COVID-19-Pandemie

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Medistub.svg Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Animéiert Duerstellung vun der Ausbreedung vun der Pandemie

D'COVID-19-Pandemie ass en Ausbroch vun der neier Otemweeërkrankheet COVID-19 (oder "Covid-19" fir "Corona Virus Disease 2019"). D'Krankheet ass Enn Dezember 2019 an der Stad Wuhan an der chineesescher Provënz Hubei ausgebrach. Si huet sech am Januar 2020 zu enger Epidemie an der Volleksrepublik China entwéckelt a sech weltwäit verbreet. Si gouf vum neie Coronavirus SARS-CoV-2 ausgeléist. Fir enger Verbreedung a Länner ouni effizient Gesondheetssystemer entgéintzewierken, huet d'Weltgesondheetsorganisatioun den 30. Januar 2020 den internationale Gesondheetsnoutstand ausgeruff. Den 9. Februar 2020 huet d'Zuel vun de gemellten Doudesfäll, iwwer 800, d'total Zuel vun den Doudesfäll vun der SARS-Pandemie 2002/2003 iwwerschratt. Vum 28. Februar 2020 un huet d'WHO an hire Rapporten de Risiko op weltwäitem Niveau als "ganz héich" bewäert, virdrun als "héich". Den 11. Mäerz 2020 huet d'WHO offiziell déi vireg Epidemie als Pandemie erkläert, déi éischt zënter der H1N1-Pandemie am Joer 2009/10.

5103006 Persoune ware weltwäit bis zum 23 Mee 2020 nogewisenermoosse mam Virus infizéiert. 333401 Persounen hunn e bis dohin net iwwerlieft[1].

Verbreedung a Moossname géint d'Ausbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Doudeg  Geheelt   Infizéiert (weltwäit)
Donnéeë vun der Johns-Hopkins-Universitéit
[2]

an Asien[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


an Europa[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
Comic vum Carlo Schneider

zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. Februar 2020 gouf et deen éischten offizielle Fall vu Covid-19 zu Lëtzebuerg.[3]

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg

soss doruechter[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. https://gouvernement.lu/lb/dossiers.gouv_msan%2Blb%2Bdossiers%2B2020%2Bcorona-virus.html
  2. CSSE COVID-19 Dataset: Time series summary (csse_covid_19_time_series). In: Johns Hopkins University Center for Systems Science and Engineering: 2019 Novel Coronavirus COVID-19 (2019-nCoV) Data Repository by Johns Hopkins CSSE. Abgerufen am 22. März 2020.
  3. Bilo, M. & S. Remesch, 2020. "Ein normales Szenario". Erste Person in Luxemburg mit dem Corona-Virus infiziert. - Behörden setzen auf Transparenz. Luxemburger Wort vum 2. Mäerz 2020, S. 15.