Embraer ERJ-145

Vu Wikipedia
Embraer
ERJ-145
Technesch Daten
Vitess 850 km/h
Passagéier 48 - 50
Reechwäit 3.300 km
Längt 29,9 m
Héicht 6,8 m
Spannwäit 20 m
Undriff 2 Rolls-Royce/Allison AE3007A1/3 mat jee 33,2 kN Startleeschtung


Den Embraer Regional Jet ERJ-145 (genannt “Eurojet“) ass e 50-Sëtzer Regionalverkéiersfliger mat Düsentriebwierker. Dëse Modell, dee vum brasilianesche Fligerproduzent Embraer gebaut gëtt, ass den éischten Jet, deen a Südamerika produzéiert gëtt.

De Projet gouf déi éischt Kéier 1989 ënner dem Numm EMB-145 „Amazon“ ugekënnegt.

Nodeem d'Entwécklung vum Projet 1993 ofgeschloss war, gouf mam Bau ugefaangen, soudatt den 11. August 1995 den éischten offizielle Fluch war. D'Ausliwwerung un déi verschidde Fluchgesellschaften huet am Dezember 1995 ugefaangen. De Markennumm Embraer Regional Jet gouf am Oktober 1997 agefouert. Zur selwechter Zäit huet den Avant-Projet fir d'Modeller Embraer ERJ 140 an Embraer ERJ 135 déi sech zu 95 Prozent gläichen, ugefaangen.

De Modell ass mat 682 festen Opträg (31. Mäerz 2005, Quell: Embraer) äusserst erfollegräich, a steet an direkter Konkurrenz mat dem CRJ 100 an CRJ 200.

Déi lëtzebuergesch Fluchgesellschaft Luxair huet 2011, 8 Maschinne vun dësem Typ an hirer Flott, 6 Embraer ERJ-145, an 2 Embraer ERJ-135. Eng Embraer 135 steet awer zum Verkaf.

Militäresch Varianten[änneren | Quelltext änneren]

EMB 145 AEW&C[änneren | Quelltext änneren]

D'145 AEW&C ass e Militärfliger vum brasilianesche Fligerhiersteller Embraer. Den Zousaz AEW&C steet fir Advanced Early Warning and Control. Déi militäresch Typpebezeechnung heescht R99-A.

Et ass ee, mat engem Héichleeschtungsradar ekipéierten Opklärungsfliger änlech wéi d'AWACS, allerdéngs däitlech méi kleng an domat méi präisgënschteg ze bedreiwen. Erkennbar ass en un der längelzeger Radarantenn, déi um "Daach" montéiert ass.

E gëtt vun der griichescher a brasilianescher Loftwaff agesat. A Brasilien virun allem fir d'Iwwerwaachung vum Amazonasgebitt am Kader vum sougenannte SIVAM-Projet.

EMB 145 RS/AGS[änneren | Quelltext änneren]

D'EMB 145 RS/AGS ass e Militärfliger. Den Zousaz RS/AGS steet fir Remote Sensing/Air to Ground Surveillance (lëtz: Fernobservatioun/Loft-Buedem-Iwwerwaachung). D'Militäresch Typpebezeechnung heescht R99-B.

Et handelt sech ëm en Opklärungsfliger, dee mat ganz vill elektroneschen an elektro-opteschen Iwwerwaachungssystemer ekipéiert ass.

EMB 145 MP/ASW[änneren | Quelltext änneren]

D'EMB 145 MP/ASW ass e Militärfliger. Den Zousaatz MP/ASW steet fir Marine Patrol/Anti Submarine Warfare (lëtz. Marinn-Iwwerwaachung/Anti-U-Bootkampf). D'militäresch Typpebezeechnung heescht P99.

Et handelt sech ëm e Fliger, dee speziell entwéckelt gouf, fir d'Opklärung iwwer dem Mier, a fir de Kampfasaz géint U-Booter, . Z'erkennen ass en un engem däitleche Wulst ënner dem Romp, geneesou wéi säi Guet EMB 145 RS/AGS.

Dëse Modell gëtt vun der mexikanescher Loftwaff agesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Embraer – Biller, Videoen oder Audiodateien