Lëtzebuerg (Stad)

Vu Wikipedia
Lëtzebuerg
d'Stadhaus um Knuedler
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Luxembourg
de: Luxemburg
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 132.780
  1. Januar 2023
Fläch 5 173 ha
Héicht 304 m
Koordinaten 49° 36’ 39’’ N
      06° 07’ 51’’ O
LAU-Code LU0304
Websäit https://www.vdl.lu/en
D'Gemeng Lëtzebuerg (orange)
am Kanton Lëtzebuerg (rout)

Lëtzebuerg, am Volleksmond dacks just d'Stad genannt, ass eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied an d'Haaptstad vum Groussherzogtum Lëtzebuerg. Si ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen a mat 132.780 Awunner (1. Januar 2023) déi Gemeng mat der héchster Bevëlkerung am Land. Den 23. Oktober 2012 hat si d'100.000 Awunner iwwerschratt a gouf domat zu enger Groussstad[1].

D'Stad Lëtzebuerg läit um Zesummefloss vun der Uelzecht an der Péitruss. Hir Geschicht geet bis an d'Réimerzäit zeréck, a si gouf wéinst hirer Festung, déi zanter dem Ufank vun der Neizäit bis 1867 bestoung an ëmmer méi ausgebaut gi war, "Gibraltar vum Norden" genannt.

Lëtzebuerg ass nieft Bréissel a Stroossbuerg Verwaltungssëtz vun der Europäescher Unioun. Donieft ass d'Stad eng vun de gréisste Finanzplazen an Europa[2].

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm d'Alstad, den historeschen Zentrum vun der Stad, leien no Norden, Osten a Süden hi 30–50 m déif Däll, déi vun der Péitruss an der Uelzecht an de Sandstee gegruewe goufen.

D'Quartieren an der sougenannter Ënnerstad sinn de Gronn, Clausen an de Pafendall. No Westen erstreckt sech hanner dem Stadpark, deen op der Plaz vun de Festungsmaueren ugeluecht gouf, e Plateau, deen iwwer de Glacis an de Lampertsbierg iwwergeet. Weider westlech leien d'Quartiere Belair a Märel. Nordwestlech vum Zentrum leien de Rollengergronn an d'Millebaach.

A südwestlecher Richtung vum Zentrum läit Zéisseng. No Süden, déi Säit dem Péitrussdall, dee vun der Neier an der Aler Bréck iwwerspaant gëtt, leien d'Quartiere Gare, Bouneweg-Nord/Verluerekascht a Bouneweg-Süd. Weider südlech leie Gaasperech an Hollerech.

Ëstlech vum Zentrum, déi Säit der Uelzecht, ass de Plateau vum Kierchbierg, och Europäesche Quartier genannt. E bësse méi südlech dovu leien d'Neiduerf a Weimeschhaff, den Zens an Hamm. Tëscht dem Garer Quartier an dem Zens läit d'Polvermillen.

Am Norde leien, dem Laf vun der Uelzecht no, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng a Beggen.

Panorama Alstad, vun der Tréierer Strooss op der Rumm aus gesinn.
Vue op d'Stad vum Joan Blaeu, 1649.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn zu Réimerzäite sinn do, wou haut d'Stad Lëtzebuerg ass, zwou Réimerstroossen, de Kiem vun Arel op Tréier an eng Niewestrooss (diverticulum) vun där vu Metz op Tréier, zesummekomm. An der Spéitréimescher Zäit gouf um Bockfiels eng kleng Festungsanlag gebaut, fir engersäits d'Strooss an d'Bréck iwwer d'Uelzecht ze sécheren, an, anerersäits, fir de Germanen hir Incursioune sou wäit wéi méiglech ze stoppen. Am fréie Mëttelalter stoung vun där Anlag net méi vill, mä d'Plaz gouf "kleng Buerg" genannt. Dësen Numm gouf als Lucilinburhuc an an engem Tauschdokument eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt: Duerch en Tosch mat der Tréierer Abtei St. Maximin huet den Ardennergrof Siegfried I. ëm d'Joer 963 Lännereien zu Lëtzebuerg getosch (dësen Tosch gouf méiglecherweis de 17. Abrëll 987 festgehalen). Hien huet du säi Schlass um Bockfiels gebaut.[3]

987, huet den Äerzbëschof vun Tréier, den Egbert (977-993), fënnef Altär an der Erléiserkierch (haut Méchelskierch) geweit.[4] Op der Kräizung vun de Réimerweeër bei der Kierch ass e Maart entstanen (den haitege Fëschmaart), ronderëm dee sech eng Uertschaft entwéckelt huet.

Mä schonn ier déi éischt Haiser ëm den haitege Fëschmaart entstane sinn, hu Leit am Gronn, a virun allem zu Weimeschkierch gewunnt. Zu Weimeschkierch hat d'Abtei Sankt Maximin zanter dem 9. Joerhonnert eng gréisser Grondherrschaft (926 gouf et do 6 Millen).[5]

Wéinst hirer Lag, souwuel geopolitesch wéi topographesch gesinn, hat d'Stad Lëtzebuerg zanter hirem Bestoen eng wichteg militärstrategesch Bedeitung. Am 10. Joerhonnert gouf schonn déi éischt Befestegung gebaut. Um Enn vum 12. Joerhonnert, wéi d'Stad sech ëmmer méi no Westen hin ausgebreet huet, koum eng 2. Festungsmauer dobäi (D'"Rue du Fossé" war de Festungsgruef zu där Mauer). Deemools gouf d'Nikloskierch gebaut, an en neie Maart (den haitege Krautmaart) koum bäi. 1221 gouf bei der Uecht-Paart am Westen en Hospiz gebaut, deem seng Gestioun de Walram vu Limbuerg dem Däitschhärenuerden iwwerdroen huet. Dëst gouf en hallef Joerhonnert drop an de Gronn transferéiert.

Am Spéitmëttelalter goufen e puer weider Kléischter gegrënnt: géint 1234 hunn op der Schadeburg (dem haitegen Helleg-Geescht-Plateau) fromm Biergerinnen e Muedeléine-Klouschter opgemaach, dat ëm 1264 an de Klarissenuerden opgeholl gouf; och d'Franziskaner hu sech virun der deemoleger Stadsmauer néiergelooss, zu Bouneweg goung e Klouschter op, dat sech ëm leprakrank Leit gekëmmert huet, a spéider a sech méi spéit den Zisterzienser ugeschloss huet. 1292 dann hunn hunn d'Dominikaner sech nordëstlech vun der Buerg installéiert.[6]

Am Ufank vum 14. Joerhonnert hat d'Stad eppes iwwer 900 Stéit, deemno ronn 5.000 Awunner.[7] Se war dunn ongeféier 5 Hektar grouss. 1340 huet de Jang de Blannen e Joermaart grënne gelooss, dee bis haut besteet: d'Schueberfouer.

Den 30. Juni 1509 gouf et e grousst Feier an der Uewerstad, dat 5-6 Deeg gebrannt huet, an eng 180 Haiser, dorënner d'Méchelskierch, zerstéiert huet.[8]. E puer Joerzéngten duerno, am Summer 1554, ass duerch e Blëtzschlag d'Polvermagaseng am Verwëllef vun der Franziskanerkierch explodéiert, an duerch d'Feier dat doduerch entstanen ass, alt nees e groussen Deel vun der Uewerstad verbrannt. Dofir gëtt et kaum mëttelalterlech oder gotesch Stilelementer, déi an der Architektur vun der Stad erhale wieren.[9]

Festung[änneren | Quelltext änneren]

Géint 1340, ënner dem Jang de Blannen, sinn nei Festunge gebaut ginn, déi zum Deel bis 1867 stoungen. Déi verschidden Hären a Meeschteren (Burgunder, Spuenier, Habsburger, Fransousen a Preisen) hunn an de Joerhonnerten duerno d'Festung ëmmer méi ausgebaut a se zu enger vun deene stäerksten an Europa gemaach.

Am 17. Joerhonnert hunn d'Spuenier déi éischt Kasematte gebaut. Se goufen ënner dem Vauban ausgebaut a 1730-1740 vun den Éisträicher nach eng Kéier vergréissert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Festung Lëtzebuerg.

1795, ass Lëtzebuerg vu Frankräich annexéiert ginn, d'Stad gouf Prefektur vum Département des Forêts. 1815 gouf d'Stad zu enger "Bundesfestung", an där preisesch Truppe stationéiert goufen. Gläichzäiteg gouf d'Land pro forma als Groussherzogtum nei erschafen, mam Wëllem I. vun Holland als Groussherzog.

Nom Traité vu London vun 1867 huet d'Festung missen ofgerappt an dem Buedem gläich gemaach ginn. Et huet 16 Joer gedauert, bis dës Aarbechte méi oder manner ofgeschloss waren. Se hunn 1,5 Millioune Goldfrang kascht. Op en Deel vun de fréiere Festungsanlage sinn nei breet Stroossen (Boulevard Royal, Boulevard du Prince Henri) an de Stater Park ugeluecht ginn. Elo konnt d'Stad sech no alle Säiten ausbreeden. De Plateau Bourbon, mat der Alstad iwwer d'Nei Bréck (gebaut 1900-1903) verbonnen, war ee vun den éischten neie Quartieren, déi sou entstane sinn.

1920 hunn d'Gemengen Eech, Hamm, Hollerech a Rollengergronn mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.

Spuere vun der Zäit 1940-1945[änneren | Quelltext änneren]

Den houfrege Wiert mat Wuechthond viru sengem «Arier-Lokal».

A Stroossen an op Haiser si bis haut d'Spuere vum Naziregimm zu Lëtzebuerg ze gesinn[10],[11].

D'Plëss d'Arem steet souwuel fir den Ufank vum Naziregimm, wéi fir d'Enn: de 6. August 1940 ass de Gauleiter Gustav Simon fir d'éischt op dëser Plaz opgetrueden an den 10. September 1944 hunn d'Lëtzebuerger op der selwechter Plaz déi 5. amerikanesch Panzerdivisioun zesumme mam Prënz Felix als Befreier vu Lëtzebuerg gefeiert.

An der Philippsgaass op Nr. 19 war deemools de Café de la Poste. Hei gouf schonn Enn 1933 de Grondstee fir déi éischt ëffentlech Juddefeindlechkeet geluecht, andeems e Schëld Judenfreies Lokal ubruecht gouf. Den amerikanesche Schrëftsteller Henry Miller huet zu deem Zäitpunkt d'Lokal zoufälleg entdeckt an d'Situatioun a sengem Buch Quiet days in Clichy beschriwwen. Vis-à-vis op Nr. 28 an der Philippsgaass steet d'Gebai vun Commissariat au Rapatriement, deen 1944 an d'Liewe geruff gouf, fir déi Dausende vu Lëtzebuerger Krichsgefaangener nees heemzebréngen oder déi stierflech Iwwerreschter vun deenen, déi ëmkomm sinn an do wou Grafsteng bekannt waren, dës op Lëtzebuerg ze verleeën.

An der Monterey-Avenue, war den ale Sëtz vun der Haaptpostverwaltung. An der Zäit vun der däitscher Besatzung koum d'Post ënner d'Obhut vum Reichspostdirektor vun Tréier. Haut erënnert nach eng stenge Plack mat engem bronze Relief un déi 26 Postbeamten, déi am Krich gefall sinn, awer och un de Proteststreik vun enger Rei Postler den 1. September 1942 géint d'Aféierung vun der Wehrpflicht.

Plack an der Ënneschtgaass

An der Ënneschtgaass erënnert eng Plack um Gebai vum Educatiounsministère un déi zweet Stater Synagog, déi am Hierscht 1943 vun den Nazien ofgerappt gouf.

An der Avenue Marie-Thérèse op Nr. 3 stoung dat aalt Bëschofshaus. Den deemolege Bëschof Phillippe war déi eenzeg Lëtzebuerger Autoritéit, déi d'Land am Krich net verlooss hat an dee seng Plaz no der Besatzung hale konnt. Op Nr. 5, am bëscheefleche Konvikt war an der Besatzungszäit en däitscht Lazarett.

Nieft der Aler Bréck steet e Fräiheetsstee fir un d'Befreiung vu Lëtzebuerg, der Belsch a Frankräich duerch d'US-Zaldoten z'erënneren.

Erënnerungsplack.

Um Boulevard de la Pétrusse, ass op Nr. 57 de Centre de documentation et de recherche sur la Résistance. An dësem Gebai, dat och als Villa Pauly bekannt ass, war vun 1940 bis 1944 de Sëtz vun der Gestapo, der Geheimer Staatspolice. Dëst Gebai, an deem och gefoltert gouf, ass d'Symbol vun der Terrorherrschaft vum Naziregimm zu Lëtzebuerg.

Dat markantst Monument an der Stad ass wuel d'Gëlle Fra. Den 21. Oktober 1940 gouf si vun den Nazien, ënner Protest vun de Lëtzebuerger, ofgerappt.

An der haiteger d'Nationalbibliothéik war bis 1964 de Kolléisch. Vill Schüler goufen zwangsrekrutéiert.

Am Stadhaus um Knuedler erënnert an der Entrée eng kleng bronze Plack un d'Grënnung vun der Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen.

Nom Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Festsall vum Stadhaus um 1. Stack gouf den 10. September 1952 d'Lëtzebuerger Ofkommes ënnerschriwwen, den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermord un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschland iwwerholl huet.

1952 gouf d'Stad Lëtzebuerg, laang Zäit just provisoresch, Sëtz vun der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol. Bis 1981 goufen do och verschidden Deel-Sessioune vum Europäesche Parlament ofgehalen. D'Stad ass weiderhi Sëtz vu villen Organer vun der Europäescher Unioun, dorënner den Europäesche Geriichtshaff, den Europäesche Rechnungshaff, d'Europäesch Investitiounsbank, den Europäeschen Investmentfong, d'Sekretariat vum Europaparlament, Eurostat an den Europäesche Stabilitéitsmechanismus

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Sëtz vun den europäeschen Institutiounen.

Entwécklung vun der Stad iwwer en halleft Joerdausend[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad haut.[12]

Quartiere vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg ass a 24 Quartieren[13] agedeelt:

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Zesummesetzung vum Gemengerot zënter 2023

Gemeng Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg huet 27 Memberen. Et gëtt zanter 2017 siwe Schäffen.

Zanter dem 17. Dezember 2013 ass d'Lydie Polfer (DP) Buergermeeschtesch. D'DP hat vun 2005 bis 2017 an enger Koalitioun mat deene Gréngen d'Majoritéit am Gemengerot. Vun 2017 un ass et an enger Koalitioun mat der CSV.

Zesummesetzung

Joer ADR CSV DP gréng KPL Lénk LSAP PPLU Fokus Vollek
... ... ... ... ... ... ... ... - - -
1999 2 6 11 2 0 1 5 - - -
2005 1 6 11 5 0 0 4 - - -
2011 1 5 10 5 0 2 4 - - -
2017 1 7 9 5 0 2 3 0 - -
2023 1 6 10 5 - 1 3 1 0 0

Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu. Fett: Majoritéits-Koalitioun, déi de Buergermeeschter a Schäfferot stellt.

Schäfferot zanter de Gemengewale vun 2023[14]

Buergermeeschter/Schäffen Partei Stëmmen Remarque / Ressorten
Lydie Polfer DP 15 212 Buergermeeschtesch; Gemengeverwaltung, Kommunikatioun, Kultur, Stadentwécklung, Sécherheet
Maurice Bauer CSV 8 558 Klima an Ëmwelt, Architektur, Stadentwécklung (zesumme mat der Lydie Polfer), ëffentlech Plazen
Patrick Goldschmidt DP 12 410 Mobilitéit, Fêtes et marchés, Digitalisatioun, Hygiène, Biens, Topographie
Corinne Cahen DP 11 328 Action sociale, Eeler Leit, Persoune mat spezifesche Besoinen, Logement, politesch Integratioun
Simone Beissel DP 11 032 Sport a Fräizäit, Infrastrukturen, nei Konstruktiounen
Laurent Mosar CSV - Finanzen, Commerce an Tourismus, Chancëgläichheet, Jonktem
Paul Galles CSV 8 073 Enseignement, Crèchen, Schoulfoyeren

44 863 Wieler waren ageschriwwen[15]

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Buergermeeschtere vun der Stad Lëtzebuerg.

Haaptstad vum Land[änneren | Quelltext änneren]

Als Haaptstad vum Land hunn och all konstitutionell Organer a vill staatlech Administratiounen do hire Sëtz: d'Chamber, de Staatsrot, de Groussherzog (Groussherzogleche Palais), d'Regierung an déi verschidde Ministèren, d'Justizorganer (an der Cité judiciaire).

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung am Originaltext:

d'argent à cinq burelles d'azur au lion de gueules couronné d'or brochant, l'écu timbré d'une couronne d'or.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC

Zanter 2012 ass d'Stad Lëtzebuerg eng Groussstad, well si vun do u méi wéi 100.000 Awunner huet.[1] Enn 2016 waren 114.090 Leit an der Stad ageschriwwen, dovun 80.788 Net-Lëtzebuerger. Dat si 70,81% vun der Populatioun.[16] Vun den 163 Nationalitéiten, déi an der Bevëlkerung vertruede waren, koumen 105.216 (92,77%) Awunner aus Europa. 4.113 (3,28 %) vun den Awunner waren aus Asien, 2.457 (2,06%) aus Amerika, 2.111 (1,75%) aus Afrika an 102 (0,09%) aus Ozeanien. Fir 54 Awunner (0,04%) war hir Nationalitéit onbestëmmt a 37 Persounen (0,01%) waren Apatriden[16].

Zum selwechten Zäitpunkt war déi männlech Populatioun (58.398 also 51,19%) liicht an der Iwwerzuel par Rapport zu de Fraen (55.692 deemno 48,81%).

2016 sinn an der Stad Lëtzebuerg 1.258 Kanner gebuer ginn (321 Lëtzebuerger an 937 Auslänner) an am selwechte Joer si 570 Leit gestuerwen (419 Lëtzebuerger an 151 Auslänner)[16].

Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Nationalitéit[16][änneren | Quelltext änneren]

Rang Nationalitéit Awunner Prozent Rang Nationalitéit Awunner Prozent
1 Lëtzebuerg 33.302 29,19 10 Griicheland 1.651 1,45
2 Frankräich 19.581 17,16 11 Polen 1.496 1,31
3 Portugal 13.024 11,42 12  USA 1.119 0,98
4 Italien 7.821 6,86 13 China 1.035 0,91
5 Belsch 4.617 4,05 14 Schweden 998 0,87
6 Däitschland 3.925 3,44 15 Holland 919 0,81
7 Spuenien 3.317 2,91 16 Indien 872 0,76
8 Vereenegt Kinnekräich 2.248 1,97 Aner Nationalitéiten 16.339 14,32
9 Rumänien 1.826 1,60 Total 114.090

Stand: Dez. 2016.

Awunner vun der Stad Lëtzebuerg no Quartier[16][änneren | Quelltext änneren]

Quartier Total % Lëtz.[17] % Ausl.[18] Quartier Total % Lëtz.[17] % Ausl.[18]
Beggen 3.455 29,51% 70,49%
Belair 11.285 29,83% 70,17% Lampertsbierg 10.407 25,00% 75,00%
Bouneweg-Nord/Verluerekascht 4.172 27,83% 72,17% Märel 5.381 27,06% 72,94%
Bouneweg-Süd 12.429 33,29% 66,71% Millebaach 1.788 31,49% 68,51%
Clausen 980 24,80% 75,20% Neiduerf/Weimeschhaff 5.940 24,41% 75,59%
Dummeldeng 2.558 29,12% 70,88% Pafendall 1.252 39,38% 60,62%
Eech 2.735 26,07% 73,93% Polvermillen 344 32,56% 67,44%
Gaasperech 5.699 36,43% 63,57% Rollengergonn/Belair-Nord 4.301 26,76% 73,24%
Gare 10.330 15,61% 84,39% Uewerstad 3.517 32,73% 67,27%
Gronn 969 40,56% 59,44% Weimeschkierch 2.288 27,01% 72,99%
Hamm 1.445 44,91% 55,09% Zéisseng 4.168 37,55% 62,45%
Hollerech 6.886 24,55% 75,45% Zens 6.262 50,72% 49,28%
Kierchbierg 5.499 21,13% 78,87% Total 114.090 29,19% 70,81%

Stand: Dez. 2016.

Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]

D'Ekonomie vun der Stad Lëtzebuerg berout virun allem op de Servicer. Eng besonnesch Roll spillt se als international Finanzplaz: Iwwer 150 Banken a soss Finanzinstituter sinn do aktiv.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Finanzplaz Lëtzebuerg.

Zu deene bekanntsten international aktive Firme mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg zielen Arcelor Mittal an d'RTL Group. Och den Handel spillt eng wichteg Roll.

De Sekundärsecteur do dergéint ass, nodeem d'Luxlait hir Molkerei 2009 geplënnert, Villeroy & Boch seng Fabrick 2010 zougemaach, an Heintz Van Landewyck 2017 seng Fabrick an d'Nordstad geplënnert hat, kaum nach vertrueden. Wat de Primärsecteur betrëfft: 2012 gouf et nach een eenzege landwirtschaftleche Betrib an der Stad, an zwar zu Märel.[19]

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Als Haaptstad a gréisst Stad am Land huet d'Stad Lëtzebuerg och verkéierstechnesch eng zentral Roll.

D'N3 viru der Stater Gare, mat der Tramslinn T1

Loftverkéier[änneren | Quelltext änneren]

De Fluchhafe Lëtzebuerg läit um Findel, an der Gemeng Sandweiler, 6 km vun der Stad ewech. Als internationale Fluchhafe bestinn direkt Linne mat diversen europäesche Stied.

Stroosseverkéier[änneren | Quelltext änneren]

8 Nationalstroosse gi stralefërmeg vun der Stad aus fort: d'N1, d'N2, d'N3, d'N4, d'N5, d'N6, d'N7 an d'N11. D'Autobunnen A1, A3, A4 an A6 féieren an d'Stad, respektiv sinn Deel vum Contournement vun der Stad. Si sinn, ausser der A4, un d'Autobunnsnetz vun den 3 Nopeschlänner ugebonnen.

Ëffentlechen Transport[änneren | Quelltext änneren]

Eisebunn[änneren | Quelltext änneren]

An der Stater Gare lafe verschidden Eisebunnslinnen zesummen:

Iwwer déi Linnen huet d'Stater Gare Uschloss un d'Linn 35 vum däitschen InterCity-Netz, déi vun Tréier bis an den Hafe vun Norddeich an Ostfriesland féiert, un d'TGV-Netz vun der franséischer SNCF mat enger direkter Verbindung op Paräis, op Léck mat dem InterRegio m, op Bruxelles-Midi mam dem InterCity J, op Nanzeg mat de Regionalexpresse vum TER Loutrengen, an op Nice respektiv Portbou iwwer den Lunéareseau.

Ausser der Haaptgare gëtt et nach e puer méi kleng Garen um Stater Territoire: déi vun Hollerech, Dummeldeng an Zens-Hamm, an zanter Enn 2017, déi vum Kierchbierg-Pafendall.

Pläng fir eng grouss nei Gare bei Zéisseng koumen an den 2000er Joren op; zanter der zweeter Hallschecht vun den 2010er Joren ass dovun awer näischt méi ze héieren.

Bussen[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Lëtzebuerg bedreift, mat hirer Gesellschaft Autobus de la Ville de Luxembourg, en eegent Busnetz, bei deem eng 150 Bussen op 32 Linnen déi verschidde Quartieren ofdecken. Ausserdeem fuere ronn 120 Linne vum RGTR d'Stad Lëtzebuerg un.

Tram[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1964 gouf et en Tram an der Stad. Wéinst dem ëmmer méi héijen Autosverkéier gouf et zanter den 1990er Jore Pläng, en nees anzeféieren. Deen éischte Projet, "BTB" genannt, deen Trams- an Zuchreseau hätt sollen uneneen uschléissen, fir sou e méi grousst Anzuchsgebitt ofzedecken[20] ass wéinst dem Widderstand vun der Stater DP uganks 2000 op Äis geluecht ginn.

An de Joren duerno gouf un enger méi klenger Léisung laboréiert, déi d'Gare mam Kierchbierg soll verbannen. Am Juni 2012 huet d'Chamber dësem Projet zougestëmmt, deen zu 2/3 vum Staat an 1/3 vun der Stad finanzéiert soll ginn. Am Dezember 2017 gouf dat éischt Deelstéck vun der neier Tramslinn, provisoresch vun der Luxexpo bis bei d'Rout Bréck, a Betrib geholl. Zanterhier gouf se Stéck fir Stéck weider ausgebaut, bis ëm 2023/24 den definitiven Tracé, vum Fluchhafe Findel bis bei de Stadion, fäerdeg ass. 2024 goufen d'Pläng fir eng zweet Linn gesetzlech op de Wee bruecht.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Stater Tram.

Vëloslocatiounssystem[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem Mäerz 2008 gëtt et e Vëlo-Locatiounssystem, Vel'oH! genannt, dee vun enger privater Firma ënner Konzessioun bedriwwe gëtt, a bei deem een op enger 125 verschiddene Plazen e Vëlo ausléinen an op enger anerer nees ofstelle kann.

Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]

D'Philharmonie

An der Stad Lëtzebuerg gëtt et eng sëllege Muséeën an Ausstellungen: Der Stad ënnerstallt sinn d'Villa Vauban an de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg. Staatlech Muséeën um Territoire vun der Stad sinn den Nationalmusée fir Naturgeschicht, de MUDAM, den Nationalmusée um Fëschmaart an de Festungsmusée. Déi zwee leschtgenannt gehéieren zum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht. Z'ernimme sief och nach d'Galerie Am Tunnel, déi vun der Spuerkeess bedriwwe gëtt an de Biergercasino. 2016 huet de Regierungsrot gréng Luucht ginn, fir am Gebai vum Alen Atheneum, wou bis Hierscht 2018 d'Nationalbibliothéik dra war, e Musée fir modern Konscht vu Lëtzebuerg z'amenagéieren.

D'Stad Lëtzebuerg bedreift zwéi Theatersäll: de Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg an de Kapuzinertheater. Weider Theaterensembelen, déi jeeweils eege Säll an der Stad hunn, sinn de Kasemattentheater, den Théâtre du Centaure, den Théâtre national du Luxembourg an den TOL.

Zu de Concertssäll um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg zielen d'Philharmonie, de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an Den Atelier.

Vill Kinoen an der Stad hunn an deene leschte Joerzéngten zougemaach, haut gëtt et nach den "Artplex" Utopia um Lampertsbierg an de Multiplex Kinepolis um Kierchbierg, déi allebéid vum Kinepolis Group bedriwwe ginn, an d'Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg, déi der Stad ënnersteet.

Zu de weidere Kulturariichtungen an der Stad ze ziele sinn d'Nationalbibliothéik an Nationalarchiv, zwou staatlech Institutiounen, an och d'Archiv, d'Bibliothéik an d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg, souwéi eng Rëtsch privat Galerien, net ze vergiesse Gebaier wéi d'Coque, de Kulturzentrum Neimënster, den Espace culturel Cité oder de Carré Rotondes, wou reegelméisseg kulturell Evenementer opgefouert ginn.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Lëtzebuerg ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Auszeechungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

De Cercle op der Plëss
D'Nei Bréck iwwer de Péitrussdall

Bemierkenswäert Beem[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Pauly, 2012: "Von Weimerskirch nach Luxemburg: Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg im Mittelalter." In: ons stad 99, 2012, S. 4-9. [Baséiert op: Michel Pauly: "Die topographische Entwicklung der Stadt Luxemburg von den Anfängen bis zum Beginn des 16. Jahrhunderts", in: Leben im Mittelalter: Luxemburg, Metz und Trier. Studien zur mittelalterlichen Stadtgeschichte und -archäologie (Publ. scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, t. II), Luxemburg 1998, S. 7-31, wou och weider Literaturreferenze sinn. Net ze vergiessen eng méi fréi Publicatioun déi zäitlech méi enk gezunn ass an déi eenzel Hypothesen diskutéiert: Michel Pauly a Michel Margue, 1987: "Saint-Michel et le premier siècle de la ville de Luxembourg", in: Hémecht, 1987, Heft 1, S. 5-83.]
  • Engelhardt, Friedrich Wilhelm, 1850. Geschichte der Stadt und Festung Luxemburg: seit ihrer ersten Entstehung bis auf unsere Tage, mit besonderer Rücksicht auf die kriegsgeschichtlichen Ereignisse, nebst Plan der Stadt und statistischer Einleitung
  • Sonja Kmec, 2008. Gibraltar des Nordens. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 267-272. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
  • Guy Thewes, 2008. La silhouette de la ville. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 253-258. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

Fotoalbum vun der Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]


Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerg (Stad) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 "100.000 Einwohner: Luxemburg-Stadt ist jetzt Großstadt." tageblatt.lu, 24. Oktober 2012 11:36; Akt: 24.10.2012 15:50
  2. Bericht vun der City of London Global Financial Centres (gekuckt den 20. Mee 2015)
  3. Pauly 2012 an der Literatur, S.5.
  4. Pauly 2012, S.5.
  5. Pauly 2012, S.4.
  6. Pauly 2012, S.7-8.
  7. Pauly 2012, S.8.
  8. Pauly, 2012, S.9.
  9. Zuele vum Biergerzenter. In: Jean Ensch: "Von Zahlen und Menschen." ons stad 99/2012], S.20-25.
  10. André Hohengarten, Die Nazi-Gewaltherrschaft in Luxemburg-Stadt, in: ons stad, Nr. 71, 2002.
  11. LCTO, Spurensuche Zweiter Weltkrieg
  12. Quell: http://www.openstreetmap.org/export/embed.html?bbox=6.0653,49.5595,6.205,49.661&layer=mapnik
  13. Les 24 quartiers de la Ville. vdl.lu (2020). Gekuckt de(n) 12.07.2020.
  14. (lb)Stater Schäfferot: Zwee nei Memberen an e puer Ännerungen an de Ressorten. www.rtl.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  15. (lb)RTL - Gemengewalen. RTL. Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  16. 16,0 16,1 16,2 16,3 16,4 Statistiques sur la Ville de Luxembourg - État de la population 2016 (gekuckt den 21. Februar 2017)
  17. 17,0 17,1 Lëtzebuerger
  18. 18,0 18,1 Auslänner
  19. Elisabeth Boesen: "Es gibt noch Bauern in der Stadt." ons stad 99, 2012, S.44-47.
  20. D'LuxTraffic-Etüd gouf am November 1994 virgestallt, vgl.Michel Pauly: "Wann kommt BahnHybrid?" forum Nr. 166/Mäerz 1996, S.27-30.