Top-Level-Domän

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Top-Level-Domän (TLD) ass dat, wat nom leschte Punkt an engem Domän (Internet)-Numm kënnt. Als Beispill ass am Domän-Numm wikipedia.org den Top-Level-Domän org.

D'Internet Assigned Numbers Authority ënnerscheet tëscht dräi Typpe vun Domäner:

  • déi National Top-Level-Domäner (ccTLD), déi aus zwéi Buschtawe bestinn, zum Beispill de fir Däitschland, lu fir Lëtzebuerg oder och nach jp fir Japan.
  • déi Generesch Top-Level-Domäner (gTLD), déi (an der Theorie) vun enger bestëmmter Zort Organisatioun benotzt ginn. com steet zum Beispill fir commercial, kommerziell. Dës Top-Level-Domäner hunn dräi- oder méi Schrëftzeechen.
  • Infrastrukturellen Top-Level-Domän: an dëser Kategorie gëtt et nëmmen den arpa Domain.

Historesch TLDs[änneren | Quelltext änneren]

Reservéiert TLDs[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]