Luxemburger Wort

Vu Wikipedia
Luxemburger Wort
für Wahrheit und Recht
Typ Dageszeitung
Sprooch Däitsch,
Franséisch,
Englesch,
Lëtzebuergesch
Éischt Ausgab 23. Mäerz 1848
Land Lëtzebuerg
Besëtzer Mediahuis Luxembourg
Editiounshaus Mediahuis Luxembourg
Websäit www.Wort.lu


Logoe vu fréier

D'Luxemburger Wort mam Ënnertitel für Wahrheit und Recht ass eng Lëtzebuerger Dageszeitung, déi den 23. Mäerz 1848 fir d'éischt erauskoum. Et ass déi eelst Zeitung zu Lëtzebuerg, déi haut nach erauskënnt, a mat ronn 68.000 Exemplairen (Stand 2010)[1] och déi mat der héchster Oplo. Se gouf vun hirer Grënnung bis 2021 vum Medienhaus Saint-Paul Luxembourg erausginn. Nodeems dat vum Grupp Mediahuis iwwerholl gi war, heescht de Verlag zanter dem 19. Juli 2021 Mediahuis Luxembourg S.A.[2]

Well d'Zeitung vun de Leit dacks och nëmmen einfach d'Wort genannt gëtt, hat si hiren Titel dowéinst de 17. Mäerz 2005 an d'Wort ëmgeännert, dhuet dat en 22. Mäerz 2008 awer nees réckgängeg gemaach. Die Warte / Perspectives, allgemeng als Die Warte bekannt, ass eng kulturell Bäilag déi all Donneschden am Luxemburger Wort läit.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Luxemburger Wort ass just 3 Deeg nom Ophiewe vun der Pressezensur am Däitsche Bond erauskomm, op Initiativ vum Oochener Johannes Theodor Laurent, Direkter vum Seminär an Apostolesche Vikar zu Lëtzebuerg. D'Aktionäre vun der Sankt Paulus Druckerei, déi dohanner stounge, ware kathoulesch Politiker an ee Geeschtlechen: Charles-Gérard Eyschen, Jean-Philippe-Christophe Würth, Jean-Mathias Neumann-Würth, Michel Jonas a Bernard Ambrosy. D'Redaktioun bestoung aus elauter Kleriker, Chefredakter war den Edouard Michelis. Et stoung a staarker Oppositioun zu der liberaler Regierung. Och mam Grand-Duc huet et sech ugeluecht ("Kann ein katholisches Volk durch einen protestantischen Fürsten gut regiert werden?" housch et an engem Artikel).

Vun 1848 bis 1864 koum d'Luxemburger Wort zweemol an der Woch eraus, mëttwochs a samschdes owes, mam Datum vum Dag drop. Nodeem d'Stempelsteier ofgeschaaft gouf, koum d'Zeitung mëttwochs, freides a samschdes eraus. Eréischt 1864 gouf et eng Dageszeitung.

Am Ufank vum 20. Joerhonnert huet d'Luxemburger Wort zu der Grënnung vun der Rietspartei bäigedroen. An der 2. Hallschent stoung et der CSV no. Dee ganze Kale Krich duerch hat et eng ferm anti-sowjetesch a pro-amerikanesch Haltung, déi keng Nuancen zougelooss hunn. Och vun der Haltung vun der Kathoulescher Kierch ass ni ofgewach ginn, a Glawensfroe souwisou, mä och a Gesellschaftsfroen. Eréischt zanter e puer Joer ass eng méi kritesch Haltung vis-à-vis vun der Regierungsaarbecht, un där d'CSV bedeelegt ass, festzestellen.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


De 4. Juli 2022 gouf déi lescht Editioun vum Luxemburger Wort zu Gasperech gedréckt. Vum 5. Juli 2022 un gëtt d'Wort an der Mediahuis-Dréckerei zu Paal-Beringen an der Belsch gedréckt an op Lëtzebuerg geliwwert, wou d'Post da fir d'Ausdeelen zoustänneg ass.[3]

Sëtz[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt 4 Jorzéngte hunn den Editeur an den Drécker vum Wort dacks gewiesselt. No der Grënnung vun der Sankt-Paulus-Dréckerei gouf dës, an och de Sëtz vun der Zeitung, an e Gebai op der Theaterplaz ënnerbruecht. Wéi dat ze kleng gouf, huet d'Luxemburger Wort en neit Gebai an der Siegfridstrooss (nom Zweete Weltkrich an Origer-Strooss ëmgenannt) um Plateau Bourbon am Garer Quartier an der Stad bezunn. An den 1950er Joren huet och dëst sech als ze kleng erwisen, an et gouf en neit Gebai an der Bourbonstrooss gebaut, deem säi Grondsteen den 1. Mee 1961 geluecht gouf an dat de 27. Februar 1965 ageweit gouf.[4]

1976 si Redaktioun, Verwaltung an Dréckerei an nei Raimlechkeetzen an de Gaasperecher Wise geplënnert, wou eng nei Offset-Dréckmaschinn a Betrib geholl gouf.

Mëtt 2021 ass d'Wort op den Houwald geplënnert[5], fir vun do am Dezember 2022 säi Sëtz an d'Hollerecher Strooss, nees am Garer Quartier, ze verleeën.

Zuelen[änneren | Quelltext änneren]

Oplo[änneren | Quelltext änneren]

Verkaaft Oplo, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel begleewegt gouf:[6]

uganks 2000 ... 2003 ... 4. Trimester 2008 0002. Tr. 2009000 0004. Tr. 2009000 0002. Tr. 2010000 0004. Tr. 2010000 ... 0002. Tr. 2012000
79.557 ... 74.623 ... 69.500 69.253 68.432 68.079 67.954 ... 67.301

Lieserstatistik[änneren | Quelltext änneren]

2005/2006 hunn, der Statistik vum TNS ILRES PLURIMEDIA no, duerchschnëttlech 47,1 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer d'(Luxemburger) Wort gelies. 2006/2007 waren et 46,50 %, 2007/2008 44,40 % an 2008/2009 43,20 %.[7] D'Zuele fir 2010 goufen net public gemaach.[8] 2011 waren et 43,20 %[9]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Dag 153 800 Leit iwwer 15 Joer d'Wort gelies, wat 32 % vun der Wunnbevëlkerung ausmécht.[10]

Pressehëllef[änneren | Quelltext änneren]

2011 huet d'Wort 1 516 769 € Staatlech Pressehëllef kritt.[11]

Chefredakteren[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Grégoire (1948): Hundert Jahre Luxemburger Wort. Sankt-Paulus-Druckerei A.G.)
  • Jean-Pierre Koltz (1973): "Die verschiedenen Häuser, in denen das ,Luxemburger Wort‘ im Laufe seines Bestehens gedruckt wurde". IN: Luxemburger Marienkalender 1973.
  • Wort 1848–1998 – 150 Jahre und kein bisschen alt. Editions Saint-Paul.
  • Georges Hellinghausen (1998): 150 Jahre Luxemburger Wort: Selbstverständnis und Identität einer Zeitung (1973-1998); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 472 S.
  • Léon Zeches (2014): "Fast so alt wie der Luxemburger Staat". in: ons stad Nr. 107, Dezember 2014.
  • Romain Hilgert (2018): "Die Gegenwart unseres Volkes wiederum an dessen Vergangenheit anknüpfen. Die größte und älteste Zeitung des Landes und ihre Eigentümer." d'Lëtzebuerger Land Nr.26, 29. Juni 2018, S.30-31.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Romain Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  2. "Saint-Paul Luxembourg heißt jetzt Mediahuis Luxembourg." wort.lu, 20.07.2021.
  3. Mediahuis Luxembourg, Die letzte "Wort"-Ausgabe aus Gasperich, gekuckt de 4 Juli 2022
  4. Marc Willière: "Das Wort ist wieder am Bahnhof zu Hause." wort.lu, 22.03.2023.
  5. Romain Hilgert: "Hinderliche Rotationsmaschinen." d'Lëtzebuerger Land Nr.28, 16.07.2021, S.5.
  6. Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg, 1704-2004, Luxembg. 2004, S.226; Dees.: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäilag Communication, S. 10; dees.:"Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5 an dees.: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäilag Communication, S.8; dees.: "Der zögerliche Absched der Parteiblätter." d'Lëtzebuerger Land Nr.38., 21. September 2012, S.6.
  7. Rapport d'activité 2009 vum Staatsministère, S.24.
  8. R. Hilgert: "Die Krise ist angekommen." d'Lëtzebuerger Land Nr.39, 1.Oktober 2010, S.5.
  9. Ministère d'Etat: Rapport d'activités 2011, S.22.
  10. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.
  11. Rapport d'activités 2011 vum Staatsministère S. 20-21.
  12. Léon Zeches: "Fast so alt wie der Luxemburger Staat." in: ons stad Nr. 107, 2014, S.16-23.
  13. "Neue Führungsmannschaft: Luxemburger Wort hat neuen Direktor und neuen Chefredakteur." wort.lu, 31.12.2009 10:12.
  14. "Nouvelle rédaction en chef." Presse-Communiqué vum Luxemburger Wort, 25.09.2017, op rtl.lu.