Op den Inhalt sprangen

Diskussioun:Äerdueleg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn einstweile Rohöl mat „primitiven Ueleg“ iwwersat… (Kuckt och: Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch?) GilPe (Diskussioun) 13:38, 14. Aug. 2024 (UTC)[äntweren]

Zur Definitioun: Dat natierlecht, gielzegt bis schwaarzt Gemësch, dat haaptsächlech aus Kuelewaasserstoffer besteet an an der baussenzeger, fester Schuel vun der Äerd virkënnt ass den Äerdueleg, oder Réiueleg. De Pëtrol ass hell an duerchsiichteg an ass en Distillat vum Réiueleg, et kritt een a Liteschfläschen ze kafen an e kann dacks amplaz vu. ë. a. Roboto oder Botzbesinn benotzt ginn, besonnesch wann een net ganz entfette wëll. Well dësen Artikel sech awer net mam Distillat beschäftegt proposéieren ech fir en op Äerdueleg ze réckelen. Wann dat net an de Krom géif passen misst een awer wéinstens mat der Schabloun Aner Bedeitungen drop hiweisen vu wat am Artikel rieds ass.
Wat d'Matière première ugeet déi den LOD Rostoff nennt, (sécher well Réistoff wéi een et an aneren Dictionnaire fënnt, almoudesch ass, oder aus Gott weess waterenger Uersach, vläicht well dat mei dacks bei RTL gebraucht gëtt) ass net vill ze diskutéieren. Datt den LOD awer de Rohbau korrekterweis mat Réibau iwwersetzt versetzt een da schonn an d'Staunen. E kennt och den Äerdgas, awer den Äerdueleg net, wat wahrscheinlech drop hinzeféieren ass datt e sech net zevill mat der Semantik beschäftegt soss hätt en dem Pëtrol déi richteg Bedeitung zoukommegeloss. Mir sollten dat awer op jiddwerfall hei maachen (Cf de: Petroleum och wa vill Leit kammouderweis den Ausdrock Pëtrol fir den Äerdueleg benotzen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:44, 14. Aug. 2024 (UTC)[äntweren]

Okee, merci fir d'Erklärungen, déi mer och aliichten; ech war do liicht op der falscher Spuer… Ech kucke fir dat riicht ze béien:

  • Artikel ëmbenennen op Äerdueleg;
  • Neien Artikel Pëtrol (fir den däitsche Petroleum, franséische kérosène)

GilPe (Diskussioun) 19:03, 14. Aug. 2024 (UTC)[äntweren]