Himmelsrichtung

Vu Wikipedia

D'Himmelsrichtung beschreift d'Richtung vun engem Bezuchspunkt (z. B Standplaz) zu engem anere Punkt op der Äerduewerfläch. Déi véier Haapthimmelsrichtungen (och Kardinalpunkten) sinn d'Grondrichtungen Norden, Osten, Süden a Westen. Himmelsrichtunge bezéie sech op de jeeweilegen Horizont an d'Lag vun der Äerdachs. D'Haapthimmelsrichtungen definéieren d'Richtung vun de geographesche Koordinaten, de Meridianen, déi sech an de Punkten Nord- a Südpol treffen an de Breetekreesser, déi parallel zu der Äerdrotatioun ost-westlech lafen. A bestëmmte Kulturen, z. B. indianeschen oder buddhisteschen, gëtt dëst Konzept op sechs Himmelsrichtungen duerch den Aschloss vun Zenit (uewen/himmelwäerts) an Nadir (ënnen/äerdwäerts) vergréissert.

Véier Haapthimmelsrichtungen[änneren | Quelltext änneren]

T-O-Kaart, aus Isidor vu Sevillas Etymologiae, Éischtdrock Günther Zainer, 1472 – uewen ass hei nach Osten

Déi véier Himmelsrichtunge gi mat «N» (Nord), «O» oder «E» (Ost, East), «S» (Süd) a «W» (West) ofgekierzt. Si déngen der Orientéierung mat der Sonn (kuckt Sonnelaf), dem Kompass oder der astronomescher Azimutmiessung souwéi der Angab vu Richtungen op der Äerduewerfläch, vonu Kursen oder vu Wandrichtungen. Als Grondrichtunge forme si och de Raster an de Landkaarten.

Norden[änneren | Quelltext änneren]

Den Norden ass, zanter ville Joerhonnerten (wann net anescht bezeechent) op de Land- a Séikaarten ëmmer uewen. Déi Festleeung riicht sech no der Äerdrotatioun; d'Äerdachs weist op hirem engen Enn no Norden. Norden oder méi genee rechtweisend Nord (rwN), Kaartennord oder geographesch Nord ass d'Richtung zum geographeschen Nordpol. D'Ausriichte vun enger Kaart, engem Plang oder engem Loftbild um Terrain no den Himmelsrichtunge bezeechent een als Annorden.

An der Navigatioun gi weider Nord-Richtunge gebraucht, dozou gehéiere Magnéitkompassnord (MgN) oder engl. magnetic north (MN) a mëssweisend Nord (mwN), déi sech um Magnéitfeld orientéieren, souwéi Gitternord (GiN) resp. grid north (GN) als Bezuchsrichtung fir déi an der Geodesie gebrauchte Koordinatesystemer (Gauss-Krüger, UTM, UPS).

Süden[änneren | Quelltext änneren]

DE Süden ass d'Géigerichtung vum Norden. Op der Nordhallefkugel vun der Äerd ass si d'Richtung vum héchste Sonnestand ëm Mëttag. De Süden huet dofir fréier Meridies, Mëtt vum Dag, geheescht, an an der Mythologie och Mesembria, Hore vum Mëtteg. Mëttelalterlech arabesch Weltkaarte waren no Süden ausgeriicht.

Osten[änneren | Quelltext änneren]

Den Osten ass d'Dréirichtung vun der Äerd ëm hir Achs, vun eis aus als Richtung vum Sonnenopgank gesinn (relativ genee nëmme bei den Equinoxen). (vergl. Orient), griich. Anatole oder Anatolia, Gëttin vum Sonnenopgank (eng weider Hore), germanesch Austri. Mëttelalterlech chrëschtlech Weltkaarten (Mappae Mundi) waren no Osten a Richtung vu Jerusalem an der Standplaz vum Paradäis ausgeriicht.

Westen[änneren | Quelltext änneren]

De Westen ass d'Richtung vum Sonnenënnergank (genee nëmme bei den Equinoxen). (vergl. Okzident), griich. Dysis, Gëttin vum Sonnenënnergank (och eng Hore).

Weider Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

An der Astronomie schwätzt een amplaz vun Nord a Süd och vum Meridian, well den deeglechen Héchststand vu Stären och nërdlech vum Zenit ka sinn, (kuckt iewescht Kulminatioun). Déi vertikal Ost-West-Linn iwwer den Zenit gëtt dogéint als Éischt Vertikal bezeechent.

Op mëttelalterlechen däitschen Duerstellunge ginn d'Himmelsrichtungen och nom Stand vun der Sonn wéi uschléissend genannt:

  • Ufank fir Ost (laténgesch oriens)
  • Mëtteg fir Süd
  • Ënnergank fir West (laténgesch occidens)
  • Mëttnuecht fir Nord

Dës Bezeechnunge sinn am däitschsproochege Raum zanter dem 20. an 21. Joerhonnert net méi gebräichlech. Dat selwecht gëllt fir déi fréier gebraucht Richtungsangaben Levante (ausser fir spezifesch den Noen Osten) a Ponente (Westen). A munneche slawesche Sproochen hu sech dogéint e puer vun dëse fréiere Bezeechnungen an der wiertlecher Iwwersetzung erhalen.

Niewenhimmelsrichtungen an Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Véier Niewenhimmelsrichtungen[änneren | Quelltext änneren]

Fir genee Richtungsbezeechnungen déngen d'Zwëscherichtungen Nordost, Südost, Südwest an Nordwest. Si sti wéi déi véier Haapthimmelsrichtunge rechtwénkleg zoueneen a sinn hir Medianen. Zesumme mat hinnen deele se d'Kompass- resp. Wandrous an Aachtel zu jee 45 Grad a ginn an dëser Form an der Traditioun vum Wénkelmooss zanter der Antiquitéit gebraucht.

Wandrous[änneren | Quelltext änneren]

Wandrous, Jorge de Aguiar 1492
Wandrous mat 32-Stréch-Deelung

Fir méi genee Orientéierung sinn an der Séi- a Loftfaart d'Himmelsrichtungen nach méi reng ënnerdeelt. De vollen Ëmfang vun der Wandrous gëtt an 360° am Auerzeigersënn ënnerdeelt a fänkt mat Norden un:

0° = N 90° = O oder E 180° = S 270° = W

D'Wandrous, och Kompassrous (engl.: compass rose, ass meeschtens an 32 gläichgrouss Wénkelen zu jee 11,25 Grad ënnerdeelt, déi och als nautesche Stréch bezeechent ginn. Den Oste gëtt an der Navigatioun ëmmer mat E (englesch east) ofgekierzt, fir eng Verwiesselung mat der Null («O» ↔ «0») z'iwwergoen. Nach méi reng ënnerdeelt Kompassrousen hunn nach Markéierunge bei hallwe Strécher.

Am Vermiessungswiese gëtt de Vollkrees a 400 Gon, och Neigrad genannt, ënnerdeelt. An der Artillerie sinn et 64 Artillerie-Stréch resp. 6400¯ oder an der Schwäiz an Artilleriepromille A‰. Déi Bezeechnunge ginn ëmmer nach fir d'Orientéierung gebraucht.

Wandrous an der Heraldik[änneren | Quelltext änneren]

D'Wandrous ass an der Heraldik eng normal Figur. Si kënnt net dacks vir a gëtt mat iwwerenee geluechte Stären duergestallt. D'Nordrichtung gëtt ganz rar ugedeit.

Systematik vun der Benennung[änneren | Quelltext änneren]

D'Himmelsrichtungen (32er-Deelung, mat Gradskala no Norden ausgeriicht)
  • Véirel hunn hir eege Bezeechnung (N, O oder E, S, W)
  • Aachtel ginn aus den Nimm vun de Véirel zesummegesat, woubäi Nord a Süd viru West an Ost (O oder E) stoen: Nordwest, Nordost, Südost, Südwest – ofgekierzt NW, NO oder NE, SO oder SE, SW.
  • Siechzéngtel setze sech aus den Nimm vun de Véirel a vum jeeweilegen Nopeschaachtel zesummen (an dëser Reiefolleg). Beispiller: WSW = Westsüdwest, SSW = Südsüdwest.
  • Zweeandrëssegstel gi geformt, andeems een dem jeeweilegen ugrenzende Véirel oder Aachtel mat engem „zou“ den an der vergläichbarer Richtung leiende nächste Véirel-Nimm unhänkt. Beispiller: WzS = West zu Süd, SWzW = Südwest zu West.
  • hallef Strécher ginn aus dem Numm vum ganze Stréch (riicht Strécher) an engem „en hallwen“ mat dem jeeweilege Véirel-Numm gebilt. Zum Beispill: Nord en hallwen Ost (N 1/2 E = 5,625 Grad) oder SüdOst en hallwen Ost (SE 1/2 E) = 129,375 Grad).

Zanter Laangem huet d'Bezeechnung vu Gradzuelen d'Prioritéit.

Fein Ënnerdeelung[änneren | Quelltext änneren]

A ville Fachgebidder – ë. a. Astronomie, Geodesie, Kartographie an Navigatioun – ass eng méi fein Ënnerdeelung vun den Himmelsrichtungen noutwendeg. Meeschtens gëtt dofir d'Gradmooss (0° bis 360°) gebraucht, woubäi d'Nordrichtung dem Azimut (oder Kurs) 0° entsprécht. Als Folleg huet den Osten 90°, de Süden 180° an de Westen 270°.

China[änneren | Quelltext änneren]

Bannenzege Krees: Äerdäscht
baussenzege Krees: Déi 24 Himmelsrichtungen
Norden ass ënnen, Weste läit riets)

Vun de chineesesche Séifuerer an Astronome goufen amplaz vun de véier Haapthimmelsrichtungen déi 12 Himmelsrichtunge vun den Äerdäscht virgezunn. Entgéint den aacht Himmelsrichtungen an der europäescher Opstellung hunn déi amplaz vun enger 45°- eng 30°-Andeelung. Fir Séifuerer sinn dës 12 Himmelsrichtungen zwar net duergaangen, an dofir gouf dee Zuel verduebelt fir sou eng Opdeelung a 15 °-Ofstänn ze kréien. Dobäi goufe fir d'Himmelsrichtungen tëscht den Äerdkreesser nei Bezeechnunge mat ënnerschiddlechem Urspronk agefouert. Erfuere Séifuerer wéi den Zhèng Hé hate souguer en 48-gliddrege Kompass.

Bestëmmung vum Süden unhand vun der Sonn an enger Analogauer[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonn steet op der Nordhallefkugel mëttes am Süden an Analogaueren hu meeschtens eng 12-Stonneskala. Wann een de Stonnenzär op d'Sonn ausriicht, läit de Süden op der Wénkelhalschant tëscht der 12-Auer-Markéierung an dem Stonnenzär. An der Summerzäit läit de Süden op der Wénkelhalschent tëscht der 1-Auer-Markéierung an dem Stonnenzär.[1]

Mierksätz[änneren | Quelltext änneren]

  • Ni Ouni Seef Wäschen
  • Net Ouni Stiwwele Wanderen
  • Néng Ochsen Saufen Waasser
  • Am Oste geet d'Sonn op - am Süden hëlt si hire Laf - am Weste geet si ënner - am Norden ass si ni ze gesinn (gëllt fir déi nërdlech Hemisphär tëscht dem Nërdleche Wendekrees an dem nërdleche Polarkrees).
  • Fir déi griichesch/réimesch Horen gouf et d'Kennwuert ADAM: Anatole, Dysis, Arktus, Mesembria (O–W–N–S), déi véier ‚Weltgéigenden‘ – dëst Akronym spillt mat Bezuch op Adam och nach an der fréichrëschtlecher Kräizsymbolik eng Roll (Missiounsgedanken), a fënnt sech sou als Beschrëftung vun de véier Balken.

Laténgesch Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Virun allem am Mëttelalter an an der fréier Neizäit goufen d'Himmelsrichtungen an neilaténgescher Sprooch bezeechent:

SE = septentriones (septentrio oder septemtriones), Norden
OR = oriens, Osten
ME = meridies, Süden
OC = occidens, Westen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tippscout Pfadfinderforum: So finden Sie die Himmelsrichtungen mit Hilfe einer Uhr heraus, gekuckt de 15. Januar 2012