ons stad

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft ons stad. Fir déi südafrikanesch Wochenzeitung mam selwechten Numm, kuckt wgl. Ons Stad (Südafrika).

ons stad ass eng Zäitschrëft déi vun der Gemengeverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg editéiert gëtt an an enger Oplo vu mëttlerweil 54.000 Exemplairen dräimol am Joer gratis un d'Stéit vun der Stad Lëtzebuerg verdeelt gëtt[1].

Et handelt sech ëm eng Kulturzäitschrëft mat historeschen a kulturellen Artikelen zu der gesellschaftlecher Entwécklung vun der Stad, woubäi all Nummer een thematesche Schwéierpunkt huet.

Déi éischt Nummer koum am Juni 1979 eraus.[2] Vun 1981 bis 2016 war de René Clesse Redakter vun der Zäitschrëft.Vu September 2016 bis 2018 war dat d'Christiane Grün. Zanter November 2018 (Stand 03/2021) ass d'Simone Beck verantwortlech Coordinatrice vun ons stad. Si schafft mat engem Redaktionskommitee zesummen, deen aus der Astrid Agustsson (Public relations vun der Stad Lëtzebuerg), der Christiane Sietzen (Kulturcoordinatrice vun der Stad) an dem Guy Thewes (Direkter vun de Stater Muséeën) zesummegestallt ass.[1]

D'Zäitschrëft am DIN A4-Format ass a Quadrichromie op Couchéspabeier gedréckt. Ufank Dezember 2009 ass ons stad online gaangen: all Nummeren, vun 1979 un, kënnen um Spaweck virtuell duerchbliedert ginn. Och d'Erofluede vun den Artikelen ass méiglech.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Haaptsäit vun der Websäit onsstad.lu (fir d'lescht gekuckt 2021-03-10)
  2. r.cl. (René Clesse): Dreißigster Geburtstag von ons stad. ons stad Nr 91 Juli 2009, S. 1.