Op den Inhalt sprangen

Äerdueleg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Äerdueleg (fr: pétrole), deen dacks fälschlecherweis als Pëtrol bezeechent gëtt. Fir d'Distillat vum Réiueleg (de: Petroleum), kuckt wgl. Pëtrol.
Echantillone vu verschiddene Réiueleger aus dem Kaukasus, dem Mëttleren Osten, der Arabescher Hallefinsel an aus Frankräich

Äerdueleg ass en natierlecht, gielzegt bis schwaarzt Gemësch, dat haaptsächlech aus Kuelewaasserstoffer besteet an an der baussenzeger, fester Schuel vun der Äerd virkënnt an dat duerch d'Ëmwandlung vun organesche Substanzen entstanen ass.[1] Den nach net traitéierten Äerdueleg, deen duerch Extraktioun als Réistoff aus engem Gisement gewonne gëtt, ass als Réiueleg bekannt.

Den Äerdueleg ass schonn am anticken Noen Osten als Brennes benotzt ginn, ass awer zënter der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ee vun de wichtegste Réistoffer an der Industriegesellschaft ginn. Et ass net just de wichtegste fossille Brennstoff, mä och de wichtegsten Energierostoff vun allem. Duerch Trennungs- a Konversiounsprozesser gëtt den Äerdueleg an eng Abberzuel vun Tëscheprodukter ëmgewandelt, déi als Basis fir d'Produktioun vu Brennstoffer an als Matière première fir d'Industrie gebraucht ginn. Dozou ziele virun allem Ausgangsstoffer fir vill Produiten an der cheemescher Industrie, wéi Plastik, Lacker, Faarwen a Medikamenter. Äerdueleg gëtt wéinst senger enormer wirtschaftlecher Wichtegkeet och nach „schwaarzt Gold” genannt. Zwou politesch ugedriwwe Krise vun den Äerduelegpräisser (1973 an 1979) haten e wesentlechen Impakt op d'Weltekonomie. A Krisenzäiten (z.B. Grouss Rezessioun, COVID-19 Pandemie) ass de Präis vum Äerdueleg zäitweis staark gefall.

Eleng an de Joren 2014 bis 2023 goufe weltwäit ronn 267[2] Milliarde Barrel Äerdueleg produzéiert (ee Barrel entsprécht 159 Liter).

Äerduelegentreprisë wéi BP gehéieren zu de gréisste wirtschaftleche Firmaen op der Welt. Accidenter bei der Produktioun, z. B. d'Feier op der Deepwater Horizon (2010), oder beim Transport, wéi d'Accident um Tanker Exxon Valdez (1989), hunn Ëmweltkatastrophe verursaacht. D'Extraktioun a besonnesch d'Verbrenne vun Äerdueleg produzéieren Zäregasen, déi als Haaptursaach fir d'global Erwiermung ugesi ginn.

Begrëffsdefinitioun

[änneren | Quelltext änneren]

Den Äerdueleg deen op Däitsch Erdöl, op Franséisch pétrole an op Englesch petroleum oder crude oil heescht, gëtt op Lëtzebuergesch dacks fälschlecherweis als Pëtrol bezeechent.

De franséischen an englesche Begrëff pétrole / petroleum kënnt vum Griichesche Petra (Fiels, Gestengs)[3] a vum Laténgeschen Oleum (Ueleg).

Commons: Äerdueleg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Hans Murawski, Wilhelm Meyer, Geologisches Wörterbuch. Spektrum (2004). Gekuckt de(n) 2024-09-01.
  2. OPEC: World crude oil reserves: Cumulative production versus net additions (2000–2009)
  3. Wilhelm Pape: Handwörterbuch der griechischen Sprache. Braunschweig, 3. Auflage 1914, Band 2, S. 605,