Ecuador
República del Ecuador Republik Ecuador | |||||
| |||||
![]() | |||||
Offiziell Sprooch: | Spuenesch | ||||
Haaptstad: | Quito | ||||
Staatsform: | Presidialrepublik | ||||
• President: | Daniel Noboa | ||||
Fläch: | 256.370 km² | ||||
Bevëlkerung: | 17.483.326 (2023) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 72/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 24. Mee 1822 (vu Spuenien) | ||||
Nationalfeierdag: | 10. August | ||||
Nationalhymn: | Salve, Oh Patria | ||||
Zäitzon: | UTC -5 | ||||
Internet TLD: | .ec | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+593 |
D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht dem Peru a Kolumbien. Am Weste stéisst den Ecuador un de Pazifik.
D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.
Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, de gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.
D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Geographesch deelt d'Land sech a véier Haaptregiounen op:
- Déi westlech Küstegéigend, déi aus Schwemmland an aus niddrege Bierger laanscht d'Küst besteet. Duerch d'Küstegéigend leeft de Río Guayas
- D'Anderegioun, déi aus zwou Gebirgsketten (Andekordilleren) besteet mat engem Héichdall dertëscht, wou de Vulkanismus staark ass.
- Dat ëstlecht Amazonas-Déifland, Oriente genannt, op den Osthäng vun den Anden, an dem schwaach besiidelten ieweschten Amazonasbecken
- D'Galápagos-Inselen.
Administrativ Andeelung
[änneren | Quelltext änneren] Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Provënzen am Ecuador.
De Pëtrol
[änneren | Quelltext änneren]Den Ecuador ass zanter dem November 2007 an der OPEC[1].
Medien
[änneren | Quelltext änneren]Am Land gëtt et 11 méi grouss Dageszeitungen; déi gréisst dovun ass d'Extra.
Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]D'offiziell Sprooch am Land ass Spuenesch.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee warscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zanter ville Joren zu Quito).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Ecuador – Biller, Videoen oder Audiodateien |