Loftfaart

Vu Wikipedia
Kondenssträifen.

D'Loftfaart, och Fligerei, Aviatioun, oder Aeronautik, ass den Transport vu Material oder Liewensmëttel an der Loft ouni Verbindung mat der Äerduewerfläch. De Begrëff ëmfaasst all d'Persounen, d'Entreprisen, d'Aktivitéiten an Deelgebidder (och um Buedem), déi mam Betrib vu Fligerem zesummenhänken.

Juristesch gëtt d'Bezeechnung Loftverkéier benotzt (kuckt Loftverkéiersgesetz). Fir den ingenieurwëssenschaftleche Beräich kuckt Loft- a Raumfaarttechnik.

Urspronk vun de Bezeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

D'Bezeechnung "Loftfaart" gouf am 19. Joerhonnert an Uleenung un d'Séifaart gepräegt. Dat huet sech bis haut doran erhalen, datt fir Loftschëffer d'Verb "fueren" benotzt gëtt. De Begrëff Aeronautik (fr: aéronautique, en: aeronautics) staamt och aus der Zäit vun de Loftschëffer (zum Beispill Ballonen oder Zeppelinen).

Geleeëntlech gëtt d'Wuert Aviation (mat englescher Aussprooch) als Friemwuert am Däitsche benotzt; zum Beispill bezeechent sech d'Lufthansa als „Aviation-Konzern“.[1]

Ënnerscheed no Asaz[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet een zwéi Beräicher resp. Aarte vu Loftfaart:

Zivil Loftfaart[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Zivil Loftfaart 


Déi zivil Loftfaart kann een opdeelen an:

  • D'geschäftsméisseg Loftfaart mécht de reegelméissegen, ëffentlechen a kommerzielle Loftverkéier resp. Charter- a Geleegenheetsverkéier.
  • D'Allgemeng Loftfaart regruppéiert de private Loftsport, kommerziell Geschäftsflich awer och Flich mat spezieller Uweisung, beispillsweis Flich vun der Polizei oder der Loftrettung.

Militäresch Loftfaart[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Militäresch Loftfaart 


Déi betrëfft all Fluchbetrib mat militäresche Loftgefierer oder fir militäresch Zwecker.

Ënnerscheed no Prinzip[änneren | Quelltext änneren]

Bei der Loftfaart gëtt ausserdeem no der Aart vum Opdriff an zwou Aarten agedeelt:

Donieft gëtt et nach soug. Hybridloftschëffer, déi di zwou Opdriffsaarte benotzen.

International Loftfaart[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Koordinatioun an der internationaler Loftfaart goufe vill Ofkommesse gemaach, zum Beispill am Dezember 1944 d'Chicagoer Ofkommes, mat deem d'International Civil Aviation Organization (ICAO) gegrënnt gouf. Als eenheetlecht Alphabet gouf fir d'Loftfaart d'ICAO-Alphabet festgeluecht. Auerzäite gi grondsätzlech an UTC uginn.

D'IATA ass den Daachverband vu weltwäit 250 Fluchgesellschaften, déi ronn 94 % vun allen internationale Flich maachen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: Geschicht vun der Loftfaart 


Kuckt och:

Loftfaart an Zäreneffet[änneren | Quelltext änneren]

Den Undeel vum Fluchverkéier an de weltwäiten CO2-Emissioune vum Verkéier war no Ausso vun IPCC am Joer 1999 ongeféier 12 %. Den Undeel un alle globalen CO2-Emissiounen ass ronn 2,4 %.

Den Undeel vun der Loftfaart am weltwäite vum Mënsch verursaachten Deel beim Zäreneffet ass no der IPCC-Studie vun 1999 zirka 3,5 %.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Loftfaart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Homepage der Lufthansa (Januar 2011) Gearchiveerd op 2011-05-17. Gekuckt de(n) 2019-01-03.
  2. Joyce E Penner: IPCC special report on Aviation and the Global Atmosphere. Intergovernmental Panel on Climate Change, 1999. ISBN 92-9169-111-9