Op den Inhalt sprangen

Concorde

Vu Wikipedia
Concorde
Technesch Daten
Vitess 2145 (Mach 2.02) km/h
Passagéier 92-100
Reechwäit 6.200 km
Längt 61,6 m
Héicht 12,19 m
Spannwäit 25.60 m
Undriff 4 Rolls-Royce/Snecma Olympus 593 Mk.610 Turboreakteren

D'Concorde (Aérospatiale-BAC Concorde 101/102) war en Iwwerschall-Linnefliger, dee gemeinschaftlech vu Sud-Aviation (aus där d'Aérospatiale ervirgoung) a BAC (spéiderhi British Aerospace) gebaut gouf. E geet zeréck op e Regierungsaccord tëscht Frankräich a Groussbritannien, am November 1962, fir sou eng Zort Fliger ze bauen.

E konnt mat enger Croisèresvitess vu Mach 2.02 op enger Héicht tëscht 16.000 an 18.000 Meter fléien.

Den 2. Mäerz 1969 gouf deen éischten Testfluch mat engem Prototyp gemaach. Vum 21. Januar 1976 bis den 3. Juni 2003 gouf d'Concorde reegelméisseg op kommerzielle Flich agesat. Wéinst sengem héije Verbrauch vu Kerosin a sengem Asaz, dee praktesch op Transatlantikflich limitéiert war, war säi Betrib defizitär. Opwuel ufanks eng annerhallef Dose Fluchgesellschaften um Fliger intresséiert waren, gouf en um Enn just vun Air France a British Airways agesat; et goufen dann och just 20 Stéck gebaut. Fir se besser ze rentabiliséieren, goufen d'Maschinnen net nëmmen op Linneflich, ma och op Charterflich (z. B. Weltreesen oder fir besonnesch Evenementer) agesat. Och déi franséisch Presidenten hu se gär fir hir offiziell Reese méi wäit ewech benotzt.

Den Accident vum Air France-Fluch 4590 de 25. Juli 2000 bei Gonesse, bei deem 113 Leit ëm d'Liewe koumen, huet mat derzou bäigedroen, datt en aus dem Betrib geholl gouf.

Commons: Concorde – Biller, Videoen oder Audiodateien