëttelhell Stären um Himmel gesi kann;
  • déi astronomesch Schummerecht, wann d'Sonn tëscht 12° an 18° ënnert dem Horizont ass, just ier d'Nuecht ufänkt, respektiv nodeems s'opgehalen huet.

Well d'Luucht vun der Sonn, wa se no beim Horizont steet, queesch duerch Atmosphär gebrach gëtt, liicht den Himmel, wou d'Sonn war, roudelzeg, iwwerdeems et spéider de bloe Spektrum ass, dee méi staark erauskënnt (déi bei Fotografe beléift Blo Stonn).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schummerecht – Biller, Videoen oder Audiodateien