Fliger

Vu Wikipedia
Eng Embraer vun der Luxair

E Fliger ass e Loftgefier, dat méi schwéier wéi d'Loft ass an deen néidegen Opdriff duerch seng statesch Flilleke kritt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Éischte Fluch vun de Wright Bridder

An den Ufänk vun der Loftfaart gouf et vill Pionéier. Am erfollegräichste war nach den Otto Lilienthal (1848–1896), dee sech u Gläitfliger versicht huet an domatter och méi wéi 1.000 Mol gesegelt ass, bis zu 250 m wäit.

Et waren awer d'Bridder Wright, déi als éischt e motorgedriwwene Fliger gebaut hunn, mat deem se de 17. Dezember 1903 en erfollegräichen, undauerende gesteierte Fluch fäerdegbruecht hunn.

Am Éischte Weltkrich huet d'Militär de Fliger fir sech entdeckt, ugaangs fir Opklärungsflich, mee herno kruten d'Fliger och Maschinnegewierer a Bomme mat.

An der Tëschekrichszäit ass déi kommerziell zivil Loftfaart opkomm. Déi éischt Flich iwwer den Atlantik goufe méiglech.

Den Zweete Weltkrich huet nees Innovatioune virubruecht, d'Heinkel He 178 war deen éischte Fliger mat enger Loftstralturbin, de 27. August 1939 gouf et deen éischten Test.

1947 huet d'Bell X-1 als éischte Fliger offiziell d'Schallmauer duerchbrach. Inoffiziell war dat schonn 1945 aus Versinn däitsche Kampfpilote mat enger Me 262 gelongen.

Eng Concorde vun der Air France

Deen éischten Iwwerschall-Passagéierfliger gouf et mat der Concorde, déi tëscht 1976 an 2003 am Linnebetrib war.

Spéider sinn nieft klenge Fliger och ëmmer méi grousser opkomm, wéi den Airbus A380 fir Passagéier an d'Antonow An-225 am Cargoberäich.

D'Militär fir säin Deel huet d'Tarnkappentechnik entwéckelt (1982 mat der Lockheed F-117A Nighthawk), a bréngt neierdengs ëmmer méi onbemannten Dronen an d'Luucht.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Fligerdeeler

De Romp ass de mëttelsten Deel vum Fliger, do sëtzen d'Piloten an hannendrun d'Passagéier oder d'Cargaisoun. Vum Romp sti lénks a riets d'Flilleken ewech, un deenen d'Queeschrudder si fir no lénks oder riets ze rullen an d'Stéierklappe fir bei der Landung d'Vitess ze reduzéieren. Dacks ass sinn de Flilleken och d'Motoren, entweeder mat Propeller oder Stralwierker. Hannen huet de Fliger e Leetwierk mat den Héichterudder, déi de Fliger an der Vertikaler erop- oder erofgoe loossen a mam Säiterudder fir d'Direktioun ze steieren. Gelant gëtt meeschtens op Rieder, bei Waasserfligeren och op Kufen oder um Romp.

Kategorië vu Fliger[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fliger – Biller, Videoen oder Audiodateien