Op den Inhalt sprangen

Südamerika

Vu Wikipedia
Südamerika
Satellittebild vu Südamerika
Geographie
Geographesch Lag Südhallefkugel, Nordhallefkugel
Besteet aus Argentinien, Bolivien, Brasilien, Chile, Kolumbien, Ecuador, Islas Malvinas, Guyane, Guyana, Paraguay, Peru, Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen, Surinam, Uruguay, Venezuela
Länner 13
Fläch 17.461.112 km²
Héchste Punkt Aconcagua (6.962 m)
Déifste Punkt Laguna del Carbón (-105 m)
Demographie
Awunner 438.104.941 (2025)
Bevëlkerungsdicht 24,56/km²
Bevëlkerungsräichst Regioun São Paulo
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC−6, UTC−5, UTC−4, UTC-3, UTC−2

Südamerika ass de südlechen Deel vum amerikanesche Kontinent, huet eng Bevëlkerung vu méi wéi 438 Milliounen Awunner an ass mat enger Fläch vu 17.461.112 Quadratkilometer déi véiertgréisst kontinental Landfläch op der Äerd.

Südamerika gëtt am Oste vum Atlantik an am Weste vum Pazifeschen Ozean begrenzt. Op der südlecher Spëtz vu Südamerika, gëtt d'Insel Feierland (Tierra del Fuego) vun der Drake-Stross vum Nopeschkontinent Antarktis getrennt. E bësse méi südlech vum Feierland läit Kap Hoorn, wou den den Atlantik an de Pazifik openee stoussen. A Richtung Norde mécht den Isthmus vu Panama d'Verbindung mat Nordamerika.

A Südamerika gëtt et dräi Haaptregiounen:

  • D'Anden: eng héich Biergketten op der westlecher Säit vum Kontinent;
  • Dräi Flossflächen ëstlech vun den Anden;
  • Dräi Biergregiounen ëstlech vun den Anden.

Déi éischt mënschlech Spueren a Südamerika ginn op tëscht 20.000 an 10.000 v. Chr. zeréck. Als déi eelst amerikanesch Kultur gëllt d'Valdivia-Kultur am Ecuador, am 4. Joerdausend v. Chr. Vum 2. Joerdausend v. Chr. un hu sech a ganz Südamerika eenzel lokal Kulturen entwéckelt. Déi fréist Héichkultur, déi haut nach z'erkennen ass, war déi vun de Chavín de Huántar, déi tëscht ongeféier 800 an 300 v. Chr. am Peru existéiert huet.

Bevëlkerung a Sproochen

[änneren | Quelltext änneren]

Well Südamerika 1494 am Traité vun Tordesillas tëscht Spuenien a Portugal opgedeelt gouf, gëtt haut a Brasilien eng brasilianesch Variant vum Portugisesche geschwat, iwwerdeems a bal allen anere südamerikanesche Länner Spuenesch déi offiziell Sprooch ass. Do dernieft ass just a Surinam an op den ABC-Inselen Hollännesch d'offiziell Sprooch.

Geschichtlech gesinn, goufen déi meescht Länner a Südamerika als republikanesch Diktature gegrënnt, déi ënner der Féierung vu sougenannte Caudilloen stoungen. Eng Ausnam ass Brasilien, dat fir déi éischt 67 Joer vu senger Onofhängegkeet eng konstitutionell Monarchie war, bis et duerch e Staatsstreech zu enger Republik gouf.

Zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert gëlle Brasilien, Chile, Argentinien an Uruguay als déi demokrateschst Länner vun der Regioun.[1][2]

All südamerikanesch Staate sinn haut presidentiell Republicken, mat Ausnam vu Surinam, dat eng parlamentaresch Republik ass. Franséisch Guyana ass en Iwwerséidepartement vu Frankräich, wärend d'Falklandinselen, Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen brittesch Iwwerséigebidder sinn.

Südamerika ass den eenzeg bewunnte Kontinent ouni aktuell Monarchie. Am 19. Joerhonnert huet d'Brasilianescht Keeserräich existéiert, deemools gouf et e Versuch, e Kinnekräich Araukanien a Patagonien am Süde vun Argentinien an am Chile opzebauen. Am 20. Joerhonnert gouf Surinam als Bestanddeel vum Kinnekräich vun den Nidderlanden gegrënnt. Guyana huet nach véier Joer no senger Onofhängegkeet d'Kinnigin als Staatschef behalen.

An der rezenter Zäit gouf eng interstaatlech Struktur gegrënnt, mam Zil, déi zwou bestoend Zolluniounen – Mercosur an d'Andegemeinschaft (Comunidad Andina de Naciones, CAN) – ze fusionéieren, fir esou den drëttgréisste Wirtschaftsblock weltwäit ze schafen. Dës nei politesch Organisatioun, déi als Unioun vun de südamerikaneschen Natiounen (Unión de Naciones Suramericanas, UNASUR) bekannt ass, setzt sech fir fräie Persouneverkéier, wirtschaftlech Entwécklung, eng gemeinsam Verdeedegungspolitik an d'Ofschafe vun den Zollkontrollen an.[3]

D'Landwirtschaft bleift de wichtegste Wirtschaftssecteur a Südamerika, och wann d'Landaarbechtslosegkeet an d'Aarmut d'Leit an déi riseg Küstestied verdrängen. D'Mineral- a Pëtrolsressourcen sinn net gläichméisseg tëschent de Länner verdeelt. Fir den Import vu Rostoffer ze reduzéieren, d'Produktioun nei unzedreiwen an d'Infrastrukturen ze stäerken, hu Regierungen an den 1960er an 1970er Joren héich Scholde bei der Weltbank gemaach. Haut ass Brasilien déi féierend Wirtschaftsmuecht, mat engem groussen Ofstand virun Argentinien, dat selwer knapp viru Kolumbien a Venezuela läit. De Weste vu Südamerika, dee manner entwéckelt ass, konnt rezent vu senger geographescher Lag profitéieren. Sou exportéiert de Chile ëmmer méi Rostoffer a Richtung Japan.

Déi véier Länner mat der stäerkster Landwirtschaft a Südamerika si Brasilien, Argentinien, de Chile a Kolumbien.

Geopolitesch ginn d'Länner vu Südamerika esou opgedeelt:

  • Anden-Länner: Kolumbien, Peru, Ecuador, Bolivien an de Chile. Dës Länner hu spezifesch ethnesch, sproochlech a kulturell Gemeinsamkeeten, absënns de Gebrauch vum Quechua oder der Adobe-Bauweis. Op Grond vun der Geschicht vum Inka-Räich, dat sech tëscht ongeféier 800 an 1500 iwwer dës Regioun erstreckt huet, gëtt den Ausdrock "Anden-Länner" hautdesdaags nach ëmmer fir dëst gemeinsaamt kulturellt Gebitt benotzt;
  • Amazonasbaseng (oder Amazonien): begräift Gebidder a Brasilien, Franséisch-Guayana, Surinam, Guyana, Venezuela, Kolumbien, Ecuador, Peru a Bolivien. Wéinst senger Gréisst gëtt Brasilien dacks als onofhängeg Entitéit ugesinn;
  • La-Plata-Staaten: enk definéiert, Argentinien an Uruguay. Béid Länner leien direkt um Río de la Plata, der 290 km laanger a bis zu 220 km breeder Mëndung vun de grousse südamerikanesche Flëss Paraná an Uruguay;
  • Cono Sur (dt. Südkegel): Argentinien, de Chile an Uruguay, deels och de Paraguay;
  • Karibesch Staaten: Venezuela, Guyana, de Surinam an d'Franséisch-Guayana. Wéinst hirer Kolonialgeschicht an de Wirtschafts- a Verkéiersbezéiunge mat de karibeschen Insele ginn dës Länner ginn dacks als en Deel vun der Karibik ugesinn;
  • Trinidad an Tobago ginn traditionell zur Karibik gerechent an zielen domat zu Mëttelamerika. D'Haaptinsel Trinidad läit awer um südamerikanesche Kontinentalsockel.

Zum südamerikanesche Kontinent gehéieren:

  • 13 Memberstaate vun de Vereenten Natiounen,
  • 2 Gebidder vun net-amerikanesche Staaten,
  • 6 Territoiren déi vun enger anerer Natiounen ofhängeg sinn.

Membere vun de Vereenten Natiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Staat oder Territoire Offizielle Staatsnumm Haaptstad Fläch [km²][5] Awunner[6]
1 Argentinien Argentinesch Republik Buenos Aires 2.780.400 45.696.159
2 Bolivien Plurinationale Staat Bolivien Sucre (de jure)

La Paz (de facto)

1.098.581 12.413.315
3 Brasilien Federativ Republik Brasilien Brasília 8.515.770 211.998.573
4 Chile Republik Chile Santiago de Chile 756.102 19.764.771
5 Ecuador Republik Ecuador Quito 283.561 18.135.478
6 Guyana Kooperativ Republik Guyana Georgetown 214.969 831.087
7 Kolumbien Republik Kolumbien Bogotá 1.138.910 52.886.363
8 Paraguay Republik Paraguay Asunción 406.752 6.929.153
9 Peru Republik Peru Lima 1.285.216 34.217.848
10 Surinam Republik Surinam Paramaribo 163.820 634.431
11 Trinidad an Tobago Republik Trinidad an Tobago Port of Spain 5.128 1.507.782
12 Uruguay Republik ëstlech vum Uruguay Montevideo 176.215 3.386.588
13 Venezuela Bolivaresch Republik Venezuela Caracas 912.050 28.405.543

Gebidder vun net-amerikanesche Staaten

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad Fläch [km²][7] Awunner[8]
1 Bonaire Holland Kralendijk 294 24.090
2 Guyane Frankräich Cayenne 84.000 310.000

Ofhängeg Gebidder

[änneren | Quelltext änneren]
Nr Territoire Mammeland Haaptstad Fläch [km²][7] Awunner[8]
1 Aruba Holland Oranjestad 180 110.000
2 Curaçao Holland Willemstad 444 190.000
3 Falkland Inselen Vereenegt Kinnekräich Stanley 12.173 4.550
4 Südgeorgien an d'Südlech Sandwichinselen Vereenegt Kinnekräich King Edward Point 3.903 3.400
 Commons: Südamerika – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Skidmore, Thomas E.; Smith, Peter H. (2005). Modern Latin America. Oxford University Press.
  2. Hudson, Rex A. (Ed.). (1992). Argentina: A Country Study. Library of Congress.
  3. Latin America's New Consensus. archive.globalpolicy.org. Gekuckt de 25.07.2025.
  4. IBGE: rebanho de bovinos tinha 218,23 milhões de cabeças em 2016 (29.09.2017). Gekuckt de 25.07.2025.
  5. Area - The World Factbook. www.cia.gov. Gekuckt de 06.07.2025.
  6. D'Quell vun de Bevëlkerungszuelen ass - wann net anescht uginn - d' (de) Liste der Länder und Territorien nach Einwohnerzahl (Versioun vum 10. Mee 2025 (22:42)) déi hirersäits op den Donnéeë vun de Vereenten Natiounen opgebaut ass.
  7. 7,0 7,1 List of Countries and Dependent Territories of the World Alphabetically. ontheworldmap.com. Gekuckt den 21.07.2025.
  8. 8,0 8,1 (en) World Population Prospects. population.un.org. Gekuckt den 21.07.2025. „Stand: Mëtt 2024“