Himmelskierper
Dësen Astronomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Himmelskierper ass en astronomeschen Objet, dee vun der Astronomie an der Astrophysik ënnersicht gëtt.
Astronomesch Objeten ëmfaassen Himmelskierper, Raumfluchkierper, kosmologesch Objeten an astronomesch Elementer vun der Himmelsmechanik.
Himmelskierper
[änneren | Quelltext änneren]Himmelskierper ass eng Sammelbezeechnung fir all ausserierdesch natierlech Kierpere wéi Planéiten, Mounden, Asteroiden, Koméiten, Meteoritten, Meteoroiden, Stären (z. B. d'Sonn) a Stäresystemer.
Observatioun am Sonnesystem | Observatioun baussent dem Sonnesystem | ||
---|---|---|---|
Eenzelobjeten | Systemer | Strukturen | |
- D'Fro, ob Schwaarz Lächer och zu den Himmelskierper gezielt ginn, ass ongekläert.
Raumfluchkierper
[änneren | Quelltext änneren]Objeten am Sënn vun der Raumfaart si Raumfluchkierper.
- Satellitten
- Raumfären: Bis elo ass nëmmen de Space Shuttle (USA) zum Asaz komm.
- An dem zukünftege Sënn all Raumschëffer
- Raumstatiounen: Saljut 1–7 (UdSSR) (1971 bis 1986, †1991), Skylab (USA) (1973–1974, †1979), Mir (UdSSR) (1986–1999, †2001), ISS (international) (1998)
- Raumsonden
Kosmologesch Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Dat sinn Objete vun der Kosmologie, wéi déi prinzipiell Strukture vum Universum, (Filamenter a Voids) an – bis elo – nach hypothetesch oder an hirer Natur nach net ganz geklärten Objeten, wéi Schwaarz Lächer, Donkel Matière; kuckt och: Urknall, Stréngtheorie.
Andeelung no der Distanz
[änneren | Quelltext änneren]Eng Orientéierung vun eenzele Fachgebidder vun der Astronomie:
Objeten no bei der Äerd:
- Atmosphäresch Objeten: Bis zu der Exosphär (500 an 1000 km)
- Meteoren (Stäreschnäizen), Boliden, Meteoriten, Low-Earth-Orbit-Satellitten
- Äerdorbital Objeten: Bis zur Distanz vun enger geostationärer Ëmlafbunn (zirka 36.000 km)
- méi héich Äerdsatellitten, Orbitalmissiounen
- äerdno Objeten: Bis zur Moundbunn (ëm déi 400.000 km) oder – no anere Gesiichtspunkten – bis zum bannenzege Lagrangepunkt (also virrangeg dem Äerdmagnetismus ënnerworf: zirka 1,5 Milliounen km vun der Äerd)
- Äerdmound, Raumfaartmissioune vun der Moundfuerschung, Äerdbunnnkraizer
Solar Objeten:
- Objete vum bannenzege Sonnesystem: Bis zu der Haaptasteroidenceinture (ongeféier 450 Milliounen km = 3 AE)
- D'Sonn, bannenzeg Planéiten an hir Mounden, Äerdno Asteroiden: Amor-Asteroiden, Apollo-Asteroisen, Aten-Asteroiden, Arjuna-Asteroiden a Mars-Trojaner
- D'Haaptasteroidenceinture als Grenz tëscht bannezegem a baussenzegem Sonnesystem, (1) Ceres
- Baussenzege Sonnesystem: 7,5 Milliarden km = 50 AE
- Baussenzeg Planéiten an hir Mounden, Jupiter- an Neptun-Trojaner
- Transneptunesch Objeten (Kuiperceintureobjeten) baussenzeg vun der Neptunbunn (30–50 AE): D'Kuiperceinture mat dem Pluto an Eris (Zwergplanéiten) als Haaptvertrieder,
- Randberäich vum Sonnesystem: Sonnewäit Objete bis zu der Heliopaus, ongeféier 100.000 AE = 1,5 Liichtjoere
- Laangperiodesch Koméiten an aperiodesch Koméite mat hyperbolescher oder parabolescher Bunn, déi d'Sonnesystem wäitleefeg duerchfléien.
Extrasolar Objeten: Objete baussenzeg vun der Grenz vun eisem Sonnesystem (Deep-Sky-Objete).
- Objete vun der galaktescher Noperschaft:
- No Stären (ronn 15 Lj)
- Déi Lokal Blos (ëm déi 300 Lj)
- Galaktesch Objeten: E Beräich vun 100.000 Lj (30 kpc)
- D'Mëllechstrooss an hir direkt Begleeder, wéi d'Grouss Magellanesch Wollek an déi Kleng Magellanesch Wollek
- Extragalaktesch Objeten:
- Lokal Grupp (den Andromedaniwwel an e puer kleng Objeten)
- Virgo-Superkoup (ongeféier 100 Galaxiëkéip, ronn 200 Millioune Liichtjoer Duerchmiesser), Grouss Mauer (Astronomie)
- Filamenter a Voids (déi gréisst bis elo bekannt Strukture vum Universum)
Astronomesch Elementer
[änneren | Quelltext änneren]Astronomesch Elementer sinn ausgewielt immateriell geometresch Objeten. Si hëllefe bei der Definitioun vun Astronomesche Koordinatesystemer an der Lag zoueneen, fir d'Ëmrechnung vun de Koordinaten, fir d'Referenzéierung a fir d'Berechnung vu Bunnnelementer a Bunndate vun engem Objet, dem Zäitpunkt vun Astronomeschen Evenementer souwéi de Beweegungen an de Positioune relativ zum Standpunkt vum Beobachter (Ephemeriden). Rechentechnesch gi s'awer geneesou wéi materiell Objete behandelt.
- Baryzentre vu Systemer, Schwéierpunkte vun Objeten, Galaktesche Mëttelpunkt
- Haaptstellungen: Fréijoers- an Hierschtpunkt, Summer- a Wantersonnewenn, Apsiden (Apoapsis, Periapsis), Kniet (besonnesch de Moundknuet), Kulminatiounspunkt, Konstellatiounen: Konjunktioun, Oppositioun (Syzygium), z. B. Vollmound, Neit Liicht.
- Polen (Ekliptikpolen, Himmelspolen, Zenit, Nadir), Himmelsrichtungen (Südpunkt, Nordpunkt, Ostpunkt, Westpunkt)
- Referenzlinnen
- Solsticelinn, Apsidelinn, Knuetlinn; Viséierlinn (Bléckrichtung), Loutrichtung
- Ëmlafbunn (Orbit), Keplerbunn, Hodograph
- Referenzplang
- Pläng, déi mëttel Zoustänn gestéiert Bunnen, d'azimutaalt Koordinatesystem vun engem Objet oder aneren Date beschreiwen
- Galaktesche Plang, Ekliptik, Orbitalplang; Equatorniveau (Himmelsequator), Horizont, Meridianplang
- Referenzflächen
- Kierper, déi am Allgemengen dozou dengen, fiktiv Mëttel Objeten ze definéieren:
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Himmelskierper – Biller, Videoen oder Audiodateien |